Québec (Stad)

Vu Wikipedia
Québec
Quebec

Vue op d'Stad
Land Kanada
Verwaltungseenheet: Provënz Québec
Capitale-Nationale
Agglomeration Québec
Koordinaten 45° ’ ’’ N
      73° ’ ’’ W
Fläch 454.1 km²
Awunnerzuel: 531 902 (2016)
Héicht: ± 16 m
Websäit www.ville.quebec.qc.ca/
center}}}

Québec, resp. Quebec; dacks als Ville de Québec oder Quebec City ernimmt, fir et vun der Provënz Québec z'ënnerscheeden, ass eng Groussstad am Oste vu Kanada, an d'Haaptstad vun der schonn ernimmter Provënz Québec. Se läit um nërdlechen Uwenner vum Fleuve Saint-Laurent, do, wou d'Rivière Saint-Charles dra leeft, a virum Estuaire vum Saint-Laurent-Floss.

Markant ass, wéi de Floss do méi enk gëtt (wouvun den Numm hier kënnt) an d'Colline de Québec, e ronn 100 Meter héije géien Héichplateau, wou den Zentrum vun der Stad drop ass.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ursprénglech hunn do Irokesen am Duerf Stadacona gewunnt. Den 3. Juli 1608 huet de Samuel de Champlain en Handelscomptoir do gegrënnt, aus deem sech no an no d'Stad entwéckelt huet. No enger Belagerung hunn d'Britte 1759 d'Stad kënne fir zeguttst vu Frankräich iwwerhuelen. 1867 gouf Québec eng vun de Provënzhaaptstied am neie kanadesche Staat. An der zweeter Hallschecht vum 19. Joerhonnert huet et seng Plaz als wichtegsten ekonomeschen Zentrum u Montréal missen ofginn. Am Verlaf vum 20. Joerhonnert goung et awer nees biergop mat Québec.

Architektonisch gëllt Québec als déi 'europäeschst' Stad an Nordamerika, mat Haiser an der Alstad (Vieux-Québec), déi bis an d'17. Joerhonnert zeréckginn. Am ieweschten Deel dovun ass nach eng Stadmauer an eng Zitadell erhalen; Québec ass haut déi eenzeg befestegt Stad an Amerika nërdlech vu Mexiko. 1985 huet d'UNESCO d'Altstadt an d'Befestegunge zum Weltierwen ernannt.

Mat 531.902 Awunner (2016) ass Québec déi zweetgréisst Stad an der Provënz an déi eeleftgréisst vu Kanada. 93,8 % vun der Bevëlkerung schwätze Franséisch. D'Metropolregioun Communauté métropolitaine de Québec, zu där och déi südlech geleeë Stad Lévis gehéiert, huet 812.205 Einwohner (2017).[1] Ekonomesch ass den Tertiärsecteur dominant, also d'Déngschtleeschtungen, mat enger jett Administratiounen, déi do sinn. Och den Tourismus ass wichteg. D'Industrie ass op Recherche a Spëtzentechnologie ausgeriicht; d'Holzindustrie, déi fréier dominéiert huet, spillt haut kaum nach eng Roll.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Quebec City – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Québec (Kanada): Provinz, Städte & Gemeinden - Einwohnerzahlen, Karten, Grafiken, Wetter und Web-Informationen. Gekuckt 2018-09-01