Victor Bodson
Victor Bodson | |
---|---|
De Victor Nicolas Bodson | |
Gebuertsnumm | Victor Nicolas Bodson |
Gebuer |
24. Mäerz 1902 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
29. Juni 1984 Munneref |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
Partei | LSAP |
Member vun | Parlamentaresch Versammlung vum Europarot |
De Victor Nicolas Bodson, gebuer de 24. Mäerz 1902 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 29. Juni 1984 zu Munneref, war e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Hie war Affekot um Barreau vun der Stad a war a jonke Jore Motocyclist (Lëtzebuerger Champion 1926) a Schwëmmer. Eng Zäit laang war hie President vun der Fédération luxembourgeoise de boxe.
De Victor Bodson huet seng politesch Carrière 1930 ugefaangen, wou e Member vun der Lëtzebuerger Aarbechterpartei gouf. 1934 gouf en an d'Chamber gewielt; 1935 koum en an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.
Hien huet sech fir d'Spueniekämpfer agesat an huet eng aktiv Roll bei der Campagne géint dat sougenannt Maulkuerfgesetz gespillt. De 6. Abrëll 1940 gouf hie Justizminister, Bauten- an Transportminister, ass awer, wéi de Pierre Dupong, nom däitschen Iwwerfall, den 10. Mee 1940, zesumme mat der groussherzoglecher Famill iwwer Spuenien, Portugal an USA op Montréal am Kanada[1] a spéider op London an den Exil gaangen.
No der Befreiung hat hien déi selwecht Portefeuillen a war als Justizminister, matverantwortlech fir d'Epuratioun an der Regierung vun der Befreiung an an där vun der Nationaler Unioun (bis den 1. Mäerz 1947). 1948 an 1951 gouf hien an d'Chamber erëmgewielt a gouf 1951 an der Regierung Dupong-Schaus-Bodson an duerno an der Regierung Bech-Bodson Justiz-, Bauten- an Transportminister.
Vum 28. August 1961 bis den 21. Juli 1964 war hie Member vum Staatsrot[2], a gouf 1964 nees an d'Chamber gewielt, zu där hirem President en nominéiert gouf. An där Fonctioun gouf hien 1967 éischte President vun der nei gegrënnter Association internationale des parlementaires de langue française.
1967 gouf hie Member vun der Europäescher Kommissioun (bis 1970), zoustänneg fir den Dossier Transport.
Gerechten ënner den Natiounen
[änneren | Quelltext änneren]Op der offizieller Erënnerungsplaz un d'Märtyrer an d'Helde vum Staat Israel am Holocaust, dem Yad Vashem zu Jerusalem gëtt un de Victor Bodson erënnert als eenzege Lëtzebuerger Gerechten ënner den Natiounen, well hien ënner Liewensgefor eng Honnert Judden an der Shoah-Zäit virun de Nazi-Däitsche gerett huet. Judden déi aus Däitschland duerch d'Sauer eriwwer geschwomme sinn huet hien a sengem Haus zu Steenem opgeholl an da mat der Hëllef vu Frënn a Sécherheet bruecht. Dës Ausso gouf spéider vum Historiker Henri Wehenkel kritesch hannerfrot: de Victor Bodson hat, ënner anerem, a Wierklechkeet keen Haus zu Steenem[3].
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Grand-Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1950)[4]
- Grand-Croix vun der Légion d'honneur (Promotioun 1973)[5]
- Großes Goldenes Ehrenzeichen am Bande für Verdienste um die Republik Österreich[6].
Bodson-Bréck
[änneren | Quelltext änneren]D'Autobunnbréck zu Hesper op der A1 iwwer d'Uelzecht, mat enger Haaptspanwäit vun 130 m, ass nom Victor Bodson genannt ginn.
Bibliographie
[änneren | Quelltext änneren]- Wehenkel, Henri, 2024. Bodson, un Juste parmi les Nations? land Nr 01 vum 5. Januar 2024, S. 22-23.
- Carbonell, Mauve, 2016. Victor Bodson (1902 - 1984): un notable luxembourgeois dans la tourmente européenne au XXe siècle: une approche biographique. In: Hémecht 68 (4), S. 411-433.
- Dostert, Paul 2003: Victor BODSON 1902-1984. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 387-388. éditions saint paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.
- Haag, Emil: Victor Bodson *1902 †1984, l'homme d'action tous azimuts In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles (Ss 466-471); Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de lëtzebuergesche Regierungsmemberen
- Lëtzebuergesch Membere vun der Europäescher Kommissioun
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Victor Bodson – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Yad Vashem Fiche vum Victor Bodson (en) archivéiert
- Websäit iwwer d'Victor-Bodson-Bréck(fr)(de)(en)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Bernier Arcand, Philippe (2010). "L’exil québécois du gouvernement du Luxembourg", Histoire Québec, Vol. 15, no 3
- ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
- ↑ Wehenkel, H. 2024, cf. Literatur
- ↑ Memorial A N°10 vun 1950 mat der Lëscht vun de Leit déi 1950 mam Ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen
- ↑ GRAND-CROIX DE LA LEGION D’HONNEUR A MONSIEUR VICTOR BODSON Artikel mat Foto am Luxemburger Wort vum 29. Januar 1973 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 26. Juli 2022
- ↑ Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten
- Gebuer 1902
- Lëtzebuergesch Ministeren
- Lëtzebuergesch Chamberpresidenten
- Lëtzebuergesch Deputéiert
- Lëtzebuergesch Membere vun der Europäescher Kommissioun
- Membere vum Staatsrot zu Lëtzebuerg
- Justizministere vu Lëtzebuerg
- Transportministere vu Lëtzebuerg
- Grand officier de l'ordre de la couronne de chêne
- Grosses Bundesverdienstkreuz mit Stern und Schulterband
- Gestuerwen 1984
- Gerecht ënner den Natiounen
- Lëtzebuergesch Affekoten
- Grand-croix de la Légion d'honneur
- Großes Goldenes Ehrenzeichen am Bande für Verdienste um die Republik Österreich (1952)
- Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass