Fernand Etgen

Vu Wikipedia
Fernand Etgen
Gebuer 10. Mäerz 1957
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei Demokratesch Partei

De Fernand Etgen, gebuer den 10. Mäerz 1957 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergesche Politiker (DP).

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem de Fernand Etgen seng Première am Dikrecher Lycée gemaach hat, huet hie vun 1977 un als Fonctionnaire um Enregistrement geschafft.

1973 gouf hie Member vun der JDL an zanter 1979 ass hie Member vum Regionalcomité vun der DP-Norden.

Seng politesch Karriär huet hien 1979 als Member vum Gemengerot vu Feelen ugefaangen, wou hie bis 1981 Conseiller, vun 1982 bis 1987 Schäffen a vun 1988 bis 1993 erëm Conseiller war. Vun 1994 bis 2013 war hie Buergermeeschter vun där Gemeng.

An där Functioun war hie President vum Syndicat intercommunal du Centre pour la Conservation de la Nature (SICONA-Centre), Vizepresident vum Syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires du nord (SIDEN), Member vum Syndicat Intercommunal à vocation multiple des Villes et Communes Luxembourgeoises pour la promotion et la sauvegarde d'intérêts communaux généraux (SYVICOL) a Representant vun de klenge Gemengen am Conseil Supérieur des Finances Communales.

Am Dezember 2007 ass hien Deputéierten an der Chamber ginn, wou hie fir den Emile Calmes nogeréckelt ass. Hie gouf 2009 erëmgewielt. Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 ass hie fir de Charles Goerens nogeréckelt, deen op säi Mandat verzicht huet.[1] Gläich duerno huet hien awer op säin Deputéiertemandat verzicht, fir an der Regierung Bettel-Schneider Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Entwécklung a Minister fir d'Relatioune mam Parlament a fir Verbraucherschutz ze ginn.

Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf hien erëmgewielt[2] a war vun 2018 bis 2023 Chamberpresident. Och bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 krut hie säi Mandat konfirméiert.[3]

Vun 2010 bis 2014 war hie Generalsekretär vun der DP.[4]

De Fernand Etgen ass bestuet an huet dräi Kanner.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fernand Etgen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Goerens zieht sich aus nationaler Politik zurück - DP bereit für Dreierkoalition." wort.lu, 23.10.13 19:28.
  2. elections.lu.
  3. elections.lu.
  4. CV op gouvernement.lu