Nikloskierfecht

Vu Wikipedia
Nikloskierfecht
Platanenallee um Nikloskierfecht
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lampertsbierg
Adress Rue Nico Klopp
Fläch 13,9916 ha
Ugeluecht 1780
Koordinaten 49° 36’ 58.80’’ N
      06° 07’ 06.40’’ O
Gestioun Service Cimetières vun der Stad Lëtzebuerg


Den Nikloskierfecht, offiziell de Cimetière Notre-Dame (Liebfrauenfriedhof) läit am Quartier Lampertsbierg vun der Stad Lëtzebuerg. Et ass dee gréisste vun de 14 Kierfechter déi an d'Kompetenz vum Service Cimetières vun der Stater Gemeng falen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm „Nikloskierfecht“ kënnt dohier, well 1779 nom Ofrappe vun der Nikloskierch am Stadzentrum an dem Verleeë vum Sëtz vun der Niklos-Par an déi fréier Jesuittekierch (haut: d'Kathedral) de Kierfecht vun der Par baussent d'Stadmaueren op de Glacis verluecht gouf[1]. Den neie Kierfecht koum op en Terrain bei der Neipuertskapell (Kapelle Unserer Lieben Frau, Chapelle Notre-Dame)[2]. Sou erkläert sech den offiziellen Numm vum Kierfecht (cimetière Notre-Dame) an och déi hautdesdaags net méi geleefeg däitsch Bezeechnung „Liebfrauenfriedhof“.

Den neien „Nikloskierfecht“ war am Fong nëmmen eng Extensioun vun engem Kierfecht dee schonn zanter 1691 bei der Kapell existéiert huet (Muttergotteskirchhof) a wou déi zum Doud Verurteelt, déi keng Verbriecher waren (z. B. Deserteuren), begruewe goufen. Zwéi Gäert si bei den „ale“ Kierfecht derbäikomm, deen een huet zu der Kapell gehéiert, deen anere war eng Proprietéit vum Helleg-Geescht-Klouschter[2].

Hinzerter Kräiz
Mausoleum vun de franséischen Zaldoten

Monumenter um Kierfecht[änneren | Quelltext änneren]

Um Nikloskierfecht gëtt et zwee grouss Monumenter:

Griewer vu bekannte Perséinlechkeeten[änneren | Quelltext änneren]

D'Lag vun enger Partie prominente Griewer kann op enger Onlinekaart op der Internetsäit vun der Stad Lëtzebuerg gekuckt ginn (kuckt Um Spaweck, hei drënner)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kartheiser, R. 1973. Den Nikloskierfech. In: Die Warte. Luxembourg. - Année 26(1973), n° 25(04.10.), p. [4] ; n° 27(18.10.), p. [4] ; n° 28(25.10.), p. [4] ; n° 29(08.11.), p. [4].[1]

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nikloskierfecht – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. E. Feitler: Luxemburg, deine Heimatstadt. 2. Auflage. Luxemburg 1954, S. 106.
  2. 2,0 2,1 F. Lascombes: Chronik der Stadt Luxemburg: 1684-1795. Luxemburg 1988, S. 383f.