De 6. September ass den 249. Dag vum Joer (250. am Schaltjoer ) am Gregorianesche Kalenner .
1961 : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Wuppertal 0:5 géint d'Bundesrepublik Däitschland.[1]
1964 : De leschten Tram fiert op der Linn 10 vun der Theaterplaz (Stad Lëtzebuerg ) op Walfer .
1995 : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1996 , 1:0 géint Malta. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Luc Holtz geschoss.[2]
2003 : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Ploiesti , am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2004 , 0:4 géint Rumänien.[3]
2006 : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Hesper 0:0 géint Lettland.[4]
2008 : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010 , 0:3 géint Griicheland.[5]
2011 : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012 , 2:1 géint Albanien. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Gilles Bettmer an Aurélien Joachim geschoss.[6]
2013 : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Kazan (Russland ), am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2014 , 1:4 géint Russland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Aurélien Joachim geschoss.[7]
2016 : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2018 zu Sofia 3:4 géint Bulgarien, den Aurélien Joachim (2Goler) an de Florian Bohnert hunn d'Goler fir Lëtzebuerg geschoss.[8]
1757 : Marquis de La Fayette , franséische Generol.
1766 : John Dalton , engleschen Naturfuerscher a Schoulmeeschter.
1852 : Alexander Rüdell , däitschen Architekt.
1869 : Felix Salten , Schwäizer Feuilletonist a Schrëftsteller.
1874 : Pierre Anen , lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Lokalhistoriker.
1881 : Jean Schoenberg , lëtzebuergeschen Architekt.
1885 : Otto Kruger , US-amerikanesche Schauspiller.
1891 : Yrjö Väisälä , finneschen Astronom a Physiker.
1896 : Adolf Raderschall , däitsche Jurist a Krichsverbriecher.
1900 : Julien Green , franéische Schrëftsteller.
1912 : François Neuens , lëtzebuergesche Vëlossportler.
1912: Marcel Hopp , lëtzebuergesche Foussballspiller.
1915 : Franz Josef Strauß , däitsche Politiker.
1921 : Jean-Bernard Ney , lëtzebuergeschen Zaldot bei der Operatioun Overlord .
1925 : Andrea Camilleri , italieenesche Schrëftsteller.
1933 : Aldo Bolzan , italieenesch-lëtzebuergesche Vëlossportler.
1951 : Nico Valentiny , lëtzebuergesche Foussballspiller.
1957 : José Sócrates , portugisesche Politiker.
1958 : Jean-Pierre Barboni , lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.
1963 : Paul Lesch , lëtzebuergesche Geschichtsprofesser, Filmhistoriker a Regisseur an direkter vum CNA.
1966 : Emil Boc , rumänesche Politiker a Wëssenschaftler.
1971 : Dolores O'Riordan , iresch Sängerin
1969 : Tony DiTerlizzi , US-amerikaneschen Auteur a Buch-Illustrateur.
1977 : Katalin Novák , ungaresch Politikerin.
1979 : Jean-Louis Schuller , lëtzebuergesche Cinemathograph a Filmregisseur.
1568 : Antonius Hovaeus , kathoulesche Geeschtlechen, Abt vun der Iechternacher Abtei.
1683 : Jean-Baptiste Colbert , franséische Staatsmann.
1793 : Emmanuel Limpach , Abt vun der Abtei Iechternach.
1893 : Johann Ambrosius Zobel , éisträichesche Redemptioniste-Pater.
1904 : Louis Deibler , franséische Schaarfriichter.
1912 : Evrard Ketten , lëtzebuergesche Rousenziichter.
1922 : Charles Olm , lëtzebuergeschen Zoolog.
1946 : Théodore Boever , lëtzebuergesche Bauer a Politiker.
1954 : Nicolas Kummer , lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
1959 : Edmund Gwenn , brittesche Schauspiller.
1962: Hanns Eisler , éisträichesch-däitsche Komponist.
1965 : Otto Rommel , éisträicheschen Theater- a Literaturhistoriker.
1974 : Otto Kruger , US-amerikanesche Schauspiller.
1975 : Marie Clausse , lëtzebuergesch Fraerechtlerin a Resistenzlerin.
1977 : Charles Lehrmann , Groussrabbiner vu Lëtzebuerg.
1981 : Christy Brown , iresche Schrëftsteller a Moler.
1990 : Georges Gales , lëtzebuergesche Foussballspiller.
1994 : Duccio Tessari , italieenesche Filmregisseur.
1998 : Akira Kurosawa , japanesche Regisseur.
2007 : Luciano Pavarotti , italieeneschen Tenorsänger.
2009 : Sim , franséische Schauspiller, Komiker a Schrëftsteller.
2018 : Burt Reynolds , US-amerikanesche Schauspiller.
2019 : Robert Mugabe , simbabwesche President a Politiker.
2021 : Jean-Paul Belmondo , franséische Schauspiller.
2021: Nino Castelnuovo italieenesche Schauspiller.
2021: Michael K. Williams , US-amerikanesche Schauspiller.
2022 : Marie-Thérèse Boever , lëtzebuergesch Politikerin.
2022: Just Jaeckin , franséische Filmregisseur a Fotograf.
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Däitschland-Lëtzebuerg vum 6. September 1961 op der Websäit vun European Football
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Malta de 6. September 1995 op der Websäit vun European Football
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Rumänien-Lëtzebuerg de 6. September 2003 op der Websäit vun European Football.info
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Lettland de 6. September 2006 op der Websäit vun European Football.info
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Griicheland de 6. September 2008 op der Websäit vun European Football.info
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Albanien de 6. September 2011 op der Websäit vun European Football
↑ Reportage iwwer de Foussballlännertmatch Russland -Lëtzebuerg de 6. September 2013 zu Kazan op wort.lu
↑ Lännermatch Bulgarien-Lëtzebuerg op www.eu-football.info