1958
Ausgesinn
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1954 |
1955 |
1956 |
1957 |
1958
| 1959
| 1960
| 1961
| 1962
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1958.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]Europa
[änneren | Quelltext änneren]- : D' 1. JanuarRéimesch Traitéen, déi d'EWG schafen, trieden a Kaaft; d'Europäesch Investitiounsbank gëtt gegrënnt.
- : d' 3. FebruarBelsch, Holland a Lëtzebuerg ënnerschreiwen de Benelux-Traité.
- 19. Mäerz: D'Europäescht Parlament kënnt als parlamentaresch Assemblée vun der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft, eng éischt Kéier zu Stroossbuerg zesummen, de Robert Schuman gëtt säi President.
- 15. Abrëll: D'Weltausstellung Expo 58 zu Bréissel mécht hir Dieren op (bis den 19. Oktober).
- : De 1. JuniCharles de Gaulle gëtt franséische Ministerpresident mat besonnesche Vollmuechte fir an Algerien der Rebellioun en Enn ze maachen.
- 16. Juni: Den ungaresche Ministerpresident Imre Nagy gëtt wéinst konterrevolutionärem Behuelen zu Budapest exekutéiert.
- 26. Juni: De Gaston Eyskens gëtt Premierminister an der Belsch (Regierung Eyskens II).
- 28. September: Bei engem Referendum stëmmen d'Fransouse fir den Ëmbau vum Staat zu der Fënnefter Republik.
- : A Frankräich trëtt d'Verfassung vun der Fënnefter Republik a Kraaft. 4. Oktober
- 28. Oktober: De Jean XXIII. (Angelo Giuseppe Roncalli) gëtt zum neie Poopst gewielt.
- 21. Dezember: De Charles de Gaulle gëtt zum President vu Frankräich gewielt.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 29. Mäerz: Zu Lëtzebuerg gëtt d'Regierung Frieden, eng Koalitiounsregierung aus CSV an LSAP, vereedegt, de Pierre Frieden gëtt neie Premierminister.
- : Katastrophal Iwwerschwemmungen op der Ënner 1. Julisauer, besonnesch betraff sinn Iechternach a d'Bollenduerfer Bréck.
- : Per Gesetz gëtt en 7. JuliInstitut pédagogique gegrënnt.
- 10. Juli: Ofkommes tëscht Lëtzebuerg a Rheinland-Pfalz iwwer de Bau vun engem Pompelspäicherwierk zu Veianen.
- 23. August: Ofkommes iwwer Rechts- und Amtshëllef tëscht Lëtzebuerg an Däitschland.
- 5. Dezember: d'Nationalbibliothéik an d'Staatsarchive kréien e gesetzleche Kader.
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]- : Franséisch Kampffliger bombardéieren d' 8. Februartunesescht Duerf Sakhiet Sidi Youssef, 79 Mënschen, all Zivilisten, stierwen dobäi.
- 13. Mee: An Algerien rebelléiere Militär an Algerienfransousen. De Generol Jacques Massu gëtt zum President vun engem Comité du salut public ausgeruff.
- : Tunesien a 1. OktoberMarokko gi Member vun der Arabescher Liga.
- : 2. OktoberGuinea gëtt vu Frankräich onofhängeg, de Sékou Touré gëtt Staatspresident.
- 30. November: Franséisch-Equatorialafrika gëtt opgeléist. Et entstinn éi 4 Länner Republik Kongo, Gabun, Tschad an Zentralafrikanesch Republik (déi 1960 onofhängeg ginn).
- : 4. DezemberDahomey (herno Benin), gëtt eng autonom Republik.
- 11. Dezember: Uewervolta (herno Burkina Faso) rifft d'Republik aus.
- 18. Dezember: D'Republik Niger gëtt ausgeruff.
Amerika
[änneren | Quelltext änneren]USA
[änneren | Quelltext änneren]Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]- 23. Januar: Zu Venezuela gëtt den Diktator Marcos Pérez Jiménez gestierzt.
- 23. Februar: Den Arturo Frondizi gëtt neien argentinesche President.
Asien
[änneren | Quelltext änneren]- 27. Mäerz: Den Nikita Chruschtschow gëtt Ministerpresident an der UdSSR.
- 14. Juli: Am Irak putscht d'Arméi ënner dem Colonel Abd al-Karim Qasim. De Kinnek Faisal II. gëtt ermuert.
- 27. Oktober: De Generol Muhammad Ayub Khan rifft a Pakistan den État de siège aus a riicht eng Militärdiktatur op.
Ozeanien & Pazifik
[änneren | Quelltext änneren]Arabesch Welt an Noen Osten
[änneren | Quelltext änneren]- : 1. FebruarEgypten a Syrien schléisse sech zu der Vereenegter Arabescher Republik zesummen.
- 14. Februar: Jordanien an den Irak schléisse sech zu der Arabescher Federatioun zesummen.
- : Am 9. MeeLibanon brécht de sougenannten Éischte Biergerkrich aus.
Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]Molerei
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Musek
[änneren | Quelltext änneren]- 12. Mäerz: Den André Claveau gewënnt fir Frankräich mam Lidd Dors, mon amour den 3. Eurovision Song Contest zu Hilversum.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 19. Juli: De Charly Gaul gewënnt den Tour de France.
Fousball
[änneren | Quelltext änneren]- D'Jeunesse Esch gëtt nationale Champion, d'Red Boys Déifferdeng gewannen d'Coupe du Luxembourg.
- : Déi 2. Mäerzlëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Robert Mond geschoss.[1]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 4:1 géint d'Bundesrepublik Däitschland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den 1. MeeNicolas Kettel, Ernest Jann a Camillen Dimmer (2) geschoss.[2]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu 4. MeeEsch-Uelzecht 0:0 géint Holland.[3]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu 7. MeeBern 2:2 géint Schwäiz. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Robert Mond a Vic Nurenberg geschoss.[4]
- 28. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg 2:2 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jean-Pierre Fiedler an Nicolas Kettel geschoss.[5]
- 26. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Esch-Uelzecht 1:3 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Henri Cirelli geschoss.[6]
- 11. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Jambes 2:3 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Albert Schaack an ee belsche Spiller (Selbstgol) geschoss.[7]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]- : 1. JanuarGrandmaster Flash, US-amerikanesche Rapper, Musek-Produzent an DJ.
- : 5. JanuarMonica Guerritore, italieenesch Schauspillerin.
- 15. Januar: Boris Tadić, serbesche Politiker a Staatspresident.
- 16. Januar: Mario Daubenfeld, e lëtzebuergesche Generol a Politiker.
- 18. Januar: Jo Kox, administrativen Direkter vum Casino Luxembourg – Forum d'art contemporain.
- 24. Januar: François Bertemes, lëtzebuergeschen Archeolog an Historiker.
- 27. Januar: Habib Koité, malesche Gittarist a Sänger.
- 28. Januar: Jay Schiltz, lëtzebuergesche Journalist, Auteur a Kabarettist.
- : 8. FebruarMary Steenburgen, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 16. Februar: Ice-T, US-amerikanesche Rapper a Schauspiller
- 16. Februar: Lisa Loring, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 19. Februar: Helen Fielding, brittesch Auteur.
- 22. Februar: Kaïs Saïed, tuneesesche Jurist a Politiker.
- 24. Februar: Plastic Bertrand, belsche New-Wave-Museker.
- 25. Februar: Laurent Schonckert, lëtzebuergesche Foussballspiller a Manager.
- 26. Februar: Michel Houellebecq, franséische Schrëftsteller.
- 27. Februar: Laurence Ferreira Barbosa, franséisch Filmregisseurin an Dréibuchautorin.
- : 1. MäerzManou Scheitler, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- : 2. MäerzGaston Zangerlé, lëtzebuergeschen Auteur an Editeur.
- 10. Mäerz: Sharon Stone, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 14. Mäerz: Albert II. vu Monaco.
- 16. Mäerz: Marco Pütz, lëtzebuergesche Komponist a Saxophonist.
- 20. Mäerz: Holly Hunter, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 22. Mäerz: Janez Potočnik, sloweenesche Politiker an EU-Kommissär.
- 28. Mäerz: Claudio Botosso, italieenesche Schauspiller.
- 29. Mäerz: Marcel Simon, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- : 3. AbrëllAlec Baldwin, US-amerikanesche Schauspiller.
- 11. Abrëll: Luc Luycx, belsche Mënzdesigner.
- 11. Abrëll: Erny Dax, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 18. Abrëll: Christiane Claude-Modert, lëtzebuergesch Molerin.
- 21. Abrëll: Andie MacDowell, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 22. Abrëll: Pierre Gramegna, lëtzebuergeschen Diplomat a Politiker.
- 25. Abrëll: Luis Guillermo Solís, costa-ricaneschen Historiker a Politiker.
- 29. Abrëll: Michelle Pfeiffer, US-amerikanesch Schauspillerin.
- : 4. MeeRomain Jean, Trainer vun der lëtzebuergescher Dammefoussballnationalekipp.
- Keith Haring, US-amerikanesche Kënschtler. 4. Mee:
- 16. Mee: Doris Sander, däitsch Molerin.
- 17. Mee: Gaston Reinesch, lëtzebuergeschen Ekonomist.
- 17. Mee: Pol Schmoetten, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 20. Mee: Christian Spielmann, lëtzebuergesche Filmjournalist an Auteur.
- 23. Mee: Änder Bruns, lëtzebuergesche Spezialist vun der Geschicht vun der Festung Lëtzebuerg.
- 26. Mee: Félix Molitor, lëtzebuergesche Lyriker.
- 27. Mee: Nelly Lecomte, lëtzebuergesch Schrëftstellerin an Humanwëssenschaftlerin.
- 30. Mee: Marie Fredriksson, schweedesch Musekerin.
- : 2. JuniCamille Gira, lëtzebuergesche Politiker.
- : 7. JuniPrince, US-amerikanesche Museker.
- 14. Juni: Olaf Scholz, däitsche Politiker.
- 20. Juni: Draupadi Murmu, indesch Politikerin.
- 22. Juni: Jacques Bonnaffé, franséische Schauspiller.
- 25. Juni: Pina Delvaux, Kënschtlerin.
- 27. Juni: Piotr Fijas, polnesche Schisprénger.
- : 1. JuliJohn Lorent, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- : 4. JuliFerdinand Kayser, lëtzebuergeschen Ekonomiste.
- : 7. JuliMichala Petri, dänesch Flüttistin.
- 15. Juli: Jörg Kachelmann, Schwäizer Moderator, Auteur a Journalist.
- 17. Juli: Wong Kar-wai, Filmregisseur aus Hong Kong.
- 25. Juli: Alexandre Schaumasse, franséischen Astronom.
- 29. Juli: Solveig Dommartin, franséisch Schauspillerin.
- 30. Juli: Kate Bush, englesch Musekerin.
- : 3. AugustLambert Wilson, franséische Schauspiller.
- : 9. AugustJean-Claude Hollerich, lëtzebuergesche Jesuittepater.
- 12. August: Mario Fratini, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 13. August: Marco Gaasch, lëtzebuergesche Bauer a Gewerkschaftler.
- 16. August: Madonna, US-amerikanesch Sängerin a Filmschauspillerin.
- 18. August: Roland Schmitt, däitsche Kënschtler a Graphiker.
- 18. August: Reg E. Cathey, US-amerikanesche Schauspiller.
- 22. August: Sylvie Andrich-Duval, lëtzebuergesch Psychologin a Politikerin.
- 24. August: Steve Guttenberg, US-amerikanesche Schauspiller.
- 25. August: Tim Burton, US-amerikanescher Filmregisseur.
- 29. August: Michael Jackson, US-amerikanesche Sänger.
- 30. August: Anna Stepanowna Politkowskaja, russesch Reporterin, a Mënscherechtsaktivistin.
- : 6. SeptemberJean-Pierre Barboni, lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.
- 10. September: Chris Columbus, US-amerikanesche Regisseur.
- 17. September: Janez Janša, sloweenesche Politiker.
- 19. September: Jacques Lanners, lëtzebuergeschen Ingenieur a Manager.
- 20. September: Anne-Claude Jeitz, lëtzebuergesch Designerin a Glaskënschtlerin.
- 22. September: Andrea Bocelli, italieenesche Sänger.
- 22. September: Cary Greisch, lëtzebuergesche Gittarist.
- 27. September: Rainer Klump, däitschen Ekonomist.
- 28. September: François Biltgen, lëtzebuergesche Politiker.
- 30. September: John Clemens, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- : 3. OktoberAlex Bodry, lëtzebuergesche Politiker.
- : 7. OktoberHenri Kaudé, lëtzebuergesche Schwëmmer a Sportler op de paralympesche Spiller 1992.
- : 8. OktoberUrsula von der Leyen, däitsch Politikerin.
- 11. Oktober: Jean-Marc Hoscheit, lëtzebuergesche Politolog an Diplomat.
- 11. Oktober: Rafael Springer, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 14. Oktober: Benny Reiter, lëtzebuergesch Foussballspiller a Foussballtrainer.
- 15. Oktober: Carlo Jungbluth, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 16. Oktober: Tim Robbins, US-amerikanesche Schauspiller.
- 22. Oktober: Ender Frings, däitsche Filmschauspiller.
- 23. Oktober: Thierry van Werveke, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 28. Oktober: Todd Skinner, US-amerikanesche Freeclimber.
- : 7. NovemberJacques Drescher, lëtzebuergesche Journalist.
- 11. November: Bernd Pfarr, däitsche Moler a Karikaturist.
- 17. November: Mary Elizabeth Mastrantonio, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 19. November: Algirdas Butkevičius, litauesche Politiker.
- 22. November: Jamie Lee Curtis, US-amerikanesch Schauspillerin a Kannerbuch-Auteur.
- : 4. DezemberCarlo Weis, lëtzebuergesche Foussballspiller a Foussballtrainer.
- : 6. DezemberNick Park, brittesche Trickfilm-Mécher.
- : 7. DezemberMarie Louise Coleiro Preca, malteesesch Politikerin.
- 14. Dezember: Geneviève Biwer, franséisch Konschtfotografin.
- 15. Dezember: Alfredo Ormando, italieenesche Schrëftsteller a Selbstmäerder fir LGBT-Rechter.
- 20. Dezember: Henri Traufler, lëtzebuergesche Professer an Historiker.
- 23. Dezember: Paula Mae Weekes, Politikerin aus Trinidad an Tobago.
- Mette Hanskov, dänesch Kontrabassspillerin.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- : 1. JanuarEdward Weston, US-amerikanesche Fotograf.
- : 5. AbrëllJean-Pierre Schloesser, lëtzebuergesche Véidokter a Politiker.
- 27. Abrëll: Michel Rasquin, lëtzebuergesche Journalist a Politiker.
- 29. Abrëll: Mathias Kesseler, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- : 1. JuniHenri Pensis, lëtzebuergesche Violonist, Komponist an Orchesterchef.
- : 6. JuniCharles Peffer, lëtzebuergesche Steemetzer a Politiker.
- : 9. JuniRobert Donat, englesche Schauspiller, Filmregisseur, Filmproduzent an Dréibuchauteur.
- 13. Juni: Nicolas Rollinger, lëtzebuergeschen Deputéierten.
- 16. Juni: Imre Nagy, ungaresche Politiker a Staatspresident.
- 20. Juni: Kurt Alder, däitsche Cheemiker.
- 14. Juli: Faisal II., Kinnek vum Irak tëscht 1939 an 1958.
- 24. Juli: Mathilda Maria Petronella Brugman, hollännesch Schrëftstellerin.
- : 7. AugustCamille Wampach, lëtzebuergeschen Historiker.
- 21. August: Kurt Neumann, däitsch-amerikanesche Filmregisseur.
- 23. August: Roger Martin du Gard, franséische Schrëftsteller.
- 17. September: Eugène Jungers, Generalgouverneur am Belsche Kongo.
- : 9. OktoberPius XII., Poopst tëscht 1939 an 1958.
- 25. November: Hélène Philippart, lëtzebuergesch Zänndoktesch.
- 21. Dezember: Lion Feuchtwanger, däitsche Schrëftsteller.
- 27. Dezember: Batty Fischer, lëtzebuergesche Fotograf.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 1958 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Spuenien den 2. Mäerz 1958 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Däitschland den 1. Mee 1958 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Holland de 4. Mee 1958 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg de 7. Mee 1958 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 28. September 1958 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich de 26. Oktober 1958 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 11. November 1958 op der Websäit vun European Football