Australien

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Commonwealth of Australia
Fändel vun Australien Wopen
(Detailer) (Detailer)
National Devise: keng
AustraliaWorldMap.png
Offiziell Sprooch Englesch
Haaptstad Canberra
Gréisst Stad Sydney
Monarch Elizabeth II.
Gouverneur Michael Jeffery
Premier Minister Tony Abbott
Awunner

 - Total (Stand: 2005)
 - Dicht

53. an der Weltranglëscht

20,3 Mio
2,6 /km²

Fläch

 - Total
 - Lëscht vun de Länner no Fläch

7.692.030 km²
Op 6. Plaz 
Onofhängegkeet
- Constitution Act
- Statut vu Westminster
- Australia Act

Vu Groussbritannien:
1. Januar 1901
Dezember 1931
3. Mäerz 1986

Währung Australeschen Dollar
Zäitzone UTC +8 bis +11
Nationalhymn Advance Australia Fair Lauschtert
Internet .au
Internationalen Telefonsprefix 61
Satelittebild vun Australien

Australien, offiziell Commonwealth of Australia, ass e Staat um australesche Kontinent tëscht dem Indeschen Ozean an dem Südpazifik, am Südoste vun Asien. Zesumme mat der Nopesch-Insel Tasmanien bilt en de Commonwealth of Australia, en autonomen Deel vum Commonwealth of Nations.

Australien breet sech iwwer ongeféier 4000 km vum Kap Byrne vun Oste no Westen an iwwer 3700 km vum Kap York am Norde bis Tasmanien am Süden aus.

Zu Australien mat enger duerchschnëttlecher Héicht vun 300 m iwwer dem Mieresspigel gehéieren als wichtegst baussenzeg Gebidder Norfolk Island an Australian Arctic Territory.

D'Küst ass 36.735 km. laang.

Iwwer méi wéi 2000 km erstreckt sech de Great Barrier Reef vum südleche Queensland bis zum Golf vu Papua. Et ass eent vun de bedeitendste Mieresökosystemer a geschützte Liewensraum fir 1500 Fësch-, 4000 Weechdéier- a 400 Korallenaarten.

Aus dem Great Western Plateau, deen Deeler vu Queensland, Westaustralien a vum Northern Territory ëmfaasst, erhieft sech den Uluru (Ayers Rock), een 348 m héije Monolith vun 8 km Ëmfank. Den héchste Bierg, den 2.228 m héije Mount Kosciusko, läit laanscht d'Ostküst am Great Dividing Range.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geographie vun Australien Nuvola apps xmag.png

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Aus dem haitegen Indonesien koumen d'Aboriginies ongeféier 70.000 - 50.000 v. Chr. op den australesche Kontinent an hunn en als éischt besidelt. Zu där Zäit muss hir Bevëlkerung aus ëm déi 300.000 Leit bestanen hunn. Si hunn d'ganzt Land bevëlkert a verschidde Sproochen a Kulturen entwéckelt.

Am 16. a 17. Joerhonnert hunn d'Spuenier, déi deemools déi gréisst Kolonialmuecht op der Welt waren, eng grouss Expeditioun aus dem Peru an de Süd-Pazifik geschéckt, mat der Hoffnung do op Gold ze falen. Wéi sech de Wonsch net erfëllt huet, hu se de Projet opginn, an hu sech vun deem Moment un och guer net méi mat dem Süd-Pazifik befaasst.

Em 1770 huet dunn de Kapitän James Cook d'Ostküst vun Australien erfuerscht a se fir déi britesch Kroun a Besëtz geholl.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geschicht vun Australien Nuvola apps xmag.png

Flora a Fauna[änneren | Quelltext änneren]

Oppassen, Känguruen

Duerch déi isoléiert Lag vun Australien si méi wéi 80 % vun den australesche Planzenaarten endemesch. D'Landschaft gëtt markéiert vu méi wéi 600 verschidden Zorte vun Eukalyptusbeem (95 % vun de Beembestänn). Et handelt sech ëm Akazien- an Eukalyptusaarten, déi do zu Honnerte virkommen. Op Grond vun der äerdgeschichtlecher Entwécklung liewen an Australien Beidelmamendéieren wéi Koalabieren, Känguruen a Urmamendéieren (Protheria) déi Eeër leeën, wéi zum Beispill d'Schnieweldéieren, (Ornithorhynchidae) an de Seechomessekéisécker (Tachyglossidae).

Australien ass ausserdeem e Paradäis fir Insekten a Reptiller. Déi meescht sinn harmlos, mä verschidde Spannen a Schlaange sinn héich gëfteg a liewensgeféierlech. Schof, Päerd a Ranner ginn importéiert. 80 % vun de Mamendéieren, 47 % vun de Vullen, 89 % vun den Reptiller an 90 % vun de Spannendéieren an Insekte sinn eenzegaarteg.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Flora a Fauna vun Australien Nuvola apps xmag.png

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Australien huet e bicameralt Parlament, dat aus engem Senat mat 76 Senatoren, déi nom Verhältneswalrecht fir 6 Joer bleiwen, an engem Representantenhaus mat 148 Membere besteet, dat all 3 Joer mëttels Preferenzwalen nei gewielt gëtt.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Politik vun Australien Nuvola apps xmag.png

Staaten an Territoirë vun Australien[änneren | Quelltext änneren]

De Commonwealth of Australia besteht aus 6 Staaten: New South Wales, Queensland, Westaustralien, Südaustralien, Tasmanien, Victoria an zwéin Territoiren, Australian Capital Territory an Northern Territory.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Staaten an Territoirë vun Australien Nuvola apps xmag.png

Economie[änneren | Quelltext änneren]

Déi bedeitendst Exporter kommen aus der Landwirtschaft an aus dem Biergbau, z. B. Kuelen, Eisenäerz a Gold. D'Land ass ee vun de gréisste Randfleeschexporteuren. Gutt ee Véirel vun der ganzer Wollproduktioun vun der Welt kënnt aus Australien. 5 % vun der Bevëlkerung schafft an der Landwirtschaft, 25 % an der Industrie a 70 % am Dengschtleeschtungssecteur. De Bruttoinlandprodukt leit bei 30.623 US$ pro Awunner (Stand: 2005)

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Economie vun Australien Nuvola apps xmag.png

Demographie[änneren | Quelltext änneren]

95 % vun den Australier kommen aus Europa, 1,3 % sinn Asiaten, 2,2 % sinn indigène.

Déi meescht Immigrante kommen aus Neiséiland, Groussbritannien a China. Et gëtt all Joer duerchnëttlech 91.000 Awanderer. De Gebuertentaux leit bei 1,8 Kanner pro Fra.

Sproochen a Relioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Haaptsprooch ass Englesch, obschonn d'Australier och hiren eegenen "Aussie-Slang" benotzen. Donieft ginn nach weider 200 Sprooche geschwat.

74 % vun den Australier gehéieren der chrëschtlecher Reliounsgemeinschaft un.

Educatioun[änneren | Quelltext änneren]

De Schoulsystem vun Australien ass an d'Primärschoul an an d'Sekundärsschoul agedeelt. Schoulpflicht besteet vum 6. bis zum 15. Liewensjoer. Wien op d'Universitéit wëll goe muss 10 - 12 Joer an d'Schoul virdru gaange sinn. Déi eelst Universitéit, vun deenen 19, ass déi am Joer 1890 gegrënnten Universitéit vu Sydney.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Australia – Biller, Videoen oder Audiodateien