Nationalhymn

Vu Wikipedia

Eng Nationalhymn ass e Museksstéck, dat d'Staats- an d'Nationalgefill vun engem Land ausdrécke soll. Si gëtt meeschtens bei feierlechen Uläss gespillt, wéi zum Beispill bei engem Staatsempfang, ma och bei der Éierung vun Gewënner vu sportlechen Evenementer wéi zum Beispill bei den Olympesche Spiller.

Déi meescht Länner hunn zanter dem Ufank vum 19. Joerhonnert sou eng Nationalhymn entwéckelt, an déi meescht dovun hunn souwuel eng Melodie wéi och en Text, ma et gëtt der och, déi ouni Text gespillt ginn.

Et gëtt verschidde Bräich, wann d'Nationalhymn erkléngt, ma fir gewéinlech stinn d'Leit dobäi op. Munchmol gëtt d'Nationalhymn och matgesongen.

Wann de Gesellschaftssystem geännert gëtt, da wiesselt dacks och d'Nationalhymn.

E puer Staaten hu méi national Hymnen, woubäi zwar nëmmen eng déi offiziell Nationalhymn ass, ma déi aner an der Ëffentlechkeet déi selwecht staark Symbolkraaft huet an zum Deel och bei offiziellen Uläss gespillt ginn. E Beispill dofir ass Groussbritannien, wou sech nieft der Nationalhymn "God Save the King" och d'Hymnen "Rule Britannia" an "Land of Hope and Glory" etabléiert hunn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nationalhymnen – Biller, Videoen oder Audiodateien