Pierre Prüm

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Pierre Prüm, gebuer den 9. Juli 1886 zu Ëlwen a gestuerwen den 1. Februar 1950 zu Klierf, war e lëtzebuergesche Politiker.

De Pierre Prüm ass de Bouf vum Klierfer Politiker Émile Prüm, deen zu Klierf eng Gierwerei hat. A senger Schoulzäit war hien aktive Member an der pennaler "Landsmannschaft" a studentescher "Ferialverbindung" Amicitia Luxemburgensis, ewéi spéider während sengem Studium an der K.A.V. Lovania Löwen.

No senge juristesche Studien gouf hien Affekot a geschwënn duerno an d'Chamber gewielt. 1918 ass hien aus der Rietspartei ausgetrueden an huet d'Onofhängeg Nationalpartei (Parti national indépendant) gegrënnt.

Well d'Chamber 1925 de Virschlag vun der Regierung, d'Eisebunnsgesellschafte Guillaume-Luxembourg a Prince-Henri ënner enger belscher Direktioun ze vereenegen, refuséiert huet, koum et zu enger Kris an der Regierung Reuter an zu Neiwalen. Als Resultat koumen néng Parteien an d'Chamber. Well d'Rietspartei, déi hir absolut Majoritéit verluer hat, keng Koalitioun wollt agoen, koum et den 20. Mäerz 1925 zu enger Regierung déi sech op d'Onofhängeg Nationalpartei, déi Liberal, d'Sozialisten an Iwwerleefer vun der Rietspartei gestäipt huet. De Pierre Prüm gouf Premierminister an och Aussen-, Innen- a Landwirtschaftsminister (deemools nach "Generaldirekter" genannt).

Mä schonn de 16. Juli 1926 koum et zum Broch vun där Regierung, wéi déi Liberal an d'Sozialiste sech iwwer e Gesetzesprojet iwwer de Congé fir d'Aarbechter net eens konnte ginn.

De Pierre Prüm gouf doropshin, bis 1936, Friddensriichter zu Klierf.

1934 ass hien an d'GEDELIT agetrueden, enger uganks pangermanescher Beweegung, déi d'Zil hat, fir déi däitsch Sprooch a Kultur fërderen. Dëse Veräin gouf allerdéngs séier zu engem Treffpunkt vu Individue mat enger nationalsozialistescher Gesënnung an no der Okkupatioun 1940 an der Volksdeutschen Bewegung gläichgeschalt.

1937 gouf hien nach eng Kéier als Norddeputéierten an d'Chamber gewielt, dës Kéier op der Lëscht vum Leo Müller senger Nationaldemokratescher Beweegung.

Am November 1946 gouf de Pierre wéinst ënnerlossener Resistenz an domat vermeindlecher[Source ?] Kollaboratioun zu 4 Joer Prisong veruerteelt.[1]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Pierre Prüm zu 4 Jahren Gefängnis verurteilt Artikel am Escher Tageblatt vum 30. November 1946
  2. Memorial A N°4 vun 1932 mat der Lëscht vun de Leit déi dat Joer am Ordre de la couronne de chêne geéiert gpoufen