Regierung

Vu Wikipedia
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Regierung oder de Gouvernement ass déi iewescht Institutioun vun engem Staat. Si leet an iwwerwaacht d'Gesamtpolitik vum Staat. D'Regierung, hir Organisatioun a Funktioun stinn an enker Bezéiung mat der Herrschaftsstruktur, déi an der entspriechender Gesellschaft besteet, a mat der sozio-ekonomescher Uerdnung.

A modernen, demokratesche Staaten ass mat Regierung meeschtens d'Exekutiv vun engem Staat oder vun enger Gebittseenheet vun engem Staat gemengt.

zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg setzt sech d'Exekutivorgan aus dem Groussherzog an de Ministeren zesummen. Op Grond vun der Constitutioun ass et de Grand-Duc eleng, deen d'Exekutiv ausüübt[1], mä all Decisioun muss vun engem Regierungsmember contresignéiert ginn[2]. De Grand-Duc reegelt d'Organisatioun vu senger Regierung, déi op d'mannst aus dräi Membere bestoe muss[3], an ernennt deemno d'Ministeren. Hien huet theoreetesch déi fräi Wiel fir déi Leit erauszesichen déi zesumme mat him, als Minister, d'Exekutiv bilden. An der Praxis ass de Grand-Duc awer a sengem Choix limitéiert well d'demokratesch Prinzippie verlaangen, datt d'Ministeren net nëmmen d'Vertraue vum Grand-Duc, ma och vun der Chamber mussen hunn. No den allgemenge Gewunnechten ass et esou, datt de Grand-Duc just de President vun der Regierung (Premierminister) eraussicht, deen da seng Mataarbechter proposéiert fir eng Regierung op d'Been ze stellen, déi vun der Chamber ugeholl gëtt. De Grand-Duc ernennt déi Perséinlechkeeten déi him vum Regierungspresident proposéiert ginn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Regierung (Lëtzebuerg) an am Artikel Lëscht vun de Lëtzebuerger Regierungen

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Regierung – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Constitution du Grand-Duché du Luxembourg - Legilux. Art. 33 « Le Grand-Duc est le chef de l'Etat (…). Il exerce le pouvoir exécutif conformément à la Constitution et aux lois du pays ». legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-19.
  2. Constitution du Grand-Duché du Luxembourg - Legilux. Art. 45 « Les dispositions du Grand-Duc doivent être contresignées par un membre du Gouvernement responsable ». legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-19.
  3. Constitution du Grand-Duché du Luxembourg - Legilux. Art. 76 « Le Grand-Duc règle l'organisation de son Gouvernement, lequel est composé de trois membres au moins. ». legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-19.