Charles Metz
Ausgesinn
| Charles Metz | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
6. Januar 1799 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen |
24. Abrëll 1853 Dikrech |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun |
Athénée de Luxembourg, Universitéit vu Léck |
| Aktivitéit | Politiker, Journalist, Affekot |
| Fonctioun | President vun der lëtzebuergescher Chamber, Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber, Deputéierten |
| Famill | |
| Geschwëster | Norbert Metz, Auguste Metz |
|
| |
De Charles Gérard Emmanuel Metz, gebuer de 6. Januar 1799 an der Stad, a gestuerwen de 24. Abrëll 1853 zu Dikrech, war en Affekot, Politiker a Journalist.
Hie war an der Zäit ee vun de brillantste Journalisten am Lëtzebuerger Land. Hien hat e grousse politeschen Afloss a war vun 1848 bis zu sengem Doud, 1853, President vun der Chamber.
Hie war den eelste vun den 3 Bridder Metz: Charles, Norbert an Auguste. 1827 huet hien d'Justine Vannérus (1808-1849), d'Duechter vum Dikrecher Nottär François-Julien Vannerus, bestuet mat där hie siwe Kanner hat.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Mersch, Jules, Biographie nationale du pays de Luxembourg, XIIme fascicule, 1963, Charles-Gérard-Emmanuel Metz, le législateur-journaliste, croisant le fer.
