André Hoffmann (Politiker)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker André Hoffmann. Fir aner Leit mam Numm 'André Hoffmann', kuckt wgl. André Hoffmann.
André Hoffmann
Gebuer 18. Oktober 1941
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker
Partei KPL, Déi Lénk

Den André Hoffmann, gebuer den 18. Oktober 1941 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker (ufanks KPL a spéider Déi Lénk).

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Den André Hoffmann koum als jéngst vun zwee Kanner aus enger Aarbechterfamill zu Clausen op d'Welt. Vun dräi Joer un ass hien zu Zéisseng opgewuess. No de Sekundarstudien am Kolléisch huet hien an den 1960er Jore Philosophie a Germanistik zu Caen, Heidelberg a Paräis studéiert. Zu Paräis huet hien och d'Studenterevolte vun 1968 materlieft. An där Zäit huet hie sech och an der lénkser Studentebeweegung ASSOSS engagéiert.

1970 ass hien an d'Kommunistesch Partei KPL agetrueden. Dozou seet den André Hoffmann 2009: "Mäin Antrëtt an déi deemoleg KPL hat (net eleng, mä virun allem) ze di mat dem konsequenten Engagement vun där Partei an zwou Froen, déi deemools fir mech entscheedend waren: der sozialer Situatioun vun den Aarbechter an hire Familljen zu Lëtzebuerg an dem mäerderesche Vietnamkrich. (...) Ech hunn allerdéngs (...) weeder déi „stalinistesch“ Dériven an de sougenannte sozialistesche Länner guttgeheescht, nach den autoritäre Leedungsstil an der kommunistescher Partei selwer. Déi Haltung haten och nach aner Memberen, awer déi Theeme waren intern fir d'KPL tabu."[1]

An den Escher Gemengerot gouf hie 1978 fir d'KPL gewielt fir dunn ouni Ënnerbriechung bis 2008 dran ze bleiwen. An deenen drësseg Joer war hien och zweemol Schäffen, vun 1984 bis 1990 an dunn nees vun 2000 bis 2005. Säin Nofollger am Gemengerot gouf 2008 de Marc Baum.

Den André Hoffmann war vun 1990 bis 1994 Deputéierte fir d'KPL. Wéi hien 1993 aus der Partei ausgetrueden ass, ass hien och aus der Chamber zeréckgetrueden. Am selwechte Joer nach huet hien déi Nei Lénk gegrënnt aus där fënnef Joer méi spéit, d'Partei déi Lénk ervirgaangen ass. Fir "déi Lénk" war hien 1999 erëm an der Chamber, bis hien 2000 déi zweet Kéier nees Schäffen zu Esch gouf.

Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 gouf hien op en Neits fir "déi Lénk" an d'Chamber gewielt. De 15. November 2011 war déi lescht Chamberssëtzung bei där hien derbäi war. Hien huet sech aus der aktiver Politik zeréckgezunn, an op seng Plaz réckelt de Parteikolleg Serge Urbany no.[2],[3]

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

Den André Hoffmann ass an der Pensioun. Hie war en Däitsch- a Philosophiesprofesser, fir d'éischt am Lycée classique de Diekirch, dunn, vun 1970 un, am Escher Jongelycée.[4],[5]

Hien ass eng zweet Kéier bestuet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Stefan Kunzmann: Revue Nr. 46 vum 16. Nov. 2011, S. 16-19: Ein kritischer Geist tritt niemals ab

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. goosch.lu Nr 223, 23. Abrëll 2009
  2. "André Hoffmann démissionne." wort.lu, 30.10.2011 18:25, mise à jour 30.10.2011 19:22.
  3. Lescht Sëtzung fir den André Hoffmann vun Déi Lénk
  4. Archive copy Archivéiert op 2012-02-09. Gekuckt de(n) 2009-11-21.
  5. http://www.lenk.lu/node/2225