Claudia Monti
| Claudia Monti | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer | 6. Juni 1971 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politikerin, Affekotin |
| Partei | Demokratesch Partei |
| Fonctioun | Ombudsfra |
|
| |
D'Claudia Monti, gebuer de 6. Juni 1971[1], ass eng lëtzebuergesch Affekotin an DP-Politikerin.
Studium a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]D'Claudia Monti huet, no hirer Première am Stater Kolléisch, op der Université Robert Schuman zu Stroossbuerg Droit studéiert. 2000 gouf si Affekotin. Nodeems si an e puer Affekote-Cabinete geschafft hat, huet si 2006 hir eegen Etude opgemaach, mat Spezialisatioun op Familljen- a Kannerrecht.[2]
Si gouf den 21. Mäerz 2017 an der Chamber mat 35 vu 54 Stëmmen, bei 5 Kandidaten, als nei Ombudsfra gewielt.[3] Am Abrëll 2025 gouf si Presidentin vum Verwaltungsrot vun HUT. Op den 31. Januar 2026 huet si déi Plaz gekënnegt, fir eng Plaz an engem Ministère unzehuelen.[4]
2000 gouf si Member vun der DP, war vun 2013 bis 2015 Vizepresidentin vun där Partei. Vun 2013, respektiv 2014 war s'op hirer Lëscht Kandidatin fir d'Chamber- an d'Europawalen (gouf awer net gewielt).[2][5]
Si ass och Presidentin vum Comité participatif des personnes à besoins spécifiques vun der Stad Lëtzebuerg.[5]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Claudia Monti, nouvel ombudsman." Le Quotidien Nr.69, 22. Mäerz 2017, S. 4; och op lequotidien.lu.
- 1 2 "Claudia Monti folgt auf Lydie Err." wort.lu, 21. März 2017 um 14:05.
- ↑ "Claudia Monti neien Ombudsman" (sic). rtl.lu, 21.03.2017, 17:41:16.
- ↑ Thomas Berthol: "Ab Ende Januar 2026: Claudia Monti hört wegen Interessenkonflikt als HUT-Präsidentin auf." wort.lu, 02.12.2025.
- 1 2 "Élections législatives: Quels sont les candidats du DP?" lesentiel.lu, 24 juillet 2013 13:37; Act: 08.08.2013 19:18.
