René Peters
Ausgesinn
| René Peters | |
|---|---|
| Gebuer |
15. Juni 1981 Diddeleng |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Foussballspiller |
| Positioun oder Spezialitéit | Mëttelfeldspiller |
| Gewiicht | 71 kg |
| Veräin/Ekipp |
Standard de Liège, FC Swift Hesper, Jeunesse Esch, RM Luxembourg City, CS Gréiwemaacher, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
|
| |
De René Peters, gebuer de 15. Juni 1981 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]
Hien huet seng Foussballcarrière beim SC Téiteng an der Saison 1998/99 ugefaangen. An der Saison 1999/2000 war hie beim Standard Léck an déi Saison duerno beim US Créteil. Vun 2001 bis 2008 huet hie fir de Swift Hesper gespillt a vun 2008 bis 2012 huet hie fir d'Jeunesse Esch gespillt. Zanter 2012 spillt hie fir den RM Hamm Benfica.[2]
Tëscht dem 26. Abrëll 2000 an dem 15. Oktober 2013 huet hien 93 mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 4 Goler geschoss.[3]
