Chamber

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Luxembourg road sign diagram A 15.gif Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart w.e.g. mat Ären Ännerunge bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer ({{{1}}}), dee grad dru schafft, op senger Diskussiounssäit.

Wa méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel geännert gouf, ka jiddwereen dru weiderschaffen. Wann der näischt wëllt um Artikel änneren, loosst w.e.g. d'Schabloun stoen. Wa bannent 6 Stonnen nodeems dës Schabloun an en Artikel gesat gouf, keng valabel Ännerung vum Benotzer gemaach gouf, da kann de Gebrauch vun der Schabloun als onnëtz ugesi ginn a ka vu jiddwerengem réckgängeg gemaach ginn. Bei repetitivem onnëtze Gebrauch kann de Benotzer gespaart ginn.

Chamber ass déi lëtzebuergesch Bezeechnung fir d'Chambre des députés, dat lëtzebuergescht Parlament. D'Gebai vun der Chamber steet um Krautmaart, nieft dem groussherzogleche Palais an der Stad Lëtzebuerg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Tribün mam Riednerpult; hannendrun de Sëtz vum President; lénks a riets: Reie vun den Deputéierten.

Gebai um Krautmaart[änneren | Quelltext änneren]

De Grondstee fir d'Chambergebai (deemools Hôtel des États) um Krautmaart gouf de 27. Juli 1858 geluecht. Architekt war den Antoine Hartmann.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Chambersgebai

Konstitutionell Roll[änneren | Quelltext änneren]

D'Roll vun der Chamber ass et, als Deel vun der legislativer Prozedur, Gesetzespropositioune kënnen ze maachen, dës Propositiounen (an och d'Gesetzesprojeten, déi vun der Regierung abruecht kënne ginn) ze diskutéieren, an se dann unzehuelen oder ze refuséieren.

Funktiounsweis[änneren | Quelltext änneren]

De Fernand Etgen, Chamberpresident zanter 2018.

D'Funktiounsweis vun der Chamber gëtt bestëmmt duerch Dispositiounen, wéi s'an der Lëtzebuerger Konstitutioun an am Walgesetz festgeluecht sinn, an duerch hir eege Geschäftsuerdnung (Règlement intérieur).

Legislatur a Sessioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Legislatur ass den Zäitraum, fir deen d'Deputéiert gewielt ginn. Se dauert prinzipiell fënnef Joer, ausser et gi virgezunne Walen.

D'Sessioun ass eng Ënnerdeelung vun der Legislatur. Déi Period vum Joer, bannent där d'Chamber ouni besonnesch Grënn an ouni speziell Convocatioun zesummekënnt, nennt een „Uerdentlech Sessioun“ (session ordinaire). Se fänkt den zweeten Dënschden am Oktober un an dauert gemenkerhand bis kuerz virun der nächster Sessioun. Normalerweis huet all Legislatur 5 Uerdentlech Sessiounen. All Sessioun gëtt duerch de Groussherzog (perséinlech, oder a Vertriedung duerch de Premierminister[1]) op- an zougemaach.

Am Géigesaz dozou muss eng „Ausseruerdentlech Sessioun“ (session extraordinaire) vum Grand-Duc fir e besonnesche Grond aberuff ginn[2].

De Chamberpresident[änneren | Quelltext änneren]

Dem Chamberpresident seng Roll ass et, d'Chamber no baussen hin ze representéieren, an an de Sëtzungen, fir Uerdnung an d'Anhale vum Reglement ze suergen, d'Riednerzäiten z'erdeelen, an d'Resultat vun Ofstëmmungen an d'Decisioune vun der Chamber ze verkënnegen. Hie kann duerch Vizepresidenten ersat ginn, oder, wa kee vun hinnen disponibel ass, duerch den eelsten Deputéierten ("Doyen").

De Chamberbüro[änneren | Quelltext änneren]

Um Ufank vun enger Legislatur wielt d'Chamber de Chambersbüro. E besteet aus dem Chamberspresident, den 3 Vizepresidenten an héchstens 7 Memberen aus de verschiddene Fraktiounen. De Büro ass souzesoe responsabel fir d'Administratioun vun der Chamber. En organiséiert déi finanziell an organisatoresch Froen, déi d'Deputéiert betreffen, d'Personal, dat an der Chamber schafft, asw.

Konferenz vun de Presidenten[änneren | Quelltext änneren]

Si setzt sech aus dem President vun der Chamber an de Presidente vun deene verschiddene politesche Fraktiounen zesummen. Hir wichtegst Roll ass et, den Ordre du jour vun de Sëtzunge festzeleeën, den Oflaf vun de Sëtzungen ze proposéieren an hiren Avis iwwer déijéineg Projete vu Règlement grand-ducalen ofzeginn, bei deenen dat vum Gesetz hir virgesinn ass.

D'parlamentaresch Kommissiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'parlamentaresch Kommissioune sinn do fir parlamentaresch Aarbechte méi rationell ausféieren ze kënnen. Si bereeden d'Chamberssëtzunge vir, andeems an hinnen d'Gesetzesprojeten a -propositiounen, an och d'Amendementer an d'Motiounen diskutéiert ginn. D'Parteie sinn, sou wäit wéi méiglech, proportionell zu hirer Sëtzzuel, an deene verschiddene Kommissioune representéiert. Et gëtt permanent Kommissiounen, Enquêtë-Kommissiounen, reglementärer a spezieller, déi all vun der Chamber selwer bestëmmt kënne ginn.

Permanent Kommissioune sinn déi zu deene Sujeten, zu deenen et reegelméisseg Gesetzesprojeten oder -propositioune gëtt. Déi reglementär sinn déi, déi duerch d'Reglement virgesi sinn. Spezialkommissioune kënnen zäitweileg fir verschidden (dacks sozial sensibele) Sujete gegrënnt ginn, wéi Ethik, Immigratioun, Drogen, asw. Enquêtë-Kommissiounen déngen dozou, méi Liicht a bestëmmte (Regierungs)affären ze bréngen.

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Achtung.svg 00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net méi aktuell. Hëlleft w.e.g. mat, en nees op de leschte Stand ze bréngen.

D'Chamber setzt sech aus 60 Deputéiert zesummen, déi a 4 Walbezierker déi no de Reegele vum allgemenge Walrecht mat proportioneller Representatioun fir eng Dauer vun 5 Joer gewielt ginn.[3]. Nom Walgesetz vun 2003 sinn d'Chamberwalen all 5 Joer, den éischte Sonndeg am Juni, ausser wann dee Sonnden op Päischte fält, oder an deem Mount och nach Europawale sinn. 2013 ass Legislatioun liicht ugepasst ginn, et ass elo keng Ried méi vu Päischten, mä den Zäitraum ass ongeféier deselwechte bliwwen.

Berechnung vun der Sëtzverdeelung[änneren | Quelltext änneren]

D'Sëtzer an der Chamber ginn nom Prinzip vum "klengsten elektorale Quotient" verdeelt. All Partei kritt an all Walbezierk eng Zuel vu Sëtzer déi proportionell zur Zuel vun de Wielerstëmmen ass, déi hir Lëscht am Ganze verbucht huet. D'Kandidaten déi déi meescht Stëmmen op der Lëscht haten, kommen an d'Chamber a bei Stëmmegläichheet gëtt ausgeloust.

Well déi limitéiert Zuel vun den Deputéiertesëtz an de Walbezierker (aktuell 7,9, 21 an 23) net exakt proportionell zu den expriméierte Stëmme ka sinn, gëtt d'Sëtzverdeelung folgendermossen festgehalen: fir ee konkrete Walbezierk gëtt en "nombre électoral" berechent andeems een all d'Stëmme vun alle Lëschten duerch d'Zuel vun de Sëtzer am Walbezierk plus 1 deelt. Dann gëtt fir all Lëscht gekuckt wéi dacks den "nombre électoral" an den Total vun de Stëmmen an der Lëscht passt, dat heescht all d'Stëmme vun der Lëscht gedeelt duerch den "nombre électoral" an dann no ënnen ofgerënnt ergëtt d'Zuel vun de Sëtz déi déi eng Partei scho mol sécher kritt.

Wann domat nach net all d'Sëtz an deem Walbezierk verdeelt sinn, da gëtt en neie Quotient pro Lëscht gerechent. An zwar ginn all d'Stëmme pro Lëscht duerch déi Zuel vu Sëtz déi d'Lëscht schonn huet, plus 1, gedeelt. D'Lëscht mam héchste Quotient kritt e weidere Sëtz. Wann dann d'Sëtz nach net all verdeelt sinn, da gëtt déi Prozedur widerholl.

Aktuell Period[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Achtung.svg 00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net méi aktuell. Hëlleft w.e.g. mat, en nees op de leschte Stand ze bréngen.

No der virgezunnener Wal vum 20. Oktober 2013, bei där 9 Parteien ugetruede waren, sinn der schliisslech 6 am Parlament: ADR (3), CSV (23), déi lénk (2), DP (13), LSAP (13), Déi Gréng (6). Gewielt goufen:

ADR[änneren | Quelltext änneren]

CSV[änneren | Quelltext änneren]

gewielt, ma am Sept. 2014 zréckgetrueden:

Déi Lénk[änneren | Quelltext änneren]

DP[änneren | Quelltext änneren]

Déi Gréng[änneren | Quelltext änneren]

LSAP[änneren | Quelltext änneren]

Period 2009-2013[änneren | Quelltext änneren]

D'uerdentlech Sëtzung 2009/2010 huet sech sech aus deenen Deputéiert zesummegesat, déi bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 direkt gewielt goufen, respektiv nogeréckelt sinn als Ersatz fir déi, déi gewielt goufen, awer en Amt als Minister ugeholl hunn.

Zanterhier koum et zu e puer Verännerungen, fir Deputéiert z'ersetzen, déi op hiert Amt verzicht hunn, resp. gestuerwe sinn.

Den 19. Juli 2013 huet de Groussherzog Henri ugekënnegt, nodeem et den 11. Juli am Kader vun der Debatt ëm d'Konklusioune vun der SREL-Enquêtekommissioun kloer gi war, datt d'Regierung Juncker-Asselborn II keng Majoritéit méi hanner sech hat, datt en d'Chamber de 7. Oktober 2013 opléise géif an et den 20. Oktober zu Neiwale kéim.[4]

ADR[änneren | Quelltext änneren]

CSV[änneren | Quelltext änneren]

onofhängeg[änneren | Quelltext änneren]

DP[änneren | Quelltext änneren]

Déi Gréng[änneren | Quelltext änneren]

Déi Lénk[änneren | Quelltext änneren]

LSAP[änneren | Quelltext änneren]

Composition de la chambre des députés au Luxembourg.jpg

Net méi dobäi:

  • Jean-Louis Schiltz, CSV (September 2009 bis Februar 2011)
  • Mill Majerus, CSV (vum 8. Juli 2009 bis den 1. Abrëll 2011 †)
  • Jean Huss, déi Gréng (September 2009 bis Juli 2011)
  • Lucien Thiel, CSV (vum 8. Juli 2009 bis de 25. August 2011 †)
  • André Hoffmann, Déi Lénk, (vum 8. Juli 2009 bis de 15. November 2011)
  • Lydie Err, LSAP, (vum 8. Juli 2009 bis den 31. Januar 2012)
  • Paul Helminger, DP, (vum 8. Juli 2009 bis den 9. Oktober 2012)
  • Vera Spautz, LSAP, (vum 8. Juli 2009 bis de 14. November 2012)
  • Marc Spautz, CSV, (bis den 30. Abrëll 2013, wou e Minister gouf)

Period 2004-2009[änneren | Quelltext änneren]

D'Chamberdeputéiert, déi bei de Wale vum 13. Juni 2004 an d'Chamber gewielt goufen, sinn 2577-mol a Kommissiounssëtzungen zesummekomm, an 260-mol an ëffentleche Sëtzungen. Et si 496 Projet-de-loië gestëmmt ginn, 38 Proposition-de-loien an 10 Verfassungsännerungen (vu 16 Projeten). 77 Debatte goufe gefouert, et gouf 56 Heure-d'actualitéen an 3335 parlamentaresch Ufroen un d'Regierung.[5]

Uerdentlech Sëtzung 2008/2009[änneren | Quelltext änneren]

D'uerdentlech Sëtzung 2008-2009 huet sech zesummegesat aus 4 Deputéiert vun der ADR, 24 vun der CSV, 7 vun Déi Gréng, 10 vun der DP, 14 vun der LSAP, an 1 ouni Partei (Stand: Juni 2009):

ADR[änneren | Quelltext änneren]

CSV[änneren | Quelltext änneren]

Déi Gréng[änneren | Quelltext änneren]

DP[änneren | Quelltext änneren]

LSAP[änneren | Quelltext änneren]

Ouni Partei[änneren | Quelltext änneren]

Presidente vun der Chamber[änneren | Quelltext änneren]

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Chamberpresidenten

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, ISBN 2-87954-021-6
  • Alex Bodry: "Le Parlement dans le système politique du Luxembourg: Le régime parlementaire du Luxembourg - mythe ou réalité?" Am: Tageblatt Nr.240 vum 13. Oktober 2008, S. 15-18 an Nr. 241 vum 14. Oktober 2008.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Chamber – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. als Beispill: Arrêté grand-ducal du 1er octobre 2018 concernant la délégation de pouvoirs aux fins de clore la session ordinaire 2017-2018 et d'ouvrir la session ordinaire 2018-2019 de la Chambre des Députés op legilux.lu, gekuckt den 22. Februar 2019
  2. als Beispill: Arrêté grand-ducal du 4 novembre 2013 portant convocation de la Chambre des Députés en session extraordinaire op legilux.lu, gekuckt den 22. Februar 2019
  3. D'Chamber an der Konstitioun
  4. 7. Oktober: Chamber opgeléist! 20. Oktober: Nei gewielt! RTL.lu - 19.07.2013, 18:11 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.07.2013, 18:36.
  5. Discours de fin de législature de M. le président. Séance ordinairee 2008-2009; Séance publique n° 53 vum 13. Mee 2009; am: Chambre des Députés Luxembourg: Compte-rendu des séances publiques no 17, session ordinaire 2008-2009, S. 666.