Op den Inhalt sprangen

Premierminister (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Den aktuelle Premierminister Luc Frieden am Joer 2022
Déi dräi lescht Premierministere vun der CSV (Santer, Frieden a Juncker).

De Premierminister (am Volleksmond dacks och einfach de Premier genannt) ass zu Lëtzebuerg de President vun der Regierung[1]. Hien huet d'Missioun fir d'Aarbecht vun der Regierung am generellen z'iwwerwaachen an de Regierungsrot ze presidéieren an dréit zousätzlech den Titel vum Staatsminister.

Vun 1848 war 1857 säin Titel Président du conseil, dono, bis 1989, President vun der Regierung (Président du gouvernement).

Den aktuelle Premierminister zu Lëtzebuerg ass zanter dem 17. November 2023 de Luc Frieden.

Fir seng Virgänger, kuckt: Lëscht vun de lëtzebuergesche Premierministeren.

Den Amtssëtz vum Premierminister ass am Staatsministère, dem Hôtel Saint-Maximin an der Stad Lëtzebuerg.

De Premierminister ass net de Virgesetzte vun den anere Regierungsmemberen, well et nom Artikel 79 vun der Verfassung[2] keng intermediär Autoritéit tëscht de Membere vun der Regierung an dem Grand-Duc gëtt. Dowéinst muss de Premier och nëmmen déi legislativ an exekutiv Akten ënnerschreiwen, déi a seng Attributioune falen.

Trotzdeem huet hien eng besonnesch Roll bannent der Regierung: Als President vum Regierungsrot (Conseil du gouvernement) suergt hie fir eng allgemeng Koordinatioun tëscht deenen eenzele Ministèren (de Generalsekretär vum Ministerrot hëlleft him dobäi). Him sinn eng Rëtsch allgemeng Staatsservicer direkt ënnerstallt: De Service information et presse, de Service central de législation (deen de Journal officiel erausbréngt), sou wéi och där, déi zur nationaler Sécherheet bäidroen, wéi de Service de renseignement de l'État, den Haut-Commissariat à la protection nationale, de Cybersecurity Board an d'Computer Emergency Response Team[3].

Ausserdeem gehéieren zu senge Funktiounen d'Bezéiunge mam Groussherzoglechen Haff, mat der Chamber (zesumme mam Minister fir d'Relatioune mam Parlament) a mam Staatsrot, d'Organisatioun vun ëffentleche Fester a Commemoratiounsfeierlechkeeten (déi lescht mat der Hëllef vum Comité national pour la mémoire). Ausserdeem si seng Servicer zoustänneg dofir, d'Wale fir d'Chamber a fir d'Europäescht Parlament, souwéi eventuell Referendumen z'organiséieren[3].

Zu sengen Aufgabeberäicher gehéiere weiderhin de Conseil économique et social, d'Commission d'économies et de rationalisation, sou wéi och d'Bezéiungen zum Ombudsmann an, zesumme mam Finanzminister, zu der Lëtzebuerger Zentralbank. Him ënnerstallt sinn ausserdeem d'Commission consultative des droits de l'Homme an d'Œuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte[3]

Schliisslech vertrëtt de Premierminister d'Regierung um nationalen, europäeschen an internationale Plang[3].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Arrêté royal grand-ducal du 9 juillet 1857 portant organisation du Gouvernement grand-ducal
  2. Artikel 79 Archivéiert de(n) 02.02.2020. Gekuckt de(n) 11.03.2018.
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 Ministère d'Etat: Attributions/Le Ministère op gouvernement.lu (gekuckt 2018-03-10