Wäiss
Ausgesinn
| Wäiss | |
|---|---|
|
| |
| An anere Sproochen | (fr) blanc, (de) Weiß |
| Typ | Faarf |
| Zesummesetzung | |
| HEX | FFFFFF |
| RGB (R, G, B) | 255, 255, 255 |
| CMYK (C, M, Y, K) | 0 %, 0 %, 0 %, 0 % |
| HSV (H, S, V) | 0°, 0 %, 100 % |
|
| |
Wäiss ass déi hellst vun alle Faarwen. Wéi schwaarz a gro ass et eng net-faarweg oder eng achromatesch Faarf. Et ass eng Zesummesetzung vun alle Faarwe vum Liichtspektrum, déi de Mënsch gesi kann. Dofir gëtt wäiss net vu jiddwerengem als Faarf am eigentleche Sënn unerkannt.
Wëssenschaftlech ausgedréckt gëtt e Material vum mënschlechen A als wäiss gesinn, wann et Liicht a sou ville Wellelängte vum siichtbare Spektrum reflektéiert, datt all d'Faarfzäppercher vun der Netzhaut staark gereizt sinn. Dat kann an der additiver Faarfmëschung schonn op d'mannst approximativ de Fall sinn duerch eng equilibréiert Mëschung vu Liicht a just den dräi Primärfaarwe blo, rout a gréng.
Verschidde Wäisstéin
[änneren | Quelltext änneren]Wäiss
Geeschterwäiss
Blummewäiss
Antickt Wäiss
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Tabell mat de Faarfcoden op der däitscher Wiki
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Wäiss – Biller, Videoen oder Audiodateien |
