Jacques-Gustave Lessel
Ausgesinn
| Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Jacques-Gustave Lessel | |
|---|---|
| Gebuer |
21. Februar 1823 Gréiwemaacher |
| Gestuerwen |
1. Juni 1911 Munneref |
| Alter | 88 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker, Nottär, Ingenieur |
| Fonctioun | President vun der lëtzebuergescher Chamber |
| Auszeechnungen | Grand officier vum Ordre de la Couronne de chêne |
|
| |

De Jacques-Gustave Lessel, gebuer den 21. Februar 1823 zu Gréiwemaacher, a gestuerwen den 1. Juni 1911 zu Munneref, war e lëtzebuergeschen Nottär a Politiker[1].
Duerch kinneklech-groussherzogleche Beschloss vum 27. Oktober 1851 krut hien eng Nominatioun[2] als Nottär am Kanton Réimech mat Wunnsëtz zu Munneref, wou hien d'Etüd vu sengem verstuerwene Schwéierpapp Jean-Pierre Ledure iwwerholl huet.
Vun 1854 bis 1856 a vun 1857 bis 1886 war hien Deputéierten an der Chamber[3] , woubäi hie vun 1875 bis 1886 och Chamberspresident war.
Fir un hien z'erënneren, gouf zu Munneref eng Strooss no him genannt.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Grand officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1883)[4]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Kuerz Biographie vum Gustav Lessel am Luxemburger Wort vum 2. Juni 1911
- ↑ Mémorial N° 80 vum 3. November 1851, S. 783 Archivéiert de 05.03.2016. Gekuckt den 22.12.2009.
- ↑ Les Députés du Grand-Duché de Luxembourg. op industrie.lu (nogekuckt: 11.10.2025). Baséiert op: La Chambre des députés: histoire et lieux de travail. [Auteurs: Nicolas Als, Robert L. Philippart ; coordination: Guillaume Wagener, Pierre Dillenburg ; conseiller historique: Gilbert Trausch]. Luxembourg 1994, S.507-533.
- ↑ Memorial N°26 vun 1883 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de l acouronne de chêne dekoréiert goufen
