1981
Ausgesinn
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1977 |
1978 |
1979 |
1980 |
1981
| 1982
| 1983
| 1984
| 1985
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1981.
D'Joer 1981 huet op engem Donneschdeg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]Europa
[änneren | Quelltext änneren]- 1. Januar: Griicheland gëtt Member vun der Europäescher Gemeinschaft.
- 1. Januar: Den ECU (European Currency Unit) gëtt als Rechnungsunitéit an der Europäescher Gemeinschaft agefouert.
- 6. Januar: De Gaston Thorn gëtt neie President vun der EG-Kommissioun.
- 29. Januar: De spuenesche Ministerpresident Adolfo Suárez demissionéiert.
- 3. Februar: D'Gro Harlem Brundtland gëtt Ministerpresidentin vun Norwegen.
- 9. Februar: De Józef Pińkowski demissionéiert als Ministerpresident vu Polen, de Generol Wojciech Jaruzelski gëtt Nofollger.
- 23. Februar: Putschversuch am spuenesche Parlament (Cortes Generales) ënner der Féierung vum Colonel Antonio Tejero, d'Putschiste ginn deen Dag drop op.
- 25. Februar: De Leopoldo Calvo Sotelo gëtt Ministerpresident a Spuenien.
- 17. Abrëll: D'polnesch Regierung erkennt d'Gewerkschaft „Solidaritéit vu private Baueren“.
- 5. Mee: Schwéier Onrouen an Nordirland nom Doud vum IRA-Mëmber Bobby Sands.
- 13. Mee: Attentat op de Poopst Jean-Paul II.
- 26. Mee: Récktrëtt vun der italieenescher Regierung als Konsequenz vun der Affär ëm d'Fräimaurerloge P2.
- 9. Juli: D'Europäesch Fräi Allianz gëtt gegrënnt.
- 3. August: Manifestatiounen a Pole wéinst schlechtem Ravitaillement.
- 11. August: De portugisesche Ministerpresident Francisco Pinto Balsemao trëtt zeréck.
- Oktober: déi franséisch Nationalversammlung gëtt gréng Luucht fir de Bau vun der Atomzentral Cattenom.
- 10. Oktober: Zu Bonn demonstréieren 300.000 Mënschen, an der Stad Lëtzebuerg e puer Dausend fir de Fridden.
- 13. Dezember: Den neie Partei- und Staatschef a Polen, Wojciech Jaruzelski, rifft d'Krichsrecht aus (bis 22. Juli 1983). D'Gewerkschaft Solidarność gëtt verbueden.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 14. Februar: Hochzäit vum Ierfgroussherzog Henri mat der Maria Teresa Mestre.
- 31. Juli: En Düsenjet vum Typ Dassault Mirage 5BR vun der belscher Arméi knuppt an den RTL-Tëlevisiounspoteau zu Diddeleng; de Pilot an eng Koppel, déi am Haus nieft dem Mast gewunnt huet, kommen ëm d'Liewen.
- 10. Oktober: Gemengewalen.
- 5. September: Aweiung vum Hôpital Princesse Marie-Astrid zu Nidderkuer.
- 27. November: Déi lescht lëtzebuergesch Minettsminière, déi um Thillebierg, mécht zou.
-
Den Diddelenger Sendemast nom Accident
-
Hôpital Princesse Marie-Astrid
-
Minière Thillebierg
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]- 1. Januar: Den Abdou Diouf gëtt President vum Senegal.
Amerika
[änneren | Quelltext änneren]USA
[änneren | Quelltext änneren]- 30. Mäerz: Den US-President Ronald Reagan gëtt zu Washington, D. C. bei engem Attentat blesséiert.
- 12. Abrëll: Éischte Start vun engem Space Shuttle, der Columbia.
Mëttel- a Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]- 10. Januar: D'Regierung vun El Salvador rifft d'Krichsrecht aus.
- 3. August: A Bolivien putschen d'Genereel Alberto Natusch Busch a Lucio Anez géint de Staatspresident Luis Garcia Meza, deen den Dag drop demissionéiert.
- 21. September: Belize gëtt onofhängeg.
- 1. November: Antigua a Barbuda ginn onofhängeg.
- 11./12. Dezember: An El Salvador ginn am Duerf El Mozote ronn 1.000 Leit duerch eng "Doudesschwadroun" vum Militärregime massakréiert.
Asien
[änneren | Quelltext änneren]- 30. Mee: Am Bangladesch gëtt den Ziaur Rahman ermuert.
- 11. Juni: Zirka 3.000 Doudeger bei engem Äerdbiewen am Iran.
- 29. Juni: An der Volleksrepublik China gëtt den Hu Yaobang Nofollger vum Hua Guofeng als President vum ZK vun der Kommunistescher Partei.
- 29. Juli: De fréieren iranesche Staatspresident Abū l-Hasan Banīsadr flücht a Frankräich.
- 30. August: Bommenattentat zu Teheran op de Staatspresident Mohammed Ali Rajai, de Ministerpresident Mohammad Javad Bahonar a 5 weider Persounen.
Ozeanien & Pazifik
[änneren | Quelltext änneren]Noen Osten an Arabesch Welt
[änneren | Quelltext änneren]- 4. Abrëll: An Israel grënnt de Moshe Dajan eng nei Partei, d'Beweegung fir eng national Erneierung.
- 25. Mee: De Golfkooperatiounscounseil (GCC) gëtt vum Kuwait, Saudi-Arabien, Oman, Bahrain, Katar an de Vereenegten Arabeschen Emirater gegrënnt.
- 29. Juni: Bei de Parlamentswalen an Israel entstinn zwéi gläichgrouss Bléck: de Likud ënner dem Menachem Begin an d'IAP ënner dem Shimon Peres.
- 6. Oktober: Den egyptesche President Anwar as-Sadat gëtt bei engem Attentat ermuert. De Vizepresident Mohamed Hosni Mubarak iwwerhëlt säi Mandat.
Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]Molerei
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Musek
[änneren | Quelltext änneren]- 4. Abrëll: D'Grupp Bucks Fizz gewënnt fir Groussbritannien mam Lidd Making Your Mind Up de 26. Eurovision Song Contest zu Dublin.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]- 12. August: IBM presentéiert de Personal Computer (PC).
- 25. August: D'amerikanesch Raumsond Voyager 2 flitt laanscht de Saturn a funkt Fotoe vum Saturn, senge Réng a senge Mounden op d'Äerd.
- 22. September: Den Héichvitesszuch TGV gëtt vum Staatspresident François Mitterrand ageweit.
- Den US-Seuchenschutz schwätzt eng éischt Kéier vun der Immunkrankheet AIDS.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 28. Januar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Thessaloniki, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1982, 0:2 géint Griicheland.[1]
- 11. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1982, 0:2 géint Griicheland.[2]
- 1. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1982, 1:2 géint Dänemark. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Alain Nurenberg geschoss.[3]
- 22. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint d'Bundesrepublik Däitschland.[4]
- 14. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Valencia 0:3 géint Spuenien.[5]
- 21. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Novi Sad, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1982, 0:5 géint Jugoslawien.[6]
- 5. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Neapel, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1982, 0:1 géint Italien.[7]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]- Steve Jakobs, lëtzebuergesche Moler.
- Christophe Nanquette, lëtzebuergesche Museker a Musekspedagog.
- Loïc Tanson, lëtzebuergesche Filmregisseur.
- 9. Januar: Martine Emeringer, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 15. Januar: Alicia Keys, amerikanesch Sängerin.
- 23. Januar: Danièle Bausch, lëtzebuergesch Basketballspillerin a Sportwëssenschaftlerin.
- 2. Februar: Ralf Lentz, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 9. Februar: Tom Hiddleston, brittesche Schauspiller.
- 22. Februar: Patricia Noesen, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 27. Februar: Josh Groban, amerikanesche Sänger.
- 28. Februar: Johanna Weirich, lëtzebuergesch Geiistin.
- 13. Mäerz: Patrick Augustin, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 28. Mäerz: Claire Christine Margue, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 29. Mäerz: Franky Mangen,lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 1. Abrëll: Asli Bayram, däitsch Schauspillerin.
- 7. Abrëll: Adolf El Assal, lëtzebuergesche Filmmécher.
- 18. Abrëll: Cameron Carpenter, US-amerikaneschen Organist a Komponist.
- 19. Abrëll: Hayden Christensen, kanadesche Schauspiller.
- 21. Abrëll: Semiray Ahmedova, lëtzebuergesch Politikerin.
- 25. Abrëll: Felipe Massa, F1-Pilot.
- 28. Abrëll: Jessica Alba, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 30. Abrëll: Max Hahn, lëtzebuergesche Politiker.
- 4. Mee: Benny Welter, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 8. Mee: David Wagner, lëtzebuergesche Liichtathleet.
- 16. Mee: Kevin Haas, lëtzebuergesche Sportler.
- 17. Mee: Christian Helmig, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 17. Mee: Frank Hansen, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 18. Mee: Ben Federspiel, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 24. Mee: Inga Ruginienė, litauesch Politikerin.
- 27. Mee: Lara Heinz, lëtzebuergesch Schwëmmerin.
- 28. Mee: Gábor Talmácsi, ungaresche Motoscoureur.
- 1. Juni: Tessy Scholtes, lëtzebuergesch Meeschterin am Karate a Sportlerin vum Joer 2002
- 5. Juni: Carlos Barredo, spuenesche Vëlossportler.
- 9. Juni: Natalie Portman, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 15. Juni: René Peters, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 2. Juli: Claude Reiter, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 8. Juli: Sophie Creux, franséisch Vëlossportlerin.
- 9. Juli: Jessica Theis, lëtzebuergesch Fotografin.
- 24. Juli: Nayib Bukele, salvadorianesche Politiker.
- 29. Juli: Fernando Alonso, spuenesche F1-Rennfuerer.
- 6. August: Jeff Kirch, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 29. August: Émilie Dequenne, belsch Schauspillerin.
- 4. September: Beyoncé Knowles, US-amerikanesch Sängerin.
- 10. September: Filippo Pozzato, italieenesche Vëlossportler.
- 16. September: Francesco Tristano Schlimé, lëtzebuergesche Pianist.
- 22. September: Serdar Berdimuhamedow, turkmeenesche Politiker.
- 24. September: Michèle Zeyen, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 25. September: Jacques Feyder, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 19. Oktober: Heikki Kovalainen, F1-Pilot.
- 23. Oktober: Ronny Scheier, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 10. November: Kaatje Claes, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 11. November: Guillaume, Groussherzog vu Lëtzebuerg.
- 17. November: Maud Mulder, hollännesch Sängerin.
- 26. November: Christophe Thiry, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 27. November: Bruno Alves, portugisesch-brasilianesche Foussballspiller.
- 30. November: Marc Kemp, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 2. Dezember: Britney Spears, US-amerikanesch Sängerin.
- 16. Dezember: Alphonse Leweck, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 21. Dezember: Marc Fischbach, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 31. Dezember: Fabienne Elaine Hollwege, lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 31. Dezember: Sven Gauthier, lëtzebuergeschen Handballspiller.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- Nicolas Ferring, lëtzebuergesche Resistenzler a Politiker.
- Jean-Marie Majerus, lëtzebuergesche Moler.
- Buby Reinsch, däitschen Jazzgittarist.
- 10. Januar: Richard Boone, US-amerikanesche Schauspiller.
- 14. Januar: Claude-Jean Bonnardot, franséishe Filmregisseur.
- 16. Januar: Bernard Lee, englesche Schauspiller.
- 23. Januar: Samuel Barber, US-amerikanesche Komponist.
- 3. Februar: J Harlen Bretz, US-amerikanesche Geolog.
- 9. Februar: Bill Haley, US-amerikanesche Sänger a Museker; Pionéier vum Rock'n'Roll.
- 22. Februar: Curtis Bernhardt, US-amerikanesch-däitsche Filmregisseur a Filmproduzent.
- 9. Mäerz: Max Delbrück, däitsch-US-amerikanesche Biophysiker a Genetiker, Nobelpräisdréier.
- 11. Mäerz: Kazimierz Kordylewski, polneschen Astronom.
- 15. Mäerz: René Clair, franséische Regisseur.
- 20. Mäerz: Edith Schultze-Westrum, däitsch Schauspillerin.
- 23. Mäerz: Beatrice Tinsley, neiséilännesch Astronomin.
- 2. Abrëll: Edouard Grethen, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 5. Abrëll: Joseph Keup, lëtzebuergesche Paschtouer an Dichter.
- 7. Abrëll: Norman Taurog, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 8. Abrëll: Adrian Hoven, éisträichesche Schauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 25. Abrëll: Rosine Luguet, franséisch Schauspillerin.
- 9. Mee: Fritz Umgelter, däitsche Schauspiller, Film- an Theaterregisseur.
- 11. Mee: Bob Marley, jamaikanesche Reggae-Museker.
- 13. Mee: Joan Weber, US-amerikanesch Popsängerin.
- 14. Mee: Charles Stein, lëtzebuergesche Leefer an Olympionik.
- 17. Mee: Albert Wagner, lëtzebuergeschen Affekot.
- 4. Juni: Ahmed Mohammed Rami, egypteschen Dichter a Komponist.
- 23. Juni: Zarah Leander, schweedesch Sängerin a Schauspillerin.
- 23. Juni: Bruno Mattiussi, lëtzebuergesche Boxer an Olympionik.
- 24. Juni: Marcel Heuertz, lëtzebuergeschen Naturwëssenschaftler.
- 25. Juni: Frankie Hansen, lëtzebuergesche Politiker.
- 6. Juli: Albert Michel, franséische Schauspiller.
- 9. Juli: Maria Gleit, däitsch Schrëftstellerin a Journalistin.
- 4. August: Fränz Zuang, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 11. August: Valentine Tessier, franséisch Schauspillerin.
- 17. August: Giorgio Ferroni, italieenesche Filmregisseur.
- 21. August: Oscar Stamet, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 23. August: Marcel Poiré, franséisch-lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 25. August: Nic Pauly, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 26. August: Robert Thill, lëtzebuergesche Journalist an Auteur.
- 27. August: Paul Herget, US-amerikaneschen Astronom.
- 29. August: Jean Kobs, belsche Schrëftsteller a Paschtouer.
- 1. September: Albert Speer, däitschen Architekt a Minister ënner dem Nazi-Regime.
- 6. September: Christy Brown, iresche Schrëftsteller a Moler.
- 7. September: Jacques Constant, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 9. September: Jacques Lacan, franséische Psychiater.
- 14. September: Liliane Becker, lëtzebuergesch Turnerin.
- 16. September: Emile Colling, lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.
- 19. September: Pierre Biermann, lëtzebuergesche Schrëftsteller a Publizist.
- 6. Oktober: Anwar as-Sadat, egyptesche Staatspresident.
- 7. Oktober: Nina Lefèvre, lëtzebuergesch Sculptrice.
- 29. Oktober: Georges Brassens, franséische Museker a Chansonnier.
- 3. November: Jean Eustache, franséische Regisseur.
- 10. November: Abel Gance, franséische Regisseur.
- 12. November: William Holden, US-amerikanesche Schauspiller.
- 29. November: Natalie Wood, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 30. November: Maurice Leick, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 1. Dezember: Nicolas Quiring, lëtzebuergesche Politiker.
- 1. Dezember: Raymond Rouleau, belsche Schauspiller a Regisseur.
- 2. Dezember: Rudolf Prack, éisträichesche Schauspiller.
- 10. Dezember: Ernest Muhleisen, franséischen Uergelbauer.
- 15. Dezember: Max Steenbeck, däitsche Physiker.
- 17. Dezember: Georges Tandel, lëtzebuergesche Schwëmmer an Olympionik.
- 29. Dezember: Georges Schiltz, lëtzebuergesche Vëlossportler an Olympionik.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: 1981 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Griicheland-Lëtzebuerg den 28. Januar 1981 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Griicheland den 11. Mäerz 1981 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Griicheland den 1. Mee 1981 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Däitschland den 22. September 1981 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Spuenien-Lëtzebuerg de 14. Oktober 1981 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Jugoslawien-Lëtzebuerg den 21. November 1981 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Italien-Lëtzebuerg de 5. Dezember 1981 op der Websäit vun European Football