A (Sënnesorgan)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Sënnesorgan A. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. A.
A vun engem Mënsch
En A

D'A (lat.: Oculus) ass e Sënnesorgan, dat Luucht erkennt.

Anatomie[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Funktiounen[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Aen an déi verschidde Liewewiesen[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt, bei der Diversitéit vun de Liewewiesen, och eng Rëtsch ënnerschiddlech liichtempfindlech Organer. Déi einfachst Aen (z. B. bei Schleeken), kënne just "gesinn", op hir Ëmgéigend hell oder däischter ass. Vill komplex Organismen, dorënner verschidde Mamendéieren (och de Mënsch), Vullen, Reptiller a Fësch, hunn 2 Aen, deenen hiert Bléckfeld sech zum Deel iwwerschneit ("binokular Vue"), an déi sou erméiglechen, en dräidimensionaalt Bild z'erfaassen. Bei aneren, wéi de Kanéngercher oder de Chameleonen, hunn déi zwéin Aen ënnerschiddlech Bléckfelder, a produzéiere sou 2 verschidde "Biller" ("monokular Vue").

Bei de meeschte Wierbeldéieren a bei verschiddene Mollusken funktionéiert d'A doduerch, datt d'Liicht an et erakënnt an do hannendran op eng Netzhaut aus liichtempfindlechen Zelle fält. Do gëtt d'Luucht erkannt, an elektresch Signaler ëmgewandelt an iwwer den opteschen Nerv an d'Gehier transportéiert. Dës Aen hunn typescherweis méi oder manner d'Form vun enger Kugel, si mat enger duerchsiichteger, jellizeger Flëssegkeet gefëllt, mat vir enger Lëns, déi d'Schäerft vun der Vue astellt, an dacks enger Iris, déi d'Intensitéit vum Liicht, dat erakënnt, regléiere kann.

Facettena vum Antarktesche Krill

Facettenae gëtt et bei Arthropoden. Si sinn aus einfache Facetten zesummegesat, déi all eng eege Lëns an eege liichtemfindlech Zellen hunn, an erginn eng Zort zesummegepixelt Bild. Verschidden Aen hu bis zu 28.000 Facetten, an erlaben eng bis zu 360-Grad-Vue.

Sprangspannen hunn einfach Aen, déi relativ grouss sinn, an déi ergänzt gi vun enger Rëtsch méi klengen Aen, soudatt se dat, wat se joen a fänke kënnen, zu all Moment "am A" behale kënnen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aen – Biller, Videoen oder Audiodateien