Déi Lénk

Vu Wikipedia
Déi Lénk
Leeder Kollektiv Féierung
Gegrënnt 30. Januar 1999
Parteizentral 63, Boulevard de la Pétrusse
L-2320 Lëtzebuerg
Zeitung Goosch
Ideologien Antikapitalismus
Sozial Demokratie
Euroskeptizismus
Politesch Positioun Lénks
Europäesch Affiliatiounen Europäesch Lénkspartei
Europäesch Antikapitalistesch Lénk
Faarwen Rout a Schwaarz
Chamber
2/60 Sëtz
Europaparlament
0/6 Sëtz
Websäit
http://www.dei-lenk.lu/
D'Gebai an deem déi Jonk Lénk hiert Sekretariat huet

Déi Lénk ass den Numm vun enger politescher Gruppéierung déi den 30. Januar 1999 gegrënnt gouf. Si definéiere sech selwer als "lénks vun der Sozialdemokratie".

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Grënnungsmembere vun déi Lénk hunn ënner anerem aus der Neier Lénk, der Kommunistescher Partei (KPL), der Revolutionär Sozialistescher Partei (RSP), der Sozialistischer Jugend (JSL), der Sozialistescher Aarbechterpartei (LSAP) a verschiddene Gewerkschafte gestaamt. D'Memberschaft war ëmmer individueller Natur, aus dem Grond konnt och keng Partei bei déi Lénk bäitrieden.

Bei de Chamberwale vum 13. Juni 1999 hunn déi Lénk ee Sëtz an der Chamber kritt, a bei de Gemengewalen den 10. Oktober vum selwechte Joer, 2 Sëtz am Escher a jeeweils een am Stater, Déifferdenger a Rëmelenger Gemengerot. Bei enger Neiwal zu Esch, den 30. Abrëll 2000 huet den André Hoffmann vun déi Lénk, déi meescht perséinlech Stëmme vun alle Kandidate kritt. Zu Esch waren déi Lénk bis am Oktober 2005 mat der LSAP an de Gréngen am Schäfferot.

Fir d'Chamberwale vum 13. Juni 2004 huet d'KPL nees mat enger eegener Lëscht kandidéiert. Weeder si nach déi Lénk hu genuch Stëmme fir e Sëtz kritt. Bei de Walen am Juni 2009 huet déi Lénk nees e Sëtz an der Chamber kritt. Den André Hoffmann huet, wéi virdrun ugekënnegt, dëst Mandat 2 Joer laang ausgeüübt an dunn am November 2011 säi Sëtz un de Serge Urbany ofzeginn.[1]

Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 konnt d'Partei hir Sëtzzuel verduebelen. Gewielt goufen de Justin Turpel an de Serge Urbany. Bei deene vum 14. Oktober 2018[2], wéi och deene vum 8. Oktober 2023[3], huet se 2 Sëtz behalen.

Zanter dem Juli 2003 ginn déi Lénk d'Zeitung goosch.lu als Internetzeitung eraus.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Déi Lénk – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. L'essentiel: André Hoffmann cède son siège de député (31. Oktober 2011, gekuckt den 18. Juli 2012)
  2. elcdtions.lu.
  3. elcdtions.lu.