Ombudsmann

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

En Ombudsmann, w.: Ombudsfra, fr: Médiateur, Médiatrice, ass e Vermëttler, dee vun enger offizieller Säit (z. B. enger Regierung oder engem Parlament) agesat gouf, fir d'Interesse vun de Bierger ze vertrieden, andeems se Plaintë vun eenzele Bierger iwwer Ofleef an den Administratiounen nogeet a versicht, eng Léisung ze fannen.

Do dernieft gëtt et och Mediateuren, déi net vu Regierungen agesat goufen, an déi fir Veräiner, NGOen, Beruffsorganisatiounen (wéi z. B. déi vu Banken oder Telecoms-Entreprisen), asw. schaffen.

D'Wuert Ombudsman, am haitege Sënn, kënnt aus dem Schwedeschen, wou et zanter 1809 e parlamentaresche Mediateur gëtt. Vum Jean-Claude Juncker ass de Begrëff "Knoutermann", resp. "Knouterfra" an enger Regierungserklärung als lëtzebuergesch Iwwersetzung proposéiert ginn; e gëtt awer bis ewell kaum gebraucht.

Lëtzebuerger Ombudsmann[änneren | Quelltext änneren]

De lëtzebuergeschen Ombudsmann gouf duerch d'Gesetz vum 22. August 2003 agesat.

Den 1. Mee 2004 gouf de Marc Fischbach zum éischten Ombudsmann zu Lëtzebuerg vun der Chamber gewielt.

Den 1. Februar 2012 gouf d'Lydie Err säin Nofolger.[1] No hir koum den 1. Abrëll 2017 d'Claudia Monti op déi Plaz.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Lydie Err: En emotionalen Depart aus der Chamber." RTL.lu - 01.02.2012, 07:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.02.2012, 08:03.
  2. "Claudia Monti folgt auf Lydie Err." wort.lu, 21. März 2017 um 14:05.