Joseph Bech

Vu Wikipedia
Joseph Bech
Gebuer 17. Februar 1887
Dikrech
Gestuerwen 8. Mäerz 1975
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Freiburg
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Affekot
Partei CSV
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot
Famill
Kanner Charles Bech

De Joseph Bech gebuer de 17. Februar 1887 zu Dikrech a gestuerwen den 8. Mäerz 1975 an der Stad Lëtzebuerg war e lëtzebuergesche Politiker.

De Joseph Bech ass an enger politesch aktiver Famill opgewuess. Säi Papp de Charles Bech (1840-1924)[1] hat eng Gierwerei zu Gréiwemaacher; seng Mamm war eng Tschidderer. Nom Kolléisch zu Iechternach huet hien Droit zu Fribourg an zu Paräis studéiert a sech 1914 als Affekot zu Lëtzebuerg etabléiert.

Säi Bouf de Charles Bech, war den eenzege Lëtzebuerger dee fir US-Airforce Asätz op enger B-17 Flying Fortress geflunn ass.

Politesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Am Juni 1914 gouf hien, als Vertrieder vun der Musel, Deputéierte fir d'Rietspartei an der Chamber.

1921 gouf hien Innen- a Bildungsminister an der Regierung Reuter an 1923 zousätzlech och nach Justizminister. No engem kuerzen Intermezzo an der Oppositioun gouf de Bech 1926 Premierminister, Ausseminister, Bildungs- a Wäibauminister an der Regierung Bech. D'Poste vun Aussen- a vu Wäibauminister sollt hien ouni Ënnerbriechung bis 1959 behalen; Premierminister war hie bis 1937, wou seng Regierung beim Referendum iwwer d'Maulkuerfgesetz eng Néierlag huet missen astiechen. Zäitweileg war hien och fir d'Ressorte Landwirtschaft, Konscht a Wëssenschaft, an Interieur zoustänneg.

Am Zweete Weltkrich war de Joseph Bech Ausseminister an der Exilregierung zu London. Hien huet do 1944 d'Benelux-Traitéen ënnerschriwwen.

Och den NATO-Vertrag (Ënnerschrëft: de 4. Abrëll 1949 zu Washington D.C.) an den Traité vun der CECA (Ënnerschrëft: den 18. Abrëll 1951 zu Paräis) droe seng Ënnerschrëft.

Vun 1953, nom Doud vum Pierre Dupong, bis 1958 war de Joseph Bech nach eng Kéier Premierminister (Regierung Bech-Bodson). Hie war bis 1959 Regierungsmember, an duerno bis 1964 Deputéierten a Chamberpresident.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

No him genannt[änneren | Quelltext änneren]

Als Erënnerung un de Joseph Bech goufen no him genannt:

  • eng Bréck um Kierchbierg an der Stad (Pont Joseph Bech),
  • eng Plaz zu Dikrech (Place Joseph Bech),
  • eng Cité zu Gonnereng (Cité Joseph Bech).
  • eng Strooss zu Maastricht (Joseph Bechlaan)
  • eng Strooss zu Zevenaar (Joseph Bechstraat)
  • eng Strooss zu Bergen (Joseph Bech-Nes)
  • eng Strooss zu Saint-Cyprien (Rue Joseph Bech)
  • eng Strooss zu L'Hôpital (Rue Joseph Bech)
  • e Lycée technique zu Gréiwemaacher (1979 bis 2014; ewell: Maacher Lycée)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Haag, Emil: Joseph Bech *1887 1975: au service du pays des années 1920 aux années 1950, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles (Ss 444-455); Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Joseph Bech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce am Lëtzebuerger Wort Nº 281 (07.10.1924), S. 4
  2. Memorial A N°4 vun 1932 mat der Lëscht vun de Leit déi dat Joer am Ordre de la couronne de chêne geéiert gpoufen
  3. Chronique locale - Distinctions an 'l'indépendance luxemboiurgeoise' vum 25. Januar 1929 op der Säit 2 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 5. Januar 2023
  4. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten