2016
Ausgesinn
◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
2012 |
2013 |
2014 |
2015 |
2016
| 2017
| 2018
| 2019
| 2020
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2016.
D'Joer 2016 huet op engem Freideg ugefaangen. Et war e Schaltjoer.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 4. November: Den Accord vu Paräis, Nofollger vum Kyoto-Protokoll, trëtt a Kraaft.
Europa
[änneren | Quelltext änneren]
- 24. Januar: De Marcelo Rebelo de Sousa gëtt bei de Presidentewalen am Portugal am éischten Tour als neie President gewielt.
- 11. Februar: De Māris Kučinskis gëtt neie Premierminister vun Lettland.
- 6. Mäerz: Bei de Parlamentswalen an der Slowakei gewënnt dem Premier Robert Fico seng SMER Partei déi meescht Stëmmen, verléiert awer d'absolut Majoritéit.
- 22. Mäerz: 35 Doudeger (plus déi 3 Attentäter) an 340 Blesséierter bei Terror-Attacken um Fluchhafen an am Metro vu Bréissel.
- 7. Abrëll: De Sigurður Ingi Jóhannsson gëtt neie Premierminister an Island, nodeems de Sigmundur Gunnlaugsson wéinst enger virum Parlament verheemlechter Bréifboîttefirma, zeréckgetrueden ass.
- 14. Abrëll: De Wladimir Groisman gëtt neie Ministerpresident an der Ukrain.
- 6. Mee: No de Parlamentswale vum 25. Februar an Irland gëtt den Enda Kenny als Taoiseach (Premierminister) erëmgewielt.
- 17. Mee: Nom Récktrëtt vum éisträichesche Kanzler Werner Faymann, den 9. Mee, gëtt de Christian Kern als säin Nofollger vereedegt.
- 22. Mee: Den Alexander Van der Bellen gëtt am 2. Tour zum neie President vun Éisträich gewielt. Well et zu Onreegelméissegkeete beim Ausziele koum, gëtt d'Wal de 4. Dezember widderholl.
- 1. Juni: An der Schwäiz gëtt de Gotthard-Basistunnel, mat 57 km Längt de längsten Eisebunnstunnel vun der Welt, a Betrib geholl.
- 23. Juni: Bei engem Referendum am Vereenegte Kinnekräich stëmmen 51,9 % vun de Wieler dofir, datt hiert Land aus der Europäescher Unioun austriede soll. De Premier David Cameron, deen dogéint war, trëtt deen Dag drop zeréck.
- 25. Juni: De Guðni Th. Jóhannesson gëtt zum neie Staatspresident vun Island gewielt. Hie gëtt den 1. August vereedegt.
- 26. Juni: Neiwalen a Spuenien, nodeems d'Parlamentswale vum Dezember 2015 keng regierungsfäeg Majoritéit ervirbruecht hunn. No laangem Gedeessems gëtt de Mariano Rajoy (PP) den 29. Oktober zum Premierminister vun enger Minoritéitsregierung erëmgewielt.
- 13. Juli: D'Theresa May gëtt zur neier brittescher Premierministesch ernannt.
- 14. Juli: Zu Nice iwwerrennt e Mann mat engem Camion Dosende vu Leit, déi d'Freedefeier vum Franséischen Nationalfeierdag gekuckt hunn; et gëtt op d'mannst 84 Doudeger an Honnerte vu Blesséierten.
- 24. August: Bei engem Äerdbiewen an der italieenescher Provënz Rieti stierwen ronn 300 Leit.
- 3. Oktober: D'Kersti Kaljulaid gëtt zu der neier Staatspresidentin vun Estland gewielt; si iwwerhëlt hiert Amt den 10. Oktober.
- 19. Oktober: Den Andrej Plenković gëtt neie Premierminister a Kroatien.
- 13. November: De Rumen Radew gewënnt den 2. Tour vun de Presidentschaftswalen a Bulgarien. Hie gëtt den 22. Januar 2017 vereedegt.
- 13. November: Den Igor Dodon gewënnt am 2. Tour d'Presidentschaftswalen a Moldawien.
- 22. November: No de Parlamentswale vum 9. an 23. Oktober a Litauen, bei där d'Regierungsparteie staark verluer hunn, gëtt de Saulius Skvernelis (Unioun vun deene Gréngen an de Baueren) als neie Premierminister vereedegt.
- 23. November: An Estland gëtt de Jüri Ratas Ministerpresident an enger neiforméierter Regierungskoalitioun.
- 28. November: Den Duško Marković gëtt neie Premierminister a Montenegro.
- 4. Dezember: Den Alexander Van der Bellen gëtt bei enger Widderhuelung vun der Stéchwal zum neie President gewielt.
- 4. Dezember: Knapps 60 % vun de Wieler an Italie stëmme bei engem Referendum géint eng Verfassungsännerung, déi vum Matteo Renzi senger Regierung proposéiert gouf; de Renzi trëtt deen Dag drop zeréck.
- 6. Dezember: De Bernard Cazeneuve gëtt nom Récktrëtt vum Manuel Valls neie Premierminister a Frankräich.
- 11. Dezember: De Paolo Gentiloni gëtt zum neie Ministerpresident vun Italien ernannt.
- 19. Dezember: Bei enger Terrorattack op e Chrëschtmaart zu Berlin, wéi een Attentäter mat engem Camion an d'Leit rennt, stierwen 13 Persounen. Den Täter gëtt 4 Deeg méi spéit bei enger Kontroll an Italien erschoss.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 22. Juli: De Skatepark Péitruss an der Stad Lëtzebuerg gëtt ageweit.
- 22. Juli: De Lift Pafendall-Uewerstad gëtt a Betrib geholl.
-
Skatepark Péitruss
-
Lift Pafendall-Uewerstad.
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]- 20. Februar: De Faustin-Archange Touadéra wënnt d'Presidentewalen an der Zentralafrikanescher Republik.
- 20. Mäerz: Bei de Legislativwalen am Kap Verde gewënnt d'Oppositiounspartei ënnert dem Ulisses Correia e Silva; dëse gëtt den 22. Abrëll neie Premierminister.
- 20 Mäerz: Bei de Presidentewalen an der Republik Kongo gëtt den Denis Sassou-Nguesso erëmgewielt.
- 20 Mäerz: Bei de Presidentewalen am Benin gëtt de Patrice Talon zum neie President gewielt.
- 20 Mäerz: Bei de Presidentewalen am Niger gëtt de Mahamadou Issoufou erëmgewielt.
- 10. Abrëll: Presidentewalen am Tschad.
- 10. Abrëll: Presidentewalen op de Komoren (2. Tour).
- 31. August: Den Ali Bongo gëtt zum Gewënner vun de Presidentewalen am Gabun deklaréiert.
- 2. Oktober: De Jorge Carlos Fonseca gëtt als President vum Cap Vert erëmgewielt.
- 1. Dezember: Den Adama Barrow gëtt zum neie President vu Gambia gewielt.
- 7. Dezember: Den Nana Akufo-Addo gewënnt d'Presidentewalen am Ghana.
Amerika
[änneren | Quelltext änneren]USA
[änneren | Quelltext änneren]- 8. November: Den Donald Trump (Republikaner) gewënnt d'US-Presidentschaftswale géint d'Hillary Clinton (Demokraten).
Mëttel- a Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]- 14. Januar: De Jimmy Morales gëtt als neie President vu Guatemala vereedegt.
- 25. Februar: Legislativwalen a Jamaika.
- 10. Abrëll: Parlaments- a Presidentewalen am Peru; de Pedro Pablo Kuczynski gëtt den 28. Juli als neie President vereedegt.
- 24. August: No enger joerzéngtelaanger Guerilla schléisst d'FARC e Waffestëllstandsaccord mat der kolumbianescher Regierung.
- 31. August: D'Dilma Rousseff gëtt duerch e Mësstrauensvott vun hirem Amt als Presidentin vu Brasilien ofgesat. Nofollger gëtt de Michel Temer.
- 7. November: Den Daniel Ortega gëtt als President vun Nicaragua erëmgewielt.
Asien
[änneren | Quelltext änneren]- 16. Januar: D'Tsai Ing-wen gëtt als nei nei Presidentin vun Taiwan gewielt.
- 15. Mäerz: Den Htin Kyaw gëtt als neie President vum Myanmar gewielt.
- 20. Mäerz: Legislativwalen am Kasachstan.
- 20. Mäerz: Legislativwalen am Laos.
- 9. Mee: De Rodrigo Duterte gëtt zum neie President op de Philippinnen gewielt.
- 24. Mee: Nom Récktrëtt vum Ahmet Davutoğlu gëtt de Binali Yıldırım neie Premierminister an der Tierkei.
- 15. Juli: Bei engem Putschversuch an der Tierkei duerch Deeler vun der Arméi kommen eng 260 Leit ëm d'Liewen a 1400 ginn der blesséiert. An de Wochen a Méint dono gëllt den Ausnamezoustand; Dausende vu Beamten, Riichter, Enseignanten, Militär oder Medieleit gi verhaft oder entlooss.
- 26. August: D'Yavuz Sultan Selim Bréck iwwer de Bosporus, déi gréisst Hänkbréck vun der Welt, geet fir de Verkéier op.
- 1. Dezember: De Maha Vajiralongkorn gëtt nei Kinnek vun Thailand.
- 5. Dezember: De Shavkat Mirziyoyev gëtt neie President an Usbekistan.
- 12. Dezember: De Muhammad V. vu Kelantan gëtt zum neie Kinnek vu Malaysien gewielt.
Ozeanien & Pazifik
[änneren | Quelltext änneren]- 2. Juli: Parlamentswalen an Australien, dem Malcolm Turnbull seng Liberal–National Koalitioun gëtt opgrond vun de Resultater virugefouert.
- 12. Dezember: De Bill English gëtt, nom Récktrëtt vum John Key, neie Premierminister an Neiséiland.
Arabesch Welt
[änneren | Quelltext änneren]- 31. Oktober: De Michel Aoun gëtt zum neie President vum Libanon gewielt.
Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]- San Sebastián a Wrocław sinn Europäesch Kulturhaaptstied 2016.
Molerei
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Servais-Präis fir dem Jean Portante säi L'architecture des temps instables.
- De Bernd Marcel Gonner (Pirat) an den James Leader (The Venus Zone) gewannen den Nationale Literaturconcours.
Musek
[änneren | Quelltext änneren]- D'Jamala (Ukrain) gewënnt mam Lidd 1944 déi 61. Editioun vum Eurovision Song Contest.
Kino
[änneren | Quelltext änneren]- Oscar fir de beschte Film: Spotlight vum Tom McCarthy.
- César fir de beschte Film: Fatima vum Philippe Faucon
- Gëlle Palm um Filmfestival vu Cannes: I, Daniel Blake vum Ken Loach.
Lëtzebuerg
- 5. Mäerz: Lëtzebuerger Filmpräis fir de beschte Film: Eng nei Zäit vum Christophe Wagner.
- Première vun: Eldorado (16.3.), Foreign Affairs (27.4.), Voices from Chernobyl (27.4.), Streik! (11.5.), Kropemann (16.10),...
Ekonomie
[änneren | Quelltext änneren]
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]- 3. Januar: D'UICPA an d'UIPPA confirméieren d'Entdeckung vun den Elementer Ununtrium, Ununpentium, Ununseptium et Ununoctium. Den 28. November kréie se vun der International Union of Pure and Applied Chemistry déi offiziell Nimm Nihonium (113), Moscovium (115), Tennessin (117), an Oganesson (118).
- 16. Januar: Astronome vum California Institute of Technology (Caltech) gi bekannt, datt et mat grousser Warscheinlechkeet e bis ewell onentdeckte planéitenaartegen Himmelskierper um Bord vun eisem Sonnesystem misst ginn, deen de provisoreschen Numm Planéit Néng (Planet nine) krut.
- 4. Juli: D'Raumsond Juno erreecht den Orbit vum Jupiter, fir vun do aus annerhallef Joer laang de Gasplanéit ze studéieren.
- 15. Dezember: Den europäesche Satellitten-Navigatiounssystem Galileo hëlt säi reguläre Betrib op.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 10. Juni - 10. Juli: Portugal wënnt mat 1:0 géint Frankräich d'Finall vun der 15. Foussball-Europameeschterschaft vun de Männer a Frankräich.
- 2. - 24. Juli: Den Tour de France 2016 gëtt am Generalklassement vum Christopher Froome gewonnen.
- 5. - 21. August: Olympesch Summerspiller zu Rio de Janeiro.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 25. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an engem Frëndschaftsmatch an der Stad Lëtzebuerg 0:3 géint Bosnien-Herzegowina, dobäi huet de Lëtzebuerger Maxime Chanot ee Selbstgol geschoss[1].
- 29. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an engem Frëndschaftsmatch an der Stad Lëtzebuerg 0:2 géint Albanien[2].
- 31. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an engem Frëndschaftsmatch an der Stad Lëtzebuerg 1:3 géint Nigeria, de Vincent Thill huet de Gol fir Lëtzebuerg geschoss[3].
- 2. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an engem Frëndschaftsmatch zu Riga 1:3 géint Lettland, den Daniel da Mota huet de Gol fir Lëtzebuerg geschoss[4].
- 6. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2018 zu Sofia 3:4 géint Bulgarien, den Aurélien Joachim (2 Goler) an de Florian Bohnert hunn d'Goler fir Lëtzebuerg geschoss[5].
- 7. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2018 zu Lëtzebuerg 0:1 géint Schweden[6].
- 9. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2018 zu Borisov 1:1 géint Wäissrussland, de Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Aurélien Joachim geschoss[7].
- 13. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2018 zu Lëtzebuerg 1:3 géint Holland, de Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Maxime Chanot geschoss[7].
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1. Januar: Jean-Michel Treinen, lëtzebuergeschen Auteur, Iwwersetzer a Museker.
- 2. Januar: Michel Delpech, franséische Sänger.
- 3. Januar: Charles Kohl, lëtzebuergesche Sculpteur a Moler.
- 4. Januar: Michel Galabru, franséische Schauspiller.
- 5. Januar: Pierre Boulez, franséische Komponist an Dirigent.
- 6. Januar: Silvana Pampanini, italieenesch Filmschauspillerin.
- 6. Januar: Yves Vincent, franséische Filmschauspiller.
- 10. Januar: David Bowie, brittesche Museker.
- 12. Januar: Ruth Leuwerik, däitsch Schauspillerin.
- 14. Januar: Alan Rickman, brittesche Schauspiller.
- 18. Januar: Glenn Frey, US-amerikanesche Rockmuseker.
- 18. Januar: Michel Tournier, franséische Schrëftsteller.
- 19. Januar: Ettore Scola, italieenesche Filmregisseur.
- 20. Januar: Edmonde Charles-Roux, franséisch Schrëftstellerin.
- 21. Januar: Marie Daëms, franséisch-belsch Schauspillerin.
- 27. Januar: Artur Fischer, däitschen Erfinder.
- 29. Januar: Jacques Rivette, franséische Filmregisseur.
- 30. Januar: Frank Finlay, englesche Schauspiller.
- 7. Februar: Roger Willemsen, däitschen Auteur an Televisiouns-Moderater.
- 7. Februar: Carlo Nell, franséische Schauspiller a Sänger
- 14. Februar: Marco Conrardy, lëtzebuergeschen Autosportler
- 16. Februar: Boutros Boutros-Ghali, egyptesche Politiker an UN-Generalsekretär.
- 17. Februar: Andrzej Żuławski, polnesche Regisseur.
- 19. Februar: Umberto Eco, italieenesche Semiotiker a Schrëftsteller.
- 19. Februar: Harper Lee, US-amerikanesch Schrëftstellerin.
- 22. Februar: Douglas Slocombe, englesche Kameramann a Fotograf.
- 23. Februar: Valérie Guignabodet, franséisch Filmregisseurin.
- 23. Februar: Peter Lustig, däitsche Fernseemoderator.
- 25. Februar: François Dupeyron, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 28. Februar: George Kennedy, US-amerikanesche Schauspiller.
- 5. Mäerz: Nikolaus Harnoncourt, éisträicheschen Dirigent.
- 6. Mäerz: Nancy Reagan, US-amerikanesch First Lady.
- 7. Mäerz: Roger Diederich, lëtzebuergesche Lokalpolitiker a Museker.
- 11. Mäerz: Nicole Maurey, franséisch Schauspillerin.
- 13. Mäerz: Béby Kohl-Thommes, lëtzebuergesch Sopranistin.
- 14. Mäerz: Riccardo Garrone, italieenesche Schauspiller.
- 17. Mäerz: Hugo Strasser, däitschen Jazz-Museker.
- 18. Mäerz: Lothar Späth, däitsche Politiker.
- 18. Mäerz: Guido Westerwelle, däitsche Politiker.
- 22. Mäerz: Rita Gam, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 24. Mäerz: Roger Cicero, däitsche Sänger.
- 25. Mäerz: Imre Pozsgay, ongresche Politiker.
- 27. Mäerz: Alain Decaux, franséischen Historiker.
- 29. Mäerz: Jean-Pierre Coffe, franséische Journalist, Auteur a Kritiker.
- 31. Mäerz: Hans-Dietrich Genscher, däitsche Politiker.
- 31. Mäerz: Zaha Hadid, irakesch-brittesch Architektin.
- 31. Mäerz: Imre Kertész, ongresche Schrëftsteller a Literaturnobelpräisdréier.
- 2. Abrëll: Gato Barbieri, argentineschen Jazz-Saxophonist a Filmmusekkomponist.
- 3. Abrëll: Edmond Freess, franséische Filmregisseur a Moler.
- 16. Abrëll: Louis Pilot, lëtzebuergesche Foussballspiller a Foussballtrainer.
- 20. Abrëll: Guy Hamilton, brittesche Filmregisseur.
- 21. Abrëll: Prince, US-amerikanesche Museker.
- 25. Abrëll: Martin Gray, franko-amerikaneschen Auteur.
- 1. Mee: Madeleine Lebeau, franséisch Schauspillerin.
- 3. Mee: Carl Fredrik Reuterswärd, schweedesche Moler a Sculpteur.
- 4. Mee: Rita Renoir, franséisch Schauspillerin a Stripteaserin.
- 6. Mee: Niklaus Schilling, Schwäizer Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 15. Mee: Erika Berger, däitsch Moderatorin a Sexberoderin.
- 16. Mee: François Maistre, franséische Schauspiller an Theaterregisseur.
- 17. Mee: Guy Wagner, lëtzebuergesche Schrëftsteller an Auteur.
- 18. Mee: Fritz Stern, US-amerikaneschen Historiker.
- 23. Mee: Jos Hoffmann, lëtzebuergesche Cabaretsbedreiwer.
- 24. Mee: Lewis Fiander, australesche Schauspiller.
- 28. Mee: Giorgio Albertazzi, italieenesche Schauspiller a Regisseur.
- 2. Juni: Häns'che Weiss, däitschen Jazzgittarist.
- 3. Juni: Muhammad Ali, US-amerikanesche Schwéiergewiichtsboxer.
- 4. Juni: Carmen Pereira, Politikerin aus Guinea-Bissau.
- 8. Juni: Marina Malfatti, italieenesch Schauspillerin.
- 10. Juni: Mimmo Palmara, italieenesche Schauspiller.
- 14. Juni: Lidia Biondi, italieenesch Schauspillerin.
- 16. Juni: Jo Cox, brittesch Politikerin.
- 19. Juni: Götz George, däitsche Schauspiller.
- 20. Juni: Benoîte Groult, franséisch Schrëftstellerin.
- 21. Juni: René Federspiel, lëtzebuergesche Politiker.
- 25. Juni: Manfred Deix, éisträichesche Karikaturist a Graphiker.
- 26. Juni: Nicole Courcel, franséisch Schauspillerin.
- 26. Juni: Roland Karpen, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 27. Juni: Bud Spencer, italieenesche Schauspiller.
- 2. Juli: Michael Cimino, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 2. Juli: Roger Dumas, franséische Schauspiller.
- 2. Juli: Michel Rocard, franséische Politiker.
- 2. Juli: Elie Wiesel, rumänesch-US-amerikanesche Schrëftsteller a Friddensnobelpräisdréier.
- 4. Juli: Abbas Kiarostami, iranesche Filmregisseur.
- 8. Juli: Jacques Rouffio, franséische Filmregisseur.
- 9. Juli: Erny Brenner, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 11. Juli: René Clesse, lëtzebuergeschen Auteur.
- 19. Juli: Garry Marshall, US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 19. Juli: Jean-Paul Jacobs, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 21. Juli: Felicitas Mayall, däitsch Journalistin a Schrëftstellerin.
- 24. Juli: Jacques Hansen, Direkter vum lëtzebuergesche Roude Kräiz
- 3. August: Léon Nilles, lëtzebuergesche Bauingenieur, Auteur an Hotelier.
- 4. August: Sinaida Maximowna Scharko, russesch Schauspillerin.
- 8. August: René Arend, lëtzebuergesche Kach.
- 9. August: Ernst Iossifowitsch Neiswestny, russesch-US-amerikanesche Sculpteur a Konschtphilosoph.
- 17. August: Arthur Hiller, kanadesche Filmregisseur.
- 18. August: Ernst Nolte, däitschen Historiker a Philosoph.
- 22. August: Toots Thielemans, belsche Mondharmonika-Spiller.
- 22. August: Jacqueline Pagnol, franséisch Schauspillerin.
- 22. August: Vic Fischbach, lëtzebuergeschen Agronom, Zwangsrekrutéierten, Resistenzler an Auteur.
- 23. August: Reinhard Selten, däitschen Ekonomist a Mathematiker.
- 24. August: Michel Butor, franséischen Auteur.
- 24. August: Walter Scheel, däitsche Politiker a Bundespresident.
- 24. August: Roger Tsien, US-amerikaneschen Zellbiolog.
- 25. August: James Cronin, US-amerikanesche Physiker.
- 29. August: Gene Wilder, US-amerikanesche Schauspiller.
- 30. August: Marc Riboud, franséische Fotograf.
- 2. September: Islom Karimov, Staatspresident vun Usbekistan.
- 2. September: Paul Muller, Schweizer Schauspiller.
- 5. September: Hugh O'Brian, US-amerikanesche Schauspiller.
- 10. September: Giuliano Carnimeo, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 12. September: Albert Schaack, lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.
- 14. September: Bert Theis, lëtzebuergesche Kënschtler.
- 16. September: Edward Albee, US-amerikaneschen Theaterauteur.
- 16. September: Carlo Azeglio Ciampi, italieenesche Politiker a Staatspresident.
- 20. September: Curtis Hanson, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 26. September: Herschell Gordon Lewis, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 28. September: Schimon Peres, israeelesche Politiker a Staatspresident.
- 2. Oktober: Neville Marriner, britteschen Dirigent.
- 8. Oktober: Pierre Tchernia, franséische Tëleesanimateur, Dréibuchauteur a Regisseur.
- 9. Oktober: Andrzej Wajda, polnesche Filmregisseur.
- 13. Oktober: Bhumibol Adulyadej, Kinnek vun Thailand.
- 13. Oktober: Dario Fo, italieenesche Schrëftsteller a Literatur-Nobelpräisdréier.
- 13. Oktober Gust Goerens, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 13. Oktober: Tonino Valerii, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 14. Oktober: Pierre Étaix, franséische Filmregisseur a Schauspiller.
- 19. Oktober: Yvette Chauviré, franséisch Balletsdänzerin.
- 21. Oktober: Nicolas Koob, lëtzebuergeschen Autospilot.
- 21. Oktober: Danik Patisson, franséisch Schauspillerin.
- 27. Oktober: Manfred Krug, däitsche Schauspiller.
- 5. November: Jos Romersa, lëtzebuergeschen Turner.
- 8. November: Raoul Coutard, franséische Kameramann a Filmregisseur.
- 10. November: Leonard Cohen, kanadesche Singer-Songwriter.
- 11. November: Ilse Aichinger, éisträichesch Schrëftstellerin.
- 11. November: Robert Vaughn, US-amerikanesche Schauspiller.
- 15. November: Narf, spuenesche Sänger, Komponist a Gittarist.
- 25. November: Fidel Castro, Staatspresident vu Kuba.
- 25. November: David Hamilton, brittesche Fotograf a Regisseur.
- 26. November: Fritz Weaver, US-amerikanesche Schauspiller.
- 27. November: Kitty Deville, lëtzebuergesch Enseignante a Fraerechtlerin.
- 28. November: Mark Taimanow, russesche Schachgroussmeeschter.
- 3. Dezember: Yves Schaaf, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 4. Dezember: Marcel Gottlieb, franséische Comiczeechner.
- 6. Dezember: Peter Vaughan, englesche Schauspiller.
- 7. Dezember: Greg Lake, englesche Museker.
- 8. Dezember: John Glenn, US-amerikaneschen Astronaut.
- 10. Dezember: Armand Kaiser, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 18. Dezember: Zsa Zsa Gabor, US-amerikanesch-ungaresch Schauspillerin.
- 14. Dezember: Jean-Paul Pier, lëtzebuergesche Mathematiker an Universitéitsprofesser.
- 20. Dezember: Michèle Morgan, franséisch Schauspillerin.
- 23. Dezember: Heinrich Schiff, éisträicheschen Cellist an Dirigent.
- 24. Dezember: Rick Parfitt, brittesche Museker.
- 25. Dezember: George Michael, brittesche Sänger, Komponist a Museksproduzent.
- 25. Dezember: Vera Rubin, US-amerikanesch Astronomin.
- 27. Dezember: Carrie Fisher, US-amerikanesch Schauspillerin an Autorin.
- 27. Dezember: Claude Gensac, franséisch Schauspillerin.
- 27. Dezember: Mathias Hinterscheid, lëtzebuergesche Gewerkschaftler.
- 28. Dezember: Debbie Reynolds, amerikanesch Schauspillerin a Varietéskënschtlerin.
- 29. Dezember: Ferdi Kübler, Schwäizer Vëlossportler.
- 29. Dezember: Roger Leiner, lëtzebuergesche Comiczeechner.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: 2016 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Lännermatch Lëtzebuerg-Bosnien-Herzegovina op eu-football.info
- ↑ Lännermatch Lëtzebuerg -Albanien op eu-football.info
- ↑ Lännermatch Lëtzebuerg-Nigeria op eu-foottball.eu
- ↑ Lännermatch Lettland-Lëtzebuerg op eu-football.info
- ↑ Lännermatch Bulgarien-Lëtzebuerg op www.eu-football.info
- ↑ Lännermatch Lëtzebuerg-Schweden op eu-football.info
- ↑ 7,0 7,1 Lännermatch Wäissrussland-Lëtzebuerg op www.eu-football.info