Willy Goergen
Willy Goergen | |
---|---|
Gebuer |
30. Abrëll 1867 Steesel |
Gestuerwen |
6. Juni 1942 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Lycéesprofesser, Schrëftsteller, Philolog |
Famill | |
Kanner | Max Goergen |
De Guillaume ("Willy") Goergen, gebuer den 30. Abrëll 1867 zu Steesel, gestuerwen de 6. Juni 1942 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller.
De Willy Goergen huet nom Atheneum zu Bonn, Léiwen a Stroossbuerg Sprooche studéiert an ass dann zu Lëtzebuerg Professer am Atheneum ginn.[1] 1892 huet hien d'Elise Kientzlé bestuet. D'Koppel krut zwéi Jongen; deen éischten dovu war de Max Goergen, deen och Schrëftsteller gouf.
Mat Schreiwen huet de Willy Goergen eréischt ugefaangen, wéi e Mëtt 30 Joer al war. No sengem éischte Lyrikband, Hémechts-Te'n (1901) sinn der eng 33 anerer nokomm, heiansdo zwéin am selwechte Joer. D'Theme vu senge Gedichter hu sech meeschtens ëm d'Natur, d'Joreszäiten oder d'Léift zu den Eltere gedréint; drënner waren och Lueflidder op d'groussherzoglech Famill an op d'Onofhängegkeet vum Land. Och seng Kannerlidder hu gefall, dat bekanntst ass wuel de "Léiwe Kleeschen".
Ausserdeem huet hie kuerz Kaméidisstécker fir den Theater geschriwwen.
De Willy Goergen ass um Nikloskierfecht an der Stad Lëtzebuerg begruewen.
Säi Wierk
[änneren | Quelltext änneren]Gedichtsbänn
[änneren | Quelltext änneren]- Hémechts-Te'n
- Blummen a Blieder
- Spackelro'sen
- Léd a Le'ft
- Stonneklank
- Fridd a Freihét
- Sturm a Sonneschein
- Vu Grond dem Hèrz
- Fir de' Kleng a fir de' Gro'ss
- Letzeburger Gedichter
- Eng Streisschen Hémechtsblummen
- Schle'wen an Drauwen
- D'Klacke lauden
- Le'fstack a Batteralzem
- Siwenerlé aus Hèrz an Haus a Feld
- Fréd a Léd
- Aus der Hémecht
- Eng Handvoll Sonn
- Erönnerongen
- Letzeburger Joerszeiten
- Aus dem Liewen
- Fre'hjorsble'en a Wanterflacken
- E Buki Spackelro'sen
Theaterstécker
[änneren | Quelltext änneren]- Arm a Reich
- Zwe'n hart Käpp
- Dat zéngt Gebot
- Den domme Jong
- 1+1+1=3
- Eng krommenalesch Trap
- Am Pyjama
Literaresch Publikatioun
[änneren | Quelltext änneren]- Gustav Falke, der Lyriker: eine literarische Studie, J. Beffort, Luxemburg 1909, 110 S.
Gesamtwierk
[änneren | Quelltext änneren]- Gesamtwierk Willy Goergen. [Zusammenstellung und Bibliogr.: Emil van der Vekene] ; [Einführung: Pierre Grégoire] ; [Einbandentwurf: Pe'l Schlechter]. Luxemburg, 1987-1992:
- Bd. 1: 1987, 391 S.
- Bd. 2: 1987, 447 S.
- Bd. 3: 1988, 382 S.
- Bd. 4: 1990, 290 S.
- Bd. 5: 1992, 404 S.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- À la mémoire de Willy Goergen. Stesel]: [Administration communale], 1967, Luxembourg, Reka. XXXII, 72 S. (Centenaire Willy Goergen: Stesel 30. Abrëll 1967).
- S. 1-35: Der Mundartlyriker Willy Goergen.
- S. 36-38: Dem Willy Goergen seng Wierker.
- S. 39-41: Wat as iwer de Willy Goergen geschriwe gin?
- S. 42-68: Eise lëtzebuergeschen Theater gëscht an haut.
- S. XXI-XXV: Sprooch a Folklore beim Willy Goergen.
- S. XXVI-XXXII: Eng Parti Wieder aus dem Willy Goergen sénge Saachen.
- Commemoratio'n Willy Goergen: Peischtméndeg 1954 zo' Stésel. St-Paul, Luxembourg 1954, 24 S.
- gg (Goetzinger, Germaine), 2007. Goergen, Willy (Guillaume). In G. Goetzinger et C.D. Conter: Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature, Mersch. Dréckerei Graphic Press. S. 211-212.
- gg (Goetzinger, Germaine), 2010. Goergen, Willy (Guillaume). In G. Goetzinger et C.D. Conter: Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. Centre national de littérature, Mersch. Dréckerei Faber, Miersch. S. 214-215.
- Hoffmann, Fernand: Festried op de Willy Goergen: gehalen zu Stesel fir säin 100. Geburtsdag (30. Abrëll 1967). In: Nouvelle revue luxembourgeoise (Academia), Luxembourg, 1967, Nr. 2, S. 179-193
- Rinnen, Henri: Erënnerung un de Willy Goergen. In: Eis Sprooch, Jg. [32](1993), Nr. 37, S. 1-6.
- Van der Vekene, Émile: Bibliographie Willy Goergen. In: Gesamtwierk Willy Goergen. Bd 5. É. Borschette, Christnach 1992, S. 347-372.
Nom W. Goergen benannt
[änneren | Quelltext änneren]- rue Willy-Goergen, L-1636 Luxembourg
- montée Willy Goergen, L-7322 Steinsel
- ee Schoulgebai zu Steesel[2]
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Commandeur de l'Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1938)[3]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ C. Lang: Le personnel de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg, 1839-1922. Travail statistique de Félix Heuertz (1922), complété par Charles Lang (1967). Publications du Ministère de l' Éducation nationale, Luxembourg 1967, S. 33.
- ↑ La commune de Steinsel: bâtiments scolaires
- ↑ Memorial A N° 4 vun 1938 mat der Lëscht vun de Leit déi 1938 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen