Wilhelmus
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Hymn Wilhelmus. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Wilhelmus (Homonymie). |
De Wilhelmus ass d'Hymn vun de Groussherzoge vu Lëtzebuerg. E gëtt gespillt, wa bei enger Zeremonie e Member vum groussherzoglechen Haus ukënnt oder fortgeet.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Déi eelst schrëftlech Spuere vum Wilhelmus ginn op en Dokument mat Titel „Een Liedeken op de wijse van Condé“ aus dem 1574 zeréck, dat eréischt 1921 vum hollännesche Musikolog Fr. Kossmann erëm entdeckt a mam Wilhelmus a Verbindung bruecht gouf[1].
De Wilhelmus ass ursprénglech vun enger Sonnerie mat Trompetten oder enger Kavallerie-Fanfare inspiréiert ginn.[2][3]
De Wilhelmus an déi hollännesch Nationalhymn Het Wilhelmus hunn e gemeinsamen Ursprong. Den Text vu béide Hymne war bis 1915 identesch, well e sech op de Kinnek vun Holland bezunn huet, dee bis 1890 a Personalunioun och Groussherzog vu Lëtzebuerg war.
D'Melodie vum Lëtzebuerger Wilhelmus staamt vun der Melodie of, déi am Oude Geuzenlied dokumentéiert ass a 1581 gedréckt gouf.[3]
Bei enger Visitt vum Wëllem III. a senger zweeter Fra, der Emma vu Waldeck-Pyrmont am Joer 1883 zu Lëtzebuerg, ass dem Fielsser Philippe Manternach säi Marsch Vive le Roi! Vive la Reine! gespillt ginn, en Arrangement vun eisem Wilhelmus. Am Mee 1874 hat d'Philharmonie de Larochette ënner der Leedung vu Manternach eng grouss Feier fir dem Wëllem III. seng 25-järeg Herrschaft organiséiert. Et ass unzehuelen, datt de Manternach de Marsch fir dat Evenement geschriwwen hat.[4]
E puer Joer no der Visitt vum Wëllem III. ass de Wilhelmus gespillt gi fir de Grand-Duc Adolphe ze begréissen. Zu där Zäit war de Wilhelmus zesumme mat der Heemecht d'Nationalhymn vu Lëtzebuerg.
De lëtzebuergeschen Text
[änneren | Quelltext änneren]Den éischten lëtzebuergeschen Text gouf 1915 vum Willy Goergen geschriwwen, fir un de Wiener Kongress vun 1815 z'erënneren[5].
1919, bei Geleeënheet vum Bestietnes vun der Groussherzogin Charlotte mam Prënz Félix, huet den Nik Welter den Text als Hymn fir d'Haus Lëtzebuerg-Nassau-Bourbon ëmgeschriwwen an huet dobäi dem Goergen seng éischt Stroph ewechgelooss. Dem Welter seng Versioun als fir d'éischt am Te Deum an der Kathedral, op Nationalfeierdag 1920, den 23. Januar, gesonge ginn[6][1].
Willy Goergen[7] | Nik Welter – 1. Versioun[8]
(1915) |
Nik Welter – 2. Versioun[9]
(1919) |
2. Versioun,
an der haiteger Schreifweis |
Bemierkungen |
---|---|---|---|---|
I. Wilhelmuslid mam stolze feierklank. |
I. Zwê Kinnekskanner, de' trei sech le'f, |
I. Zwee Kinnékskanner, déi trei sech léif, |
I. Zwee Kinnekskanner, déi trei sech léif, |
Deels als "Zweet Stroph" bezeechent; d'Stroph handelt iwwer d'Bestietnes vun der jonker Prinzessin Charlotte mam Prënz Félix; an de leschte Verse geet et ëm de Wope vun der neier Koppel, mat den gëllene Lilien aus dem Haus Bourbon-Parma an dem blénkege Roude Léiw vu Lëtzebuerg.[6] |
II. D'Wilhelmusweis voll Mutt, Krâft a Schwonk |
II. Nun as verbäi de Stuurm, d'Nout as aus, |
II. Nun ass verbäi de Stuerm, d'Nout ass aus, |
Deels als "Éischt Stroph" bezeechent; an dëser Stroph geet et drëm, datt de Stuerm, de Krich an d'Onrouen eriwwer sinn a Lëtzebuerg nees fräi ass.[6] | |
III. Mir hunn a schwe'rer Zeit Trei bekannt, |
III. Mir hun a schwéirer Zäit Trei bekannt, |
III. Mir hunn a schwéierer Zäit Trei bekannt, |
An der drëtter Stroph gëtt de Bléck zeréckgehäit, op déi schwéier Zäiten vun deenen hei driwwer rieds geet (cf. II.). Si erënnert houfreg un d'Loyalitéit an d'Éier a versprécht fir bei neier Gefor nees bereet ze sinn.[6] | |
IV. So' werden s'ëmmerzo' êneg gôn, |
IV. Sou wäärd et ëmmerzou eneg ston, |
IV. Sou wäert et ëmmerzou eeneg stoen, |
Déi véiert Strof féiert den zukünftege Gedanke vun der 3. Stroph virun a rifft d'Gnod an d'Hëllef vum Himmel iwwer Lëtzebuerg erof.[6] |
Den hollänneschen Originaltext
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Menager, Laurent, 1898. Die Hymne: Wilhelmus von Nassauen. Ons Hémecht, 4. Jg., nº 9 (01.09.1898): 464-469. [mat Nouten]
- Paul Ulveling: De Wilhelmus - séng Quellen a séng Entwécklongsgeschicht am Laf vun de Johrhonnerten. (Luxembourg), RTL-Édition, (1984). 67-(l) S.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Sagrillo, Damien. « Wilhelmus ». Sonja Kmec, Pit Peporté, 2012.
- De wijs van het Wilhelmus in 1574., Tijdschrift voor Nederlandse Taal- en Letterkunde. Jaargang 40 (1921)
- De Wilhelmus op youtube
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 cf. Damien Sagrillo, De Wilhelmus
- ↑ (fr)Service information et presse du gouvernement, Tout savoir sur le Grand-Duché de Luxembourg, pp. 12-13. sip.gouvernement.lu (03.2015). Gekuckt de(n) 08.11.2024.
- ↑ 3,0 3,1 (lb)Cour grand-ducale, De Protokoll vun der Cour grand-ducale. monarchie.lu. Gekuckt de(n) 08.11.2024.
- ↑ (de)MANTERNACH, Philippe. Melusina Press. Gekuckt de(n) 08.11.2024.
- ↑ (de)Die Symbole der Dynastie. luxembourg.public.lu (23.08.2024). Gekuckt de(n) 08.11.2024.
- ↑ 6,0 6,1 6,2 6,3 6,4 (de)Nikolaus Weiter, der Dichter der Heimat II – DER DICHTER UND DAS SYMBOL DER HEIMAT.. Luxemburger Wort, 105. Jg., n° 128, p. 13. (07.05.1952). Gekuckt de(n) 08.11.2024.
- ↑ (lb)De Wilhelmus.. Jong-Hémecht, 10. Jg., nº Heft 4, p. 104. (01.03.1936). Gekuckt de(n) 08.11.2024.
- ↑ (lb)Wilhelmus. Lidderbuch – Extended Versioun 113-114. ACEL. Gekuckt de(n) 08.11.2024.
- ↑ Luxfan. "Luxarazzi 101: De Wilhelmus, Luxembourg's Grand Ducal Anthem". Retrieved 2022-02-02.