Paräis

Vu Wikipedia
Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.
Paräis
Paräis nuets

Paräis nuets
Paräis nuets
Land Frankräich
Regioun Île-de-France
Departement Paräis
Arrondissement 20 Arrondissementer
Postcode 75001 bis 75020 a 75116
Gemengecode 75056
Koordinaten 48° 51’ 00’’ N
      02° 20’ 00’’ O
Fläch  105,40 km² ha
Bevëlkerung  2 229 621 (2013)
Satellittefoto vu Paräis
Regioun Île-de-France mat Paräis

Paräis (fr. [paˈʀi]) ass d'Haaptstad vu Frankräich a vun der Regioun Île-de-France. An eeleren, meeschtens laténgeschen, Texter gëtt Paräis och Lutetia respektiv Lutezia genannt. De Floss Seine deelt d'Stad an en nërdlechen Deel (rive droite - rietst Seineufer) an e südlechen Deel (rive gauche - lénkst Seineufer). Paräis huet am eigentleche Stadgebitt 2.153.600 Awunner, an an der Agglomeratioun liewen 12.067.000 Mënschen (Stand 1. Januar 2007). Déi Uertschafte vun der Banlieue, déi baussent dem Peripheriqueleien, gi selbstänneg verwalt an zielen doduerch net wierklech zur Stad Paräis mat hiren zwanzeg Arrondissementer am verwaltungsrechtleche Sënn. Paräis ass eng Weltstad an dat grousst politescht, wirtschaftlecht a kulturellt Zentrum vum zentralistesch organiséierte Land, an ass och deem seng gréisst Verkéiersachs (ënner anerem mat dräi Fluchhäfen a sechs Kappgaren). Paräis ass och de Sëtz vun der UNESCO, der OECD an der ICC.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Geographesch Lag[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad läit am Zentrum vum Paräisser Baseng duerchschnëttlech 65 Meter iwwer dem Mieresspigel. D'Seine leeft op enger Héicht vu 25 Meter iwwer dem Mieresspigel aus der Stad eraus. Ronderëm Paräis leien zwéi grouss Stadbëscher, déi der Bevëlkerung als Noerhuelungsgebitt déngen. D'Stadgebitt huet eng Fläch vun 105,4 Quadratkilometer. D'Metropolregioun huet eng Buedemfläch vu 14.518 Quadratkilometer. De Meridian vu Paräis, dee 1718 vum Jacques Cassini festgeluecht an 1806 vum franséische Physiker Arago prezis berechent gouf, huet bis an d'Joer 1884 (International Meridian-Konferenz zu Washington) ee vu villen Nullmeridianen duergestallt. En ass matzen duerch de Paräisser Observatoire gaangen, a gouf duerch verschidde Saile souwéi duerch déi verschidden Arago-Medaillone markéiert, déi 1995 vum hollännesche Konzeptkënschtler Jan Dibbets diskreet an de Pavé, op Trottoiren, Häff a verschidde Gebaier (ënner anerem de Louvre) agelooss goufen, als en Hommage un de Physiker a Mënscherechtler. Vun den ursprénglech 135 Plackette sinn der e puer zanter der Verëffentlechung vum Dan Brown sengem Erfollegsroman The Da Vinci Code geklaut ginn.

Seine[änneren | Quelltext änneren]

D'Seine verbënnt Paräis mam Banneland (Bourgogne) a mam Äermelkanal. Si war de wichtegste Faktor fir d'Entstehung an d'Entwécklung vun der Stad, déi hiren Ursprong op der gréisster Seineinsel, vun deenen et fréier eng ganz Partie gouf, fonnt huet. D'Seine deelt d'Stad an zou ongläich Hallschenten, déi nërdlech, mam Handel an de Finanzen (rive droite) an déi südlech (rive gauche), déi mat dem Quartier Latin als Véirel vun den Intellektuellen ugesi gëtt, an als Wunngéigend staark gefrot ass.

Inselen[änneren | Quelltext änneren]

Île aux Cygnes

D'île de la Cité am Häerz vun der Stad war schonn an der Antiquitéit bewunnt, an ass domat den eelsten Deel vun der Haaptstad. 1584 huet den Henri III. dräi suppeg Insele vun der ëstlecher Inselspëtzt matenee verbonnen, a si un déi grouss ugegliddert. Domat ass d'Fläch am Laf vun de Joerhonnerte vun ursprénglech 8 op am Ganze 17 Hektar eropgaangen. Sou konnt eng "kinneklech" Plaz entstoen (Place Dauphine) entstoen, an aus dem Verkaf vun den Haiser konnten d'Sue beschaf ginn, fir eng Bréck ze bauen, déi déi zwéi Seine-Ufere matenee verbanne sollt. Dës sougenannten "Nei Bréck" (Pont Neuf) ass haut déi eelst Bréck vu Paräis, déi nach erhalen ass. Och d'Île Saint-Louis ass eng Zesummefügung vun zwou klengen Inselcher, der Île aux Vaches an der Île Notre Dame. Am Géigesaz zu hirer grousser Schwëster, der Cité, ass si bis zum Ufank vum 17. Joerhonnert onbebaut bliwwen. Am Joer 1614 huet de Louis XIII. dem Entreprener Christophe Marie den Optrag ginn, d'Géigend z'erschléissen. De Marie huet een Aarm vun der Seine zougeschott, ronderëm déi zwou Inselen eng Kaimauer baue gelooss, souwéi Brécken zu de Flossuferen. Zanter ongeféier 1618 gouf d'Gelänn mat Haiser fir Handwierker a Kafleit bebaut, zanter 1638 och mat luxuriéise Stadpalaise fir déi méi gehuewe Klass. D'Bebauung ass no engem feste Grondplang mat riichte Stroosse gemaach ginn, deen een och haut nach erkenne kann. (Kuckt och: Plang vun der Île Saint-Louis) Déi fréier Île des Cygnes (Schwaneninsel) gouf 1773 mam Champ de Mars, dem Manöverfeld vun der Militärschoul, verbonnen. Haut dréit net wäit vum Eiffeltuerm en Damm, deen op der Seine ugeluecht gouf, den Numm Île aux Cygnes mat der Allée des Cygnes déi driwwer leeft. Op hir steet eng 11,50 Meter héich Kopie vun der Fräiheetsstatu. Si kuckt no Westen, a Richtung Atlantik, an domat zu hirer "grousser Schwëster" am New Yorker Hafen. En opfällegt Bauwierk op der Île aux Cygnes ass déi 380 Meter laang Bréck Pont de Bir-Hakeim. Si besteet aus verschiddenen Deeler: enger 114 Meter laanger Bréck iwwer den Haaptaarm vun der Seine, dem Deel op der Insel, enger 90 Meter laanger Bréck iwwer den Niewenaarm vun der Seine souwéi den „Zoufahrtsviaduct“ vum Paräisser Metro.

Hiwwelen[änneren | Quelltext änneren]

Déi héchst natierlech Erhiewung bannent de Stadgrenzen ass den Hiwwel Butte Montmartre mat enger Héicht vun 129 Meter. Op den Hiwwel fiert d'Standseelbunn Funiculaire de Montmartre. Um Nordhang gouf e Wéngert ugeluecht, deen awer zanter datt am Parc Georges Brassens an am Parc de Bercy Riewe wuessen, net méi deen eenzege vu Paräis ass.

Geologie[änneren | Quelltext änneren]

De Paräisser Baseng ass eng grouss Schichtstufelandschaft. Schlësselfërmeg leien do d'Schichte vum Mesozoikum a vum Paleogen (fréier Altertiär) anenaner a si vun der Erosioun zu enger wäitgespaanter Stufelandschaft ausgeschafft ginn, där hir Stufe sech no bausse riichten. Nëmmen am ëstlechen Deel sinn am Offall vun dëse Stufe géint d'Saône-Spléck tektonesch Brochlinne méi markant. Dat sinn déi géi Häng vum Plateau vu Langres an der Côte-d'Or (bis 636 Meter), déi och berüümt Wäibaugebidder sinn, well si am Reeschiet vun der Leesäit méi laang Sonn hunn, an doriwwer eraus och nach d'Virdeeler vun der Südexpositioun hunn. Eng gewëssen Ongläichfërmegkeet besteet doran, datt d'Schichtefolleg am nordëstlechen Deel méi perfekt ass, wéi am Westen. Déi méi staark Eraushiewung vum Ostfligel huet och allgemeng méi grouss Héichtenënnerscheeder a méi eng markant Formatioun vun de Stufe mat sech bruecht. An de Baseng era reecht als bedeitend Stuf déi vun den eozene-Kalleker, an där d'Île-de-France, d'Ballungsgebitt vu Paräis, agebett läit.

Stadglidderung[änneren | Quelltext änneren]

Kaart vun den Arrondissementer

Paräis gouf am Joer 1790 Verwaltungssëtz vum Departement Seine (75) an ass zanter der Neiglidderung vun der Île-de-France am Joer 1968 gläichzäiteg Stad an Departement. Ofgesi vun der geographescher Glidderung a rive droite, rive gauche an „Inselen" ass si an arrondissements an a quartiers ënnerdeelt. Déi 20 nummeréiert arrondissements (ofgekierzt Arrdt.) hunn d'Postcode 75001 bis 75020 an duerchzéie Paräis spiralfërmeg vu bannen no baussen. D'Spiral fänkt am historesche Stadkär un, der Géigend vum Louvre, Palais Royal a Forum des Halles, a geet am Oste vun der Stad, dem Arrondissement vum Kierfecht Père-Lachaise op en Enn. All Arrondissement huet säin eegene Buergermeeschter (Maire d'Arrondissement), deen am Buergermeeschteramt vu sengem Bezierk (Mairie de l'Arrondissement) residéiert. All Bezierk ass sengersäits nach a véier quartiers agedeelt. D'Arrondissementer vu Paräis sinn:

Klima[änneren | Quelltext änneren]

Klimadiagramm Paräis

Paräis läit an der gemässegter Klimazon. D'Joresmëtteltemperatur bedréit 10,6 Grad Celsius an et falen am Duerchschnëtt pro Joer 639 Millimeter Néierschlag. De wäermste Mount ass de Juli mat an der Moyenne 18,0 Grad Celsius, de keelste Mount ass de Januar mat an der Moyenne 3,4 Grad Celsius. De meeschten Néierschlag fält am Juni mat an der Moyenne, am Mannsten Néierschlag fält am Februar an am Abrëll mat an der Moyenne 45 Millimeter. Zanter 1873 ginn zu Paräis reegelméisseg meteorologesch Miessunge gemaach. Déi déifst Temperatur gouf den 10. Dezember 1879 mat -23,9 Grad Celsius. Den Hëtzterekord gouf mat 40,4 Grad Celsius den 28. Juli 1947 im Parc Montsouris gemooss.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geschicht vu Paräis.

Lutetia

D'Stad huet sech zanter der Mëtt vum 3. Joerhonnert v. Chr. aus der keltescher Siidlung Lutuhezi entwéckelt, déi vum Stamm vun de Parisii bewunnt war, an op der Seine-Insel louch, déi haut Île de la Cité heescht. Deen éischte Bestanddeel vum Numm staamt vun der keltescher Wuerzel luta, also "Supp/Mouer", soudatt de ganze keltesch-réimesche Numm Lutetia Parisiorum, also "flaach Supp vun de Parisier" bedeit. Den Hiwäis op d'Supp goung dunn am Laf vun der Zäit verluer. No der Eruewerung vun der Siidlung duerch d'Réimer am Joer 52 v. Chr. hunn d'Parisii hiert Inselfort niddergebrannt an et de Réimer iwwerlooss. Déi hunn d'Stad als Lutetia erëm opgebaut, se befestegt an och op dat lénkst Seineufer ausgebreet. Do sinn Thermen, e Forum an en Amphitheater entstanen. D'Stad gouf am réimesche Räich als Civitas Parisiorum oder Parisia bekannt, blouf awer am besate Gallien uganks relativ onbedeitend.

Paräis 1493

Am 5. Joerhonnert ass d'réimesch Herrschaft duerch d'Merowenger op en Enn gaangen. Am Joer 508 war Paräis d'Haaptstad vum Merowengerräich ënner dem Clovis I. (466-511) ginn. Duerno gouf si ënner engem vu senge Jongen zum fränkeschen Deelkinnekräich Paräis. Wärend der Karolengerherrschaft hunn d'Normannen ëmmer nees d'Stad iwwerfall. D'Kapetenger hu Paräis nees zur Haaptstad vu Frankräich gemaach. De Philippe II. Auguste (1165-1223) huet d'Stad befestege gelooss. 1190 gouf eng Mauer um rietsen Ufer vun der Seine gebaut an am Joer 1210 e Wall um lénksen Ufer. Zu där Zäit gouf et um rietse Seineufer vill Händler. Ausserdeem huet de Philippe II. de Louvre an Optrag ginn. 1181 ass déi éischt iwwerdaachte Machthal opgaangen an 1301 ass op der Île de la Cité e Kinnekspalais gebaut ginn. D'Sorbonne huet sech am Süde vu Paräis aus enger jett méi klenge Schoulen entwéckelt. De Charles V. (1338-1380) huet um lénkse Seineufer d'Mauer zum Schutz vun der Stad virun den Englänner erneiere gelooss. 1370 gouf op seng Veruloossung um rietsen Ufer, wou hat d'Grands boulevards verlafen, och eng Mauer gebaut ginn. Wärend dem Honnertjärege Krich war Paräis vu 1420 bis 1436 vun den Englänner besat.

De Stuerm op d'Bastille de 14. Juli 1789

Wärend de Reliounskricher tëscht 1562 a 1598 ass d'Stad a kathouleschem Besëtz bliwwen. An der Baartelméisnuecht de 24. August 1572 goufen zu Paräis Dausende vun Hugenotten higeriicht. Op Uerder vum Louis XIV. (1638-1715) goufe Stroossebeliichtungen installéiert, d'Waasserversuergung moderniséiert an d'Spideler Invalides a Salpêtrière gebaut. Hien huet d'Stadmauere vu Paräis ofdroe gelooss an an hirer Plaz d'Grands boulevards baue gelooss. D'Residenz vum Kinnek gouf op Versailles verluecht. Paräis ass awer de politeschen Zentrum vu Frankräich bliwwen, wat op d'héich Bevëlkerungszuel an d'wirtschaftlech Roll am Land zeréckzeféiere war. Wéi am Joer 1789 d'Franséisch Revolutioun ausgebrach ass, war et d'Bevëlkerung vu Paräis, déi de Wee zu der Ofschafung vun der Monarchie an zu der Aféierung vun der éischter franséischer Republik fräigemaach huet. 1844 gouf zu Verdeegeungszwecker do wou hat de Boulevard Périphérique verleeft, eng nei Stadbefestegung gebaut mat enger Längt vun 39 Kilometer. Si war mat hire 94 Bastiounen a 16 Forts déi gréisst Befestegungsanlag vun der Welt.

D'Weltausstellung 1900

Paräis war an de Joren 1855, 1867, 1878, 1889, 1900 an 1937 d'Veranstaltungsplaz vu sechs Weltausstellungen, déi d'kulturell a politesch Bedeitung vun der Stad ënnerstrach hunn. Nom Néiergang vum Second Empire wéi däitsch Truppen 1871 op Paräis amarschéiert sinn, koum et zu der Commune vu Paräis, déi sech aus Aarbechter, Handwierker a Klengbierger zesummegesat huet, géint déi konservativ provisoresch Regierung vun der Republik. Eng Bléizäit huet Paräis tëscht 1871 an 1914 an der Belle époque erlieft. Un der Gare de Lyon, dem Pont Alexandre III an de Metrosstatiounen ass de Stil vun där Zäit z'erkennen. 1921 hat Paräis mat knapps dräi Milliounen déi héchst Awunnerzuel vu senger Geschicht erreecht. De stättesche Wunnengsbau ass der Nofro net méi nokomm. Wärend dem Zweete Weltkrich war d'Stad tëscht 1940 an 1945 vun der däitscher Wehrmacht besat. 1968 koum et zu Studenterevolten a Massestreiken. 2005 koum et zu Onroue vu Randaléierer an de Faubourge vun der Haaptstad, déi sech lues a lues op d'ganzt Land ausgebreet hunn. 2015 huet den IS Attentater mat 132 Doudeger verübt.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Relioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch Notre-Dame

Ëm déi 80 Prozent vun den Awunner si gedeeft, ronn 75 Prozent bekenne sech zum kathoulesche Glawen, déi meescht praktizéieren de Laténgesche Ritus, verschiddener och den armeeneschen a ukrainesche Ritus. Den Äerzbëschof vu Paräis ass fir d'Katholicke vun den ëstleche Riten zoustänneg. Zu Paräis gëtt et an de politesche Grenze vun der Stad 94 kathoulesch Gemengen, des Weidere 15 griichesch- a russesch-orthodox Kierchen, siwe Synagogen fir déi ronn 220.000 Judden an zwou Moscheeë fir déi ronn 50.000 Moslemen, haaptsächlech Sunitten. Nëmme knapps 12 % vun de Chrëschten an ongeféier 15 % vun de Judde praktizéieren hire Glawen. D'Regioun Île-de-France ass och en Zentrum vum arabesch-islamesche Liewen an Europa. Am Laf vum 20. Joerhonnert ass d'Zuel vun de Moslems an der Metropolregioun op schätzungsweis eng Millioun (10 % vun den Awunner) geklommen. Besonnesch zanter Ufank vun den 1960er Jore si vill Awanderer aus Nordafrika (Algerien, Marokko und Tunesien) an d'Banlieue vu Paräis kopmm. D'Spannungen tëscht de verschiddene Reliounen hunn zanter den 1980er Joren zougeholl. No de Walerfolleger vum rietsradikale Front National (FN) vum Jean-Marie Le Pen bei de Kommunalwalen 1983 koum et an der Regioun an a wäiten Deeler vum Land zu enger Well vu rassistescher Gewalt géint Moslems aus Nordafrika. Besonnesch nodeem den Noostkonflikt no den Uschléi vum 11. September 2001 zu New York nees opgeflamt ass, koum et zu weidere rassisteschen an antisemittesche Strofdoten. Dës Fakte sollen awer op kee Fall iwwerdriwwe ginn. Den Alldag vun de Paräisser ass vun engem Multikulturalismus charakteriséiert, deen zu enger bemierkenswäerter Spezifizitéit vun der Stad ginn ass.

Awunnerentwécklung[änneren | Quelltext änneren]

De bestännege Réckgank vun der Bevëlkerung an der Antiquitéit an am Mëttelalter ass op déi vill Kricher, Epidemien an Hongersnéit zeréckzeféieren. Sou si souguer nach am Joer 1832 bei enger Choleraepidemie ronn 20.000 Mënsche gestuerwen. Eréischt d'Inudstrialiséierung am 19. Joerhonnert huet zu engem staarke Wuesstem vun der Bevëlkerung gefouert. 1846 hunn zu Paräis ronn eng Millioun Leit gewunnt, bis 1876 hat sech dës Zuel op 2 Millioune verduebelt. 1921 hat d'Awunnerzuel vu Paräis mat knapps 3 Milliounen Awunner hiren historeschen Héichpunkt erreecht. 2009 liewen eppes méi wéi zwou Millioune Leit an der Haaptstad selwer. Zanter 1954 huet eng 3/4 Millioun Awunner Paräis nees verlooss. Verschiddener sinn an d'Provënz geplënnert, mä d'Majoritéit an d'Banlieue. Sou huet sech d'Bevëlkerungszuel vun der Metropolregioun, zu där nieft Paräis och d'Regioun Île-de-France gehéiert, vu 5,85 Milliounen am Joer 1946 op 11,6 Milliounen am Joer 2005 verduebelt. Den Haaptgrond fir d'Ofwanderung waren d'Präisser vun de Wunnengen, déi ëmmer méi an d'Luucht gaange sinn. Mä och d'Dezentraliséierung vu verschidden Industriebrachen an de Bau vu ville Bürosgebaier hunn eng wichteg Roll fir de Bevëlkerungsverloscht vun der Haaptstad gespillt. Am Verlaf vum 20. Joerhonnert huet sech Paräis zu enger multikultureller, kosmopolitescher Stad entwéckelt. Den Haaptdeel vun den Immigrante kënnt aus Algerien, Portugal a Spuenien. Am Ganze liewen eng 40 verschidden Nationalitéiten zu Paräis (vun Nordafrika iwwer Südamerika bis Indochina).

Déi follgend Iwwersiicht weist d'Awunnerzuele nom jeeweilege Gebittsstand. Bis 1784 handelt et sech ëm Schätzunge vun den Historiker Jacques Dupâquier an Alfred Fierro, vun 1790 bis 1999 ëm Resultater vun der Vollekszielung a fir 2005 ëm eng Berechnung.

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
        Joer         Awunner
150 80.000
363 20.000
510 30.000
1000 20.000
1180 110.000
1250 215.000
1365 275.000
1500 200.000
1589 300.000
1637 415.000
1675 500.000
1700 600.000
1784 660.000
1790 524.186
1796 556.304
1801 546.856
        Joer         Awunner
1807 580.609
1817 713.966
1831 785.862
1836 909.126
1841 935.261
1846 1.053.297
1851 1.053.262
1856 1.174.346
1861 1.696.141
1866 1.825.274
1872 1.851.752
1876 1.988.813
1881 2.239.928
1886 2.260.945
1891 2.447.957
1896 2.536.834
Joer Awunner
24. Mäerz 1901 2.714.068
4. Mäerz 1906 2.763.393
5. Mäerz 1911 2.888.110
6. Mäerz 1921 2.906.472
7. Mäerz 1926 2.871.429
8. Mäerz 1931 2.891.020
8. Mäerz 1936 2.829.746
10. Mäerz 1946 2.725.374
10. Mee 1954 2.850.189
7. Mäerz 1962 2.753.014
1. Mäerz 1968 2.590.771
20. Februar 1975 2.317.227
4. Mäerz 1982 2.188.918
5. Mäerz 1990 2.152.423
8. Mäerz 1999 2.125.246
1. Januar 2005 2.138.551

Entwécklung vun der Wunnsituatioun[änneren | Quelltext änneren]

Ufank vun den 1960er Jore gouf zu Paräis mat enger groussugeluechter Stadsanéierung an Entwécklung vum Stadbau ugefaangen. Am ëstlechen a südëstlechen Deel vun der Haaptstad goufe ganz Véirel renovéiert. An der Ëmgéigend vun de moderniséierten an neie Garë wéi d'Gare de Lyon an d'Gare Montparnasse sinn nei Staddeeler an Déngschtleeschtungszentren entstanen.

Duerch dës Agrëffer goufen awer och vill historesch Gebaier zerstéiert, wat zu Protester vu villen Awunner gefouert huet. D'urbanistesch Entwécklung huet zu Véirel a Betonbauweis gefouert, an Héichhaiser aus Glas a Stol, wouduerch Paräis deenen anere Grousstied ëmmer méi geglach huet. D'Wunnengen am Zentrum sinn ëmmer méi deier ginn, an déi méi arm Awunner sinn an d'Banlieue geplënnert, wärend déi méi räich sech an der Stad selwer néiergelooss hunn. Och vill Awanderer déi virun allem aus Nord- a Schwaarzafrika komm sinn, hu sech an de leschte Joerzéngten an de Bëtongssiidlungen um Bord vun der Stad néiergelooss.

A Frankräich gouf iwwer Joerzéngten d'Awanderung vu Millioune vu Mënschen aus dem aussereuropäesche Raum gefërdert, ouni d'Folgen z'analyséieren an ze verschaffen. Et kënnt ëmmer nees zu Gewaltausbréch an der Paräisser Banlieue, wat fir d'Experten en Zeeche fir d'Roserei vu ville Jugendlecher iwwer de relativen Aarmut, de Rassismus, d'Perspektivlosegkeet an d'Massenaarbechtslosegkeet ass, déi besonnesch d'Migranten an den Trabantestied betrëfft.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Stadregierung[änneren | Quelltext änneren]

Den Hôtel de Ville vu Paräis
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Zanter dem 18. Mäerz 2001 ass de Bertrand Delanoë vun der Sozialistescher Partei Buergermeeschter vu Paräis. Den Delanoë war den éischte lénksgeriichte Politiker, deen an de bis dohin immens konservativen Hôtel de Ville an der Stad erageplënnert ass. Hie konnt am Staatsrot (163 Memberen) all 92 Stëmme vu senger rout-grénger Lëscht fir sech gewannen. Deen eenzege Géigekandidat war den ale Buergermeeschter Jean Tiberi, deen nëmmen 12 Stëmme krut. Paräis gouf bisewell traditionell vun der gaullistescher RPR-Partei beherrscht; de konservative Staatspresident Jacques Chirac war vun 1977 bis 1995 selwer Buergermeeschter vun der Haaptstad. Déi riets Parteie waren awer zerstridden an d'Kommunalwalen eragaangen, an hu sou hir Chance op eng Victoire verklengert.

Den éischte Buergermeeschter vun der Haaptstad, de Jean-Sylvain Bailly, gouf de 15. Juli 1789 vun der Paräisser Selbstverwaltung agesat. Well d'Commune un der diktatorescher Schreckensherrschaft (Terreur) bedeelegt war, gouf si 1794 vun 12 getrennten an dezentraliséierte Gemengeverwaltungen ersat. De Staat huet d'Kontroll iwwer d'Stad iwwerhol, an huet d'Amt vum Prefekt vun der Seine (Préfet de la Seine) geschaf. Wärend der Biergerlecher Revolutioun vun 1848 an der Commune vu Paräis vun 1870/1871 huet fir e puer Méint e Buergermeeschter d'Soen iwwer d'Stad gehat.

Den 20. Mäerz 1977 gouf de Jacques Chirac den éischte fräi gewielte Buergermeeschter vu Paräis. D'Haaptstad, déi bis elo ënner engem Prefekt stoung, dee vun der Regierung ernannt gi war, krut de selwechte Status wéi all aner Gemengen a Frankräich. Eng Ausnam ass awer d'Police, déi weiderhin dem Policeprefekt ënnersteet. E Gesetz vun 1982 huet d'Rotsversammlunge vun den Arrondissements etabléiert, déi haaptsächlech berotschloe sollen, a begrenzt Befugnisser hunn. De Gemengerot (Conseil de Paris) an de Buergermeeschter (Maire de Paris) gi fir jeeweils sechs Joer gewielt. Déi nächst Gemengewale si fir 2007 festgesat.

Buergermeeschter vu Paräis waren: Jean-Sylvain Bailly (15. Juli 1789-18. November 1791), Jérôme Pétion (18. November 1791-15. Oktober 1792), Philibert Borie (7. Juli 1792-13. Juli 1792), René Boucher (15. Oktober 1792-2. Dezember 1792), Nicolas Chambon (8. Dezember 1792-2. Februar 1793), Jean-Nicolas Pache (14. Februar 1793-10. Mee 1794), Jean-Baptiste Fleuriot-Lescot (10. Mee 1794-17. Juli 1794), Louis-Antoine Garnier-Pages (24. Februar 1848-5. Mäerz 1848), Armand Marrast (9. Mäerz 1848-19. Juli 1848), Étienne Arago (4. September 1870-15. November 1870), Jules Ferry (15. November 1870-5. Juni 1871), Jacques Chirac (20. Mäerz 1977-16. Mee 1995), Jean Tiberi (22. Mee 1995-24. Mäerz 2001), Bertrand Delanoë (25. Mäerz 2001-5. Abrëll 2014) an Anne Hidalgo (5. Abrêll 2014-haut).

Partnerschafte mat anere Stied[änneren | Quelltext änneren]

Paräis huet Partnerschafte mat follgende Stied. A Klameren d'Joer vum Etablissement vun der Partnerschaft.

Kultur a Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

D'franséisch Haaptstad huet eng grouss Zuel vu kuckeswäerte kierchlechen a weltleche Bauwierker, Stroossen, Plazen a Parken, eng ronn 160 Muséeën, 200 Konschtgalerien, zirka 100 Theater, iwwer 650 Kinoen a méi wéi 10.000 Restaurantsen. D'Offer vu kulturelle Veranstaltungen, Musek- a Filmfestivaler, Ausstellungen, Concerten, Moudedéfiléën a sportleche Kompetitiounen ass räichhalteg. D'Schlassanlag zu Fontainebleau gouf 1979, d'Schlass vu Versailles 1981 an d'Uferpromenad vun der Seine zu Paräis an d'UNESCO-Lëscht vun de Weltkulturierwen opgeholl. Kuckt och: Kuckeswäertes zu Paräis, Adelspalaisen zu Paräis

De Musée d'Orsay.

Theater[änneren | Quelltext änneren]

Bedéngt duerch d'Traditioun vum Zentralismus a Frankräich hunn déi wichtegst Theater- a Ballettsensembele vum Land hire Sëtz zu Paräis. De Programm ass mat vill Ofwiesslung a kann an engem vun de Veranstaltungskalennere wéi Pariscope oder Officiel des Spectacles nogekuckt ginn, déi een op all Zeitungskiosk fënnt. Staark reduzéiert Theaterkaarte kann een all Dag vun 13.00 Auer u fir d'Virstellunge vum selwechten Owend an de speziellen Theaterkioske virun der Gare Montparnasse an der Kierch Madeleine kréien.  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Paräisser Theater.

Muséeën[änneren | Quelltext änneren]

Zu Paräis gëtt et eng ronn 160 Muséeën zu de verschiddensten Theemen. Zu de bekanntsten zielen natierlech de Louvre, deen 1793 opgaangen ass, an de Musée d'Orsay fir zäitgenëssesch Konscht an Impressionismus.  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Paräisser Muséeën.

Bauwierker[änneren | Quelltext änneren]

Plazen a Stroossen[änneren | Quelltext änneren]

Zu Paräis gëtt et eng jett kuckeswäert Plazen a Stroossen. Éischt urbanistesch relevant Moossname goufen zu Paräis um Ufank vum 17. Joerhonnert vum Kinnek Henri IV. getraff, wéi zwou vun den am Ganze fënnef sougenannte "Places royales" gebaut goufen. Op der Place de la Concorde fänkt d'Prunk- a Paradestrooss Avenue des Champs-Élysées un, eng vun de groussen a berüümte "Weltstroossen".  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Paräisser Plazen a Stroossen.

Weltlech Bauwierker[änneren | Quelltext änneren]

Déi eelst Bauwierker vun der Stad Paräis stinn am Quartier Latin op der Montagne-Sainte-Geneviève, wou sech zanter 52 v. Chr. Réimer néiergelooss hunn. Nom Ënnergang vum Réimesche Räich si virun allem Sakralbauten entstanen.

Hôtel de Sens

Déi eelst Deeler vum Palais de la Cité - dorënner d'Sainte-Chapelle - déi nach erhale sinn, goufen am 13. Joerhonnert ënner dem Louis IX. gebaut. De Louvre wéi mir en haut kennen ass d'Resultat vu ville Baucampagnen ënner ville verschiddene Kinneken, eng Mëschung aus Mëttelalter, Renaissance, Barock a Second Empire. Aus der zweeter Hallschent vum 15. an dem 16. Joerhonnert komme vill interessant Hôtels, Stadpalaisen, wéi zum Beispill den Hôtel de Sens (1475-1507) och nach den Hôtel Carnavalet dee 1548 ugefaange gouf. De Palais du Luxembourg gouf am 1615 vum Maria vu Medici als Landschlass baussent den deemolege Stadmaueren an Optrag ginn. De Palais-Royal, nërdlech vum Louvre, gouf vu 1627 bis 1629 fir de Richelieu gebaut. De Panthéon gouf tëscht 1764 a 1790 als Klouschterkierch fir d'Benediktiner baue gelooss.

Den Eiffeltuerm

Den Arc de Triomphe op der Place de l'Étoile gouf nach ënner dem Napoleon 1806 an Optrag ginn, mä war eréischt am Joer 1836 fäerdeggebaut. Zanter der Mëtt vum 19. Joerhonnert huet sech d'Stad an eng prestigräich modern Metropol verwandelt. Als Kréinung vun dëser Epoch zielt d'Opéra Garnier (1861 - 1875). D'Wouerzeeche vun der Stad ass den Eiffelturm (324,8 Meter héich mat der Antenn) vun 1889, deen eigentlech nëmmen temporär fir d'Weltausstellung do stoe sollt. An der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert koum et duerch d'grands projets zu ville Bauteprojeten an der ganzer Stad. E perséinleche Prestigeobjet aus der éischter Amtsperiod vum François Mitterrand ass d'Opéra Bastille (1983 - 1989). D'Grande Arche vum Johan Otto von Spreckelsen, e Kubus deen an der Mëtt op ass, steet am Défense-Véirel a gouf 1989 ageweit.  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Paräisser Bauwierker.

Kierchen[änneren | Quelltext änneren]

Déi fréier Abteikierch Saint-Germain-des-Prés um Boulevard Saint-Germain (6. Arrdt.) erënnert dodrun, datt de fränkesche Kinnek Childebert I. aus dem Geschlecht vun de Merowenger, e Jong vum Clovis I. hei am Joer 557 eng Abtei gegrënnt huet, déi méi spéit eng grouss Bedeitung krut. D'Kathedral Notre-Dame de Paris op der Île de la Cité (4. Arrdt.) ass eng vun de fréiste gotesche Kathedrale vu Frankräich. Si ass der Maria, der Mamm Jesu, geweit. D'Kierch Saint Germain-l'Auxerrois nieft dem Louvre (1. Arrdt.) staamt an hire Grondzich nach aus der Zäit vun der Romanik am 12. Joerhonnert. D'Parkierch Saint-Sulpice südlech vum Boulevard Saint-Germain (6. Arrdt.) ass dem hellege Sulpicius II. vu Bourges geweit. D'Palaiskapell Sainte-Chapelle am Palais de la Cité (1. Arrdt.) net wäit vun der Kathedral ewech gouf vum Saint Louis an den 1240er Jore baue gelooss, fir wäertvoll Reliquien opzehuelen. Den Dôme des Invalides gouf tëscht 1670 a 1691 vum Jules Hardouin-Mansart um lénksen Ufer vun der Seine gebaut (7. Arrdt.). Dës prächteg kinneklech Kuppelkierch ass, sou wéi d'Zaldotekierch Saint-Louis des Invalides en Deel vum Hôtel des Invalides. De Bau vun der Kierch La Madeleine nërdlech vun der Place de la Concorde (8. Arrdt.) huet 1764 nom Entworf vum Architekt Pierre Contant ugefaangen an huet am Dezember 1791 opgrond vun der Franséischer Revolutioun missen agestallt ginn. D'Aarbechte goufe vum Architekt Jacques-Marie Huvé (1783-1852) nees opgeholl an am Joer 1842 ofgeschloss D'Basilique du Sacré-Cœur ass eng réimesch-kathoulesch Wallfaartskierch um Hiwwel vu Montmartre an ass den zweethéchste Punkt vun der Stad nom Eiffeltuerm.  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Paräisser reliéis Gebaier.

Gréngflächen[änneren | Quelltext änneren]

De Séi "Lac Inférieur" am Bois de Boulogne.

Op den éischte Bléck mécht Paräis den Androck vun enger grénger Stad. Un de Stroosse stinn eng Ronn 89.000 Beem. D'Gaardebauamt Direction des Parcs, Jardins et Espaces Verts de Paris këmmert sech an der Stad selwer ëm déi 2.437 Hektar Gréngflächen, zu deenen ausser de béide grousse Stadbëscher Bois de Vincennes (995 Hektar) a Bois de Boulogne (846 Hektar) och déi 14 Kierfechter zielen (92 Hektar), d'Gaardebauschoul Ecole Horticulture Du Breuil (22 Hektar) an de Gaardebauzentrum Centre Horticole Auteuil-Longchamps (8,5 Hektar), an deem Blummen a Sträicher geziicht ginn. D'Stad Paräis huet doriwwereraus nach 6 weider Kierfechter, de Bësch Beauregard bei La-Celle-Saint-Cloud an d'Blummeproduktiounsplazen zu Rungis, Fresnes an Achères (477 Hektar). Nieft de Flächen, ëm déi sech d'Stad këmmert, stinn den Awunner an Touriste vu Paräis och nach siwe Gäert a Parken zur Verfügung, déi vum Stat ënnerhale ginn (118 Hektar).  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Parken a Gäert zu Paräis.

Kuckeswäertes an der Géigend[änneren | Quelltext änneren]

D'Schlass vu Versailles.

Zu La Défense, engem Büros- a Geschäftsvéirel, leeft no Westen de Paräisser Axe historique weider bis bei déi sougenannt Grande Arche. De Kubus, deen 110 Meter héich ass, ass en Entworf vum Architekt Johan Otto von Spreckelsen dee vum Paul Andreu ausgefouert gouf. D'Gebai ass de Sëtz vum franséischen Handels- an Transportministère. D'Schlass vu Fontainebleau an der Uertschaft mam selwechten Numm läit 65 Kilometer südlech vu Paräis, a gouf am 16. Joerhonnert ënner de Kinneke François I. an Henri II. baue gelooss. Den Architekt war de Philibert Delorme (15101570). D'Schlass vu Versailles, wat westlech vu Paräis an der Stad Versailles steet, war d'Virbild fir vill europäesch Kinneksschlässer. Fir d'Erweiderung vum Juegdschlass vum Louis XIII. huet de Louis XIV. 1661 den Architekt Le Vau, de Moler Le Brun an de Gaardenarchitekt Le Nôtre komme gelooss. D'Basilika Saint-Denis ass eng fréier Abteikierch an der Stad Saint-Denis nërdlech vu Paräis. Do goufen zanter dem 10. Joerhonnert quasi all franséisch Monarche begruewen. D'Kierch huet zanter 1966 de Status vun enger Kathedral. Den Disneyland Resort Paris (kuerz och Eurodisney genannt) an der Stad Marne-la-Vallée, ëm déi 30 Kilometer ëstlech vu Paräis, ass mat 1943 Hektar e grousse Fräizäitkomplex.

Sport[änneren | Quelltext änneren]

Zu Paräis gëtt et eng Partie sportlech Groussevenementer: hei ass d'Arrivée vum Tour de France am Vëlossport, hei gëtt e Marathon gelaf, d'French Open am Tennis gespillt, an de Prix de l'Arc de Triomphe am Päerdssport iwwerreecht. Ausserdeem ginn de Meeting Gaz de France (Liichtathleetik), d'Trophée Lalique (Äiskonschtlaf) an de Sechs-Natiounen-Tournoi am Rugby organiséiert.

De Stade de France steet zu Saint-Denis, nërdlech vu Paräis. De Foussball- an Nationalstadion fir 80.000 Spectateure gouf fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1998 a Frankräich gebaut. D'franséisch Foussballsekipp an d'Rugby-Nationalmannschaft spillen hir Heemspiller am Stade de France.

Am Parc des Princes fannen 49.000 Spectateuren eng Plaz, an hei gi meeschtens d'Matcher tëscht de Lokalmannschaften ausgedroen. De Stadion gëtt haaptsächlech vum Foussballclub Paris Saint-Germain benotzt. Zanter dem Bau vum Stade de France huet de Parc des Princes u Bedeitung verluer, zielt awer weiderhin zu de modernste Stadie vun Europa.

Den Hippodrom vu Longchamp ass déi wichtegst Infrastruktur fir Päerdssport zu Paräis. Den haitegen Hippodrom gouf 1857 op de Mauere vun der Abtei vu Longchamp gebaut, déi am Kader vun der Franséischer Revolutioun zerstéiert gi war.

Reegelméisseg Evenenemter[änneren | Quelltext änneren]

Akafen[änneren | Quelltext änneren]

Galeries Lafayette.

Paräis ass natierlech och bekannt duerch déi vill Geschäfter, déi et hei ginn. Zu de bekanntste Geschäfter zielen d'Galeries Lafayette. Déi grouss Zentralhal mat hirer Glaskuppel ass e Baumonument. Nëmmen e puer Meter weider fënnt een d'Geschäft Au Printemps. Op der Rive Gauche ass och d'Luxusgeschäft Le Bon Marché ze fannen, wat mat senger „Grande Épicerie de Paris“ och Liewensmëttel aus aller Welt ze bidden huet. Net wäit ewech vun der Opéra Bastille läit de Maart Marché d'Aligre, deen all Dag ausser méindes op huet. Gezei an och Konschtgéigestänn kann een um Floumaart Puces de la Porte de Montreuil fannen. Weider Mäert sinn de Marché de la Porte Vanves an de Puces de Saint-Ouen-Clignancourt. D'Geschäft Le Louvre des Antiquaires beim Palais Royal zielt zu de gréissten a bekanntsten Antiquitéitegeschäfter vu Paräis. A ronn 250 Raim op dräi Stäck fënnt ee Miwwelen, Biller, Teppecher, Spillsaachen, awer och Aueren a Bijouen. E weidert grousst Akafszentrum ass Les Halles, wou een nieft Geschäfter och Restauranten an e Kino fanne kann. Eng grouss a bekannt Geschäftsstrooss ass d'Rue de Rivoli.

Paräis an de Film[änneren | Quelltext änneren]

Paräis kann op eng laang an erfollegräich Filmgeschicht zeréckkucken.  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Film zu Paräis.

Ekonomie an Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

Vue vun der Austelitz-Bréck op Paräis.

Paräis ass de wichtegste Wirtschaftszentrum vu Frankräich. An der Metropolregioun Paräis hu sech ongeféier e Véirel vun de Produktiounsbetriber vum Land néiergelooss. Duerch de grousse Maart, deen d'Stad selwer bitt, huet si schonn ëmmer Hiersteller vu Konsumartikelen ugezunn. Paräis ass bekannt fir d'Produktioun vu Luxusgéigestänn (Haute Couture a Bijouen). Zu de wichtegste Produite vun der Stad zielen och cheemesch Produiten, elektresch Apparater, Autoen a Maschinnen. Traditionell ass d'Wirtschaftspolitik duerch déi staark staatlech Agrëffer beaflosst. Hei spillt déi historesch Roll vum Merkantilismus – besonnesch dem Colbertismus – eng Roll. D'reguléiert Vollekswirtschaft gouf an de leschte Joren awer ëmmer méi privatiséiert. D'Schlësselindustrien, besonnesch d'Energiewirtschaft, stinn awer nach ënner staatlecher Kontroll. Bal all grouss Déngschtleeschtungsentreprise vu Frankräich, besonnesch Banken a Firme vum Finanzwiesen, hunn hire Sëtz zu Paräis. Zanter den 1990er Jore gouf ausserdeem versicht, multinational Konzerner op Paräis ze kréien. D'Stad ass haut eng vun de wichtegsten Handelsmetropole vun Europa. E wichtege Virdeel vun der Stad ass, datt si matzen an enger vun de fruuchtbarsten Argrarlandschaften an Europa läit. D'Landwirtschaft war schonn a fréiere Joerhonnerten d'Wirtschaftsgrondlag vun der Regioun an huet d'Versuergung vun der Stadbevëlkerung geséchert. D'Haaptstadregioun produzéiert duerch déi staark Konzentratioun vun nationalen an internationalen Entreprisen ongeféier en Drëttel vum BIP vum Land. Ee Problem ass de Chômage. Zanter dem Ufank vun den 1990er Joren huet Paräis ronn eng véirels Millioun Aarbechtsplaze verluer. E Grond ass den Ofbau vun Aarbechtsplazen an der Industrie an d'Verlagerung vun de wirtschaftlechen Aktivitéiten an d'Nopeschgemenge wéi z. B. d'Geschäftsvéirel La Défense.

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

Fernverkéier[änneren | Quelltext änneren]

De Périphérique bei der Porte de la Muette.

Paräis ass iwwer e Netz vun Autobunnen a Schnellstroosse mam ganze Land verbonnen. Eng wichteg Roll spillt heibäi de Boulevard périphérique. Déi aachtspuereg Autobunn leet de Verkéier ronderëm Paräis an an d'Stad eran. Bal all wichteg franséisch Autobunne lafen op Paräis zou a kommen aus alle Richtungen op de Boulevard périphérique: d'A 1 aus Lille, d'A 4 aus Reims, d'A 5 aus Dijon, d'A 6 aus Lyon, d'A 77 aus Nevers, d'A 10 aus Orléans, d'A 13 aus Rouen an d'A 16 aus Amiens. Paräis huet den zweetgréisste Bannenhafen an Europa an ass e wichtege Knuet am Eisebunnsnetz vu Frankräich. E bësse baussent der Stad gëtt et dräi international Fluchhäfen. 48,3 Millioune Passagéier hunn am Joer 2003 de Fluchhafe „Charles de Gaulle“ passéiert – dëst war déi drëtthéchst Zuel vun alle Fluchhäfen an Europa. Mat 23,1 Millioune Passagéiert war den Orly op néngter Plaz. Den drëtte Fluchhafen ass de Paris-Beauvais. Zu de wichtegsten Eisebunnsstrecken zielen d'Verbindunge mat de Stied Marseille, Lyon, Bordeaux, Toulouse, Stroossbuerg a Rennes, déi zum Deel mat TGV-Zich befuer ginn. Zu de groussen europäesche Verbindungen zielen d'Strecke vum Eurostar op London a vum Thalys op Köln an Amsterdam iwwer Bréissel. Déi grouss Gare sinn d'Gare d'Austerlitz, Gare de l'Est, Gare de Lyon, Gare Montparnasse, Gare du Nord a Gare Saint-Lazare. Fir Wuere gëtt d'Gare Le Bourget benotzt.

Noverkéier[änneren | Quelltext änneren]

De Paräisser Metro

De Verkéier an der Stad selwer leeft gréisstendeels iwwer de Metro. De Paräisser Metro ass no London (1863), Glasgow a Budapest (1896) déi véierteelst U-Bahn an Europa. Déi éischt Metroslinn ass den 19. Juli 1900 opgaangen. D'Paräisser U-Bahnnetz besteet aus 14 Linnen an ass mat 212,5 Kilometer eent vun de gréissten Netzer vun der Welt. De Metro gëtt dagdeeglech vu bal 5 Millioune Mënsche benotzt. Um Metrosnetz hänken d'Expressbunne vum RER, déi Paräis mat de Faubourge verbannen. Den 21. November 1853 sinn zu Paräis déi éischt Päerdstramme gefuer, et waren déi éischt an Europa. Mat der Elektrifizéierung vum Tramsnetz gouf de 6. November 1881 ugefaangen. De Betrib gouf de 14. August 1938 agestallt. No 54 Joer Ënnerbriechung fiert zanter dem 6. Juli 1992 nees en Tram duerch d'Banlieue. Zanter dem 16. Dezember 2006 fiert den Tram och nees zu Paräis selwer. Paräis huet och e grousst Netz vu Buslinnen, souwéi speziell Nuetsbusser (Noctambus).  Méi Informatioun doriwwer an den Artikelen Paräisser Metro; Réseau Express Régional a(n) Paräisser Tram

Bildung[änneren | Quelltext änneren]

D'Universitéit Paris IV-Sorbonne

D'Géigesätz tëscht Paräis an dem Rescht vum Land gi virun allem an der Bildung däitlech. Déi wichtegst Schoulen an Infrastrukture stinn zu Paräis. 1257 gouf d'Sorbonne gegrënnt, an ass domat déi eelst Universitéit a Frankräich. Aus enger Fakultéit fir Theologie ass d'Sorbonne zu enger vun de renomméiersten Universitéite vun hirer Zäit ginn. Am Joer 1968 gouf d'Universitéit duerch eng Reform an 13 onofhängeg Deeler opgespléckt, wouvu fënnef haut baussent Paräis leien.  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Sorbonne.
D'Académie française ass eng vun den eelsten Institutioune vu Frankräich, an déi mam gréisste Prestige. Si ass zanter 1801 am Collège des Quatre Nations vis-à-vis vum Louvre ze fannen; do wunnt och de Secrétaire perpétuel, dee säin Amt op Liewenszäit kritt.  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Académie française.
Weider héich Bildungsariichtunge sinn de Collège de France (1530), d'École polytechnique (1794), den Institut Catholique (1875) an d'École du Louvre (1882). Vun de ville Bibliothéiken zu Paräis ass d'Franséisch Nationalbibliothéik (fr.: Bibliothèque Nationale de France) déi gréisst. Dat haitegt Gebai gouf 1990 ugefaangen, an ass den 20. Dezember 1996 opgaangen.

Bekannt Paräisser[änneren | Quelltext änneren]

Éierebierger[änneren | Quelltext änneren]

Éierebierger vu Paräis sinn ënner anerem de Moler a Graphiker Pablo Picasso (zanter 1971), d'Ingrid Betancourt, den US-amerikanesche Journalist Mumia Abu-Jamal (zanter 2003) souwéi d'Politikerin Aung San Suu Kyi (zanter 2004).

Jongen a Meedercher vun der Stad[änneren | Quelltext änneren]

Paräis war de Gebuertsuert vu ville bekannte Perséinlechkeeten. Dozou zielen ënner anerem de Komponist Georges Bizet, d'Chansonsängerin Edith Piaf, de Moler François Boucher, de Pierre de Coubertin, de Serge Gainsbourg, den Architekt Charles Garnier, de Prefekt Georges-Eugène Haussmann, de Schauspiller a Regisseur Mathieu Kassovitz, d'Schauspillerin Sophie Marceau an d'Sängerin a Schauspillerin Caterina Valente.

Perséinlechkeeten, déi zu Paräis gewierkt hunn[änneren | Quelltext änneren]

Zu de Perséinlechkeeten, déi zu Paräis gewierkt hunn, gehéieren ënner anerem de Schrëftsteller Honoré de Balzac, de Komponist Frédéric Chopin, d'Schauspillerin Marlene Dietrich, den Ingenieur Gustave Eiffel, de Schrëftsteller Heinrich Heine, de Sänger Jim Morrison (The Doors), de Komponist Jacques Offenbach an de Literat Oscar Wilde.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Hanno Ballhausen, Chronik der Metropolen. Paris. Wissen Media Verlag GmbH, Gütersloh 2004 (ISBN 3-577-14599-4)
  • Jean-Pierre A. Bernard, Les deux Paris: les représentations de Paris dans la seconde moitié du XIXe siècle, Seyssel, Champ Vallon, 2001.
  • Yvan Combeau, Histoire de Paris, Que sais-je ?, Paräis, 2003.
  • Bernard Champigneulle, Paris: architectures, sites et jardins, Éditions du Seuil, Paräis, 1973.
  • Jean Firges, Die Stadt Paris. Geschichte ihrer Entwicklung und Urbanisation. Sonnenberg-Verlag, Annweiler am Trifels, 2002 (ISBN 3-933264-00-6)
  • Michel Fleury, Paris monumental, Flammarion, Paräis, 1974.
  • Michel Fleury, Paris: de Lutèce à Beaubourg, Flammarion, Paräis, 1979.
  • Ursula von Kardorff, Adieu Paris. Streifzüge durch die Stadt der Bohème, Kindler-Verlag, München, 1974 (ISBN 3-463-00590-5)
  • Herbert R. Lottman, Der Fall von Paris 1940, Piper, München, 1994 (ISBN 3-492-03531-0)
  • Giovanna Magi, Rita Bianucci, Hubert Bressonneau, Kunst und Geschichte von Paris und Versailles. Besichtigung aller bedeutenden Monumente und Museen., Konrad-Theiss-Verlag, Stuttgart, 2002 (ISBN 3-8062-1697-5)
  • Gerhard Sälter, Polizei und soziale Ordnung in Paris., Vittorio-Klostermann-Verlag, Frankfurt am Main, 2004 (ISBN 3-465-03298-5)
  • Klaus Schüle, Paris. Die politische Geschichte seit der Französischen Revolution., Gunter-Narr-Verlag, Tübingen, 2005 (ISBN 3-8233-6183-X)
  • Fritz Stahl, Paris. Eine Stadt als Kunstwerk., Rudolf Mosse Buchverlag, Berlin, 1929.
  • Richard Wunderer, Paris - Sittengeschichte einer Weltstadt., Weltspiegel-Verlag, Stuttgart, 1967 (ISBN B0000BU9UC)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.