FC Swift Hesper

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Swift Hesper)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Swift Hesper
Swift Hesper
Offiziellen Numm: Football Club Swift Hesper
Veräinsfaarwen: Rout-Wäiss
Grënnung: 2. Juli 1916
Stadion: Stade Alphonse Theis
Plazen: 4 100
President: Fernand Laroche
Trainer: Serge Wolff
Aktuelle Championat: Éierepromotioun
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

Den FC Swift Hesper (offiziell F.C. Swift Hesperange) ass e lëtzebuergesche Foussballclub vun Hesper. E besteet schonn zanter dem 2. Juli 1916. D'Veräinsfaarwe si rout a wäiss.

1984/85 war en Tournant [1] an der Veräinsgeschicht vun Hesper. D'éischt Seniorsequipe ass no zwou Saisonen an der Éierepromotioun an d'Nationaldivisioun gestigen a konnt sech do bis 1991/92 behaapten.

1993/94 gléckt den Hesper zwar de Retour an d'iewescht Spillklass, dofir si se an den zwou Saisonen drop dunn awer direkt zweemol hannereneen, bis an d'éischt Divisioun, zréckgefall. De Veräin erkritt sech séier a klemmt 1996/97 an d'Éierepromotioun. Zanter der Saison 2001/02 ginn zu Hesper nees Nationaldivisiounsmatcher gespillt.

Gréisste Succès vum Swift war d'Victoire géint d'AS Déifferdeng (3-3 n.V. 7-1) an der Finall vun der Coupe de Luxembourg 1989/1990.

D'éischt Equipe spillt hir Matcher am Stade Alphonse Theis zu Hesper. De Stade huet Plaz fir 4 100 Spectateuren. Dovu si 600 Sëtzplazen op der Tribün an 3 500 Stéiplazen op de Gradinsën a laanscht d'Clôture. Aner Terrainë sinn den alen Terrain um Holleschbierg an en drëtt, méi klengt Spillfeld mat syntheteschem Wues.

Nationale Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

Coupe de Luxembourg:

  • Gewënner (1x): 1990

Europäesch Kompetitiounen[änneren | Quelltext änneren]

Saison Kompetitioun Ronn Land Club Resultat
1990/91 EP Pokalgewënner VR Flag of Poland (bordered).svg Legia Warschau 0-3, 0-3

VR: Virronn

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Mëtt der 70er bis an d'Hallschent vun den 80er Joren "houng" de Swift regelrecht tëscht den Divisiounen. Opstig an d'Éierepromotioun: 1976, 1978, 1981, 1983; Ofstig an d'éischt Divisioun: 1977, 1980 an 1982.
Foussball Veräiner an der Foussball Éierepromotioun 2015/16  Éierepromotioun
Jeunesse Kanech | US Hueschtert | UN Käerjéng 97 | FC Rodange 91 | FC Mamer 32 | Swift | Union Titus Péiteng | Union 05 Keel-Téiteng  | FC 72 Ierpeldeng | US Sandweiler | FC Monnerech | FF Norden 02 Wäisswampech-Hëpperdang | Union Réimech-Bus | Avenir Beggen