Schäfferot

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Schäffen)

De Schäfferot ass an de lëtzebuergesche Gemengen d'Regierung um lokale Plang. Normalerweis besteet de Schäfferot aus dem Buergermeeschter an zwéi Schäffen, déi alleguer Member vum Gemengerot musse sinn. Grouss Gemenge kënnen awer och méi Schäffen hunn. De Buergermeeschter gëtt vum Groussherzog genannt, d'Schäffen aus de Stied vum Groussherzog, an déi aus deenen anere Gemenge vum Inneminister, ëmmer op Virschlag vun der Majoritéit vun de Conseilleren.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Buergermeeschter.

Nieft de kommunale Chargen handelt de Schäfferot a bestëmmte Fäll och als Organ vum Staat. Hien ass zoustänneg fir d'Ausféierung vun de Gesetzer a Reglementer op lokalem Plang.

De Schäfferot preparéiert d'Sëtzunge vum Gemengerot a suergt fir d'Publizéieren an d'Ausféiere vun den Decisiounen. Hie geréiert déi kommunal Aarbechten a iwwerwaacht d'Servicer vun der Gemeng.

Nom Artikel 107, Abschnitt (4) vun der Lëtzebuerger Constitutioun gëtt d'Gemeng ënner der Autoritéit vum Schäfferot administréiert, deem seng Memberen ënner de Conseilleren (de Membere vum Gemengerot) erausgesicht musse ginn: "La commune est administrée sous l'autorité du collège des bourgmestre et échevins, dont les membres doivent être choisis parmi les conseillers communaux.". Wat d'Bedéngungen un d'Nationalitéit vun de Membere vum Schäfferot ugeet, steet do: "Les conditions de nationalité que doivent remplir les membres du collège des bourgmestre et échevins sont déterminées par une loi votée dans les conditions de l'article 114 al. 5 de la Constitution."

Dës Bedéngunge sinn am Gemengegesetz ze fannen. Am Artikel 59 steet: "Le bourgmestre est nommé par le Grand-Duc parmi les membres luxembourgeois du conseil communal..." an am Artikel 39: "Les échevins sont nommés, à savoir, ceux des villes par le Grand-Duc, et ceux des autres communes par le ministre de l'Intérieur, les uns et les autres à choisir parmi les membres luxembourgeois du conseil communal...". Fir Member vum Schäfferot ze ginn, als Buergermeeschter oder Schäffen, muss een also d'Lëtzebuerger Nationalitéit hunn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gemeng (Lëtzebuerg).