Enrôlés de force

Vu Wikipedia

Enrôlés de force war den Numm vun enger politescher Single-issue-Partei zu Lëtzebuerg, mat un der Spëtzt dem Jos Weirich, där hiert Uleies et war, datt déi Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert an d'Wehrmacht, zu der Zäit vun der Däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich, sollten als Krichsaffer unerkannt, a moralesch a materiell net diskriminéiert ginn.

Se ass 1979 gegrënnt ginn an de Jos Weirich gouf bei de Chamberwale vum 10. Juni 1979 als hiren Deputéierten an d'Chamber gewielt.

Um Enn vu sengem Mandat ass hien an d'CSV gewiesselt, an d'Enrôlés de force huet als Partei 1984 net méi kandidéiert.