Radikal-Sozialistesch Partei

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'Radikal-Sozialistesch Partei (frs.: Parti radical-socialiste) war eng politesch Partei zu Lëtzebuerg an der Tëschekrichszäit. Si huet tëscht 1925 an 1932 existéiert an ass ufanks och als Vereenegt Lénksparteien opgetrueden. Als Virgänger vun der Radikal-Liberaler Partei ass si och de Virgänger vun der haiteger Demokratescher Partei (DP).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Partei gouf 1925 nom Auserneefale vun der Liberaler Liga gegrënnt. Déi ass wéinst ideologesche Streidereien tëscht de klassesche Liberalen - oder deenen "ale" Liberalen - an de Progressisten - oder deenen "neie" Liberalen - zerbrach. D'Progressisten ëm de Stater Buergermeeschter Gaston Diderich hunn d'Radikal-Sozialistesch Partei gegrënnt, an déi klassesch Liberal ëm de Grënner vun der Liberaler Liga Robert Brasseur hunn sech an der neier Partei mam Numm Liberal Lénk regruppéiert.

Bei de Walen 1925 hat d'Rietspartei hir absolut Majoritéit verluer an d'Radikal-Sozialisten hunn eng heteroklitesch Regierungskoalitioun ënnert dem Pierre Prüm ënnerstëtzt. Déi Regierung konnt sech awer nëmmen ee Joer halen an ass wéinst ideologesche Spannungen tëscht de Koalitiounspartner zesummegefall.

1928, aus Protest géint d'Bedeelegung vun de Radikal-Sozialisten un der Regierung Bech, hunn de Marcel Cahen an eng Rei aner Memberen d'Partei verlooss fir d'Radikal Partei ze bilden. 1932 hu sech d'Radikal-Sozialistesch Partei an d'Radikal Partei nees zesummegedoen, fir d'Radikal-Liberal Partei ze grënnen.

Walresultater[änneren | Quelltext änneren]

Chamberwalen 1925[änneren | Quelltext änneren]

D'Radikal-Sozialistesch Partei ass bei de Chamberwalen 1925 och als Vereenegt Lénksparteien opgetrueden. Si huet nëmmen am Walbezierk Zentrum eng Lëscht opgestallt. Fënnef vun hire Kandidate goufe gewielt: de Gaston Diderich, de Marcel Cahen, den Nicolas Ludovicy, de Jacques Gallé an d'Marguerite Thomas. Déi lescht war och déi éischt weiblech Deputéiert an der Chamber.

Vun den dräi Splitterparteien, déi no där hirem Auserneebrieche aus der Liberaler Liga ervirgaange sinn, war d'Radikal-Sozialistesch Partei 1925 déi erfollegräichst.

Chamberwalen 1928[änneren | Quelltext änneren]

D'partiell Chamberwalen 1928 gouf an de Walbezierker Osten a Süden ofgehalen, an och am Zentrum gouf een neien Deputéierte gewielt. D'Radikal-Sozialistesch Partei huet bei deene Wale keng Kandidate gestallt.

Chamberwalen 1931[änneren | Quelltext änneren]

Bei de partielle Chamberwalen 1931 goufe mam Gaston Diderich a mam Norbert Le Gallais am Walbezierk Zentrum zwee Deputéiert vun de Radikal-Sozialiste gewielt. Aner Kandidaten, dorënner de Jacques Gallé, d'Marguerite Thomas an de Jules Keiffer, goufen net gewielt.[1]

Am Walbezierk Norden hat d'Partei keng Lëscht opgestallt. Am Süde goufe just zwee nei Chamberkandidate gewielt. D'Kandidate vun der Radikal-Sozialistescher Partei, de Guillaume Theves nach de J. Mersch, goufen net gewielt.[1]

Gewerkschaft[änneren | Quelltext änneren]

D'Partei huet och hir eege radikal-sozialistesch Aarbechtergruppen opgebaut, déi e Géigegewiicht zu de sozialistesche Gewerkschafte sollte sinn. Déi haten awer manner Succès an hu sech och zréckgehalen, wéi déi sozialistesch an déi chrëschtlech Gewerkschaften zesumme gekämpft hunn, zum Beispill fir d'Recht op de Kollektivvertrag oder d'Unerkennung vun de Gewerkschaften als Verhandlungspartner. Dowéinst ass de radikal-sozialisteschen Aarbechtergruppen virgehäit ginn, si géife fir de Patronat schaffen, an als "giel Gewerkschaft" oder "Radibutzkis" vernannt.[2]

Well déi sozialistesch a chrëschtlech Gewerkschaften vill méi erfollegräich waren, hunn déi Radikal-Liberale hir Aarbechtergruppen nei opgestallt an 1936 d'National Gewerkschaft, bzw. den Nationale Gewerkschaftsbond gegrënnt. Trotzdeem konnt si net un d'Popularitéit vun der Konkurrenz uknäppen.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Resultate der Kammerwahlen vom 7. Juni" - Offiziell Walresultater fir de Bezierk Zentrum a Süden, Luxemburger Wort, 9. Juni 1931, S. 3
  2. 2,0 2,1 Liberaler Abgeordneter, Opfer der Nazis und einer politischen Revanche, Jos A., Massard in Lëtzebuerger Journal, 2. Mee 2019