Op den Inhalt sprangen

Camille Gira

Vu Wikipedia
Camille Gira
Gebuer 2. Juni 1958
Lëtzebuerg
Gestuerwen 16. Mee 2018
Lëtzebuerg
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Athénée de Luxembourg,
Lycée Robert-Schuman
Aktivitéit Politiker
Partei déi gréng

De Camille Gira, gebuer den 2. Juni 1958 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen de 16. Mee 2018[1], war e lëtzebuergesche Politiker (déi gréng). Hie war vum 4. Dezember 2013 bis zu sengem Doud Staatssekretär fir Nohalteg Entwécklung an Ëmwelt an der Regierung Bettel-Schneider.

Liewen a Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

De Camille Gira ass tëscht 1970 an 1977 am Stater Kolléisch an am Robert Schuman an de Lycée gaangen.[1][2]

Vun 1977 bis 1994 huet de Camille Gira als Fluchlots geschafft.[1][2] 1993 gouf hie Member vun Déi Gréng, nodeems en 1989 eng éischt Kéier op der Lëscht Ekologisten fir den Norden fir d'Chamber kandidéiert hat.[1] Bei de Chamberwale vum 12. Juni 1994 gouf hien als gréngen Deputéierten an d'Chamber gewielt a bei de Walen dono, allkéiers erëmgewielt.[2]

Vun 1990 bis 2013 war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Biekerech, nodeems en zanter 1982 do Schäffe war.[2] Vu 2010 bis 2013 war hie President vum Gemengesyndikat De Réidener Kanton.[2] Am Dezember 2013 huet hien op seng Mandater als Buergermeeschter an Deputéierte verzicht, fir Staatssekretär fir Nohalteg Entwécklung an Ëmwelt an der Regierung Bettel-Schneider ze ginn.[2]

Vun 2008 bis 2013 war hie President vun der Fédération luxembourgeoise de handball.[2]

De Camille Gira ass de 16. Mee 2018 bei enger Ried, déi hien an der Chamber gehalen huet, an d'Gette gaangen, koum nach an d'Klinik an ass do am Alter vun 59 Joer un engem Häerzversoe gestuerwen.[1]

Hie war bestuet an hat zwéi Jongen.[2][3]

Zu den Theemen, fir déi de Camille Gira sech besonnesch engagéiert huet, zielen ënner anerem de Klimaschutz, d'Promotioun vun ëmweltfrëndlechen Energien an d'Biergerbedeelegung.[2],[4] A senger Zäit als Buergermeeschter goufen an der Gemeng Biekerech vill Ustrengunge gemaach fir de Wee zur Energieautonomie ze fannen.[3] Moossnamen déi dofir geholl goufen, sinn zum Beispill d'Installatioun vun Anlage fir Solarenergie op Haiserdiech an d'Creatioun vun enger gemeinschaftlecher Biogasanlag (2004) an enger Anlag, an där Holzspéin verbrannt ginn (2008).[5] Duerch déi Moossname krut d'Gemeng Biekerech eng Virbildfunktioun fir vill aner Gemengen zu Lëtzebuerg. Och aus dem Ausland si Volleksvertrieder ugereest fir sech dat, wat zu Biekerech erreecht gouf, unzekucken.[3],[6]

Donieft war de Camille Gira eng dreiwend Kraaft hannert der Aféierung vun der Lokalwärung Beki am Réidener Kanton.[7],[8],[9]

Och dat neit Naturschutzgesetz, dat de Camille Gira an de Stonne viru sengem Doud an der Chamber presentéiert huet, gëllt als Prestigeprojet vun Déi Gréng.[10],[11]


Zu Uewerkuer gouf eng Strooss no him geannt.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 wort.lu: Camille Gira im Alter von 59 Jahren verstorben (16. Mee 2018)
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 2,5 2,6 2,7 2,8 rtl.lu: Gedenkminutt am Staatsministère an Trauerzeremonie e Samschdeg (18. Mee 2018)
  3. 3,0 3,1 3,2 lequotidien.lu: Beckerich, le laboratoire écologique de Camille Gira (17. Mee 2018)
  4. beckerich.lu: Autarcie énergétique (gekuckt den 19. Mee 2018)
  5. Presentatioun Nachhaltige Energieversorgung in der Gemeinde Beckerich,Luxemburg op der Websäit vun der lokaler Aarbechtsgrupp LAG Bitburg-Prüm (gekuckt den 19. Mee 2018)
  6. infogreen.lu: Beckerich, sur la voie de l'autarcie énergétique (30. Mäerz 2017)
  7. wort.lu: Camille Gira veut une nouvelle monnaie locale (14. Mäerz 2012)
  8. wort.lu: "Dank Camille Gira..." (17. Mee 2018)
  9. lequotidien: Thierry Lagoda: « Camille Gira était un visionnaire » (18. Mee 2018)
  10. wort.lu: Gutachten zum Naturschutzgesetz: „Alles im Timing“ (8. November 2017)
  11. lequotidien: Camille Gira: parcours d'un écologiste convaincu (17. Mee 2018)
  12. Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' wärend op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg well de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.
  13. « Compte-rendu des séances publiques n°7 - Séance extraordinaire 2013-2014 », op https://www.chd.lu/