Jean Logeling

Vu Wikipedia
Jean Logeling
Gebuertsnumm Johann Logeling
Gebuer 26. September 1868
Wolz
Gestuerwen 27. Juni 1930
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler


De Jean Logeling, respektiv Joseph Logeling[1], gebuer de 26. September 1868 zu Wolz[2] a gestuerwen de 27. Juni 1930 an der Stad Lëtzebuerg[3], war e lëtzebuergeschen Auteur vu Schoulbicher, Moler an Zeecheprofesser an der Normalschoul.

No sengem Studium an der Normalschoul, war de Jean Logeling 10 Joer Schoulmeeschter zu Wanseler, an duerno zu Wolz. Hien huet Konschtstudien op der École des arts décoratifs zu Paräis gemaach, an ass 1896 Zeecheprofesser an der Normalschoul ginn.

Hie war den Initiator an éischte President vum Veräin Art à l'école[4], deen den 23. November 1911 gegrënnt gouf.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

1902 publizéiert de Jean Logeling op Demande vum Gouvernement e Leitfaden für den Zeichenunterricht in den Primär- und Oberprimärschulen des Luxemburger Landes; 1906 an 1908 kënnt eng 2. Editioun fir "Primäschulen" an "Oberprimärschulen" eraus. Dat selwecht Joer publizéiert de Logeling nach e Leitfaden für die Luxemburger Fortbildungsschule. Bis haut sinn dat di eenzeg Schoulbicher fir den Zeechenunterrecht déi vun engem Lëtzebuerger publizéiert goufen[5].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michels, Guy, 2000.Jean Logeling (1868-1930) pionnier du dessin à l'Ecole primaire. In: La formation de l'instituteur au Luxembourg. Luxembourg: Imprimerie Saint-Paul, 2000 (pp. 76–80)
  • Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg, réalisé par l'Association des professeurs d'éducation artistique de l'enseignement secondaire et supérieur, S. 106, Imprimerie Saint-Paul, 1987, ISBN 2-87963-000-2
  • Johann Logeling Tageblatt 1930, Nr. 184 (30. Juni), S. 4 [2]

Gielercher[3][änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Sou gëtt en als Auteur vun den 3 Bänn Leitfaden für den Zeichenunterricht" / ausgearb. von J. Logeling genannt
  2. Gebuertsakt
  3. 3,0 3,1 Doudesannonce vum Jean Logeling am Escher Tageblatt 1930, Nr. 183 (28. Juni), S. 4 [1]
  4. Websäit vun Art à l'école Gearchiveerd op 2016-12-30. Gekuckt de(n) 2017-02-05.
  5. Michels, Guy. Jean Logeling (1868-1930) pionnier du dessin à l'Ecole primaire. In La formation de l'instituteur au Luxembourg. Luxembourg: Imprimerie Saint-Paul, 2000 (pp.76-80)