Mat bloussem A

Vu Wikipedia

Mat bloussem A oder fräisiichteg ginn an der Naturwëssenschaft an an der Technik déi Observatiounen a Miessunge genannt, déi ouni optesch Hëllefsmëttel (mat Ausnam vu Korrekture vu Feelsiichtegkeete) gemaach ginn, d. h. ouni de Gebrauch vun zum Beispill engem Teleskop, enger Lupp, engem Mikroskop oder enger Kamera.

De Begrëff gëtt virun allem an der Astronomie, Geodesie, Physik a Biologie gebraucht.

Interessant Phenomeener[änneren | Quelltext änneren]

Scho mat bloussem A loosse sech interessant Phenomeener an Naturevenementer feststellen, an och erstaunlech Genauegkeeten. Dozou e puer Beispiller:

Schätze vu geometresche Gréissten[änneren | Quelltext änneren]

  • Symmetrië loosse sech op ongeféier 1 bis 2 Prozent genee schätzen, wann een op enger gënschteger Plaz steet an eng gewëssen Erfarung huet
  • Intervaller op enger kuerzer Streck besser wéi 10 %, op wäissem Pabeier souguer op 3 bis 5 % genee, an Detailer op enger Landkaart ongeféier 0,2 mm
  • Riichtlinnegkeet vun engem Meterstaf op ronn 0,5 mm, e riichte Grenzverlaf op ongeféier 1 cm jee 50 m (kuckt och Alignement)
  • normal Distanz a Vitess: mat Unhaltspunkt op e puer Prozent, ouni Unhaltspunkt op 10 bis 20 %
  • Hellegkeet, Faarftéin: änlech wéi uewen (ongeféier 3 bis 20 %), kuckt och Weber-Fechner-Gesetz

Erkenne vu rengen Detailer[änneren | Quelltext änneren]

  • Opléisungsverméigen: jee no Kontrast 0,01 bis 0,02° oder duerchschnëttlech 3 cm op 100 m, bei Duebelstären ongeféier 200 "
  • Erkenne vun dënne Linnen: bei guddem Kontrast ongeféier 5–10 % vun der Opléisung, also 1–3 mm op 100 m (einfachen eegene Test z. B. mat Drotzonk)
  • Hellegkeetsënnerscheeder op 2–5 % (wann direkt vergläichbar), soss ongeféier 10 %

Astronomesch Phenomeener[änneren | Quelltext änneren]

  • ongeféier 2000 Stären (an enger Groussstad e puer honnert). Déi schwächst Stäre vun der 6. Gréisst sinn ongeféier 1012-mol méi schwaach wéi d'Sonneliicht – d. h. d'A kann Hellegkeetsënnerscheeder vun 1: 1000 Milliarde verschaffen.
  • en ettlech Duebelstären, 6 Planéiten (ënner extreem gënschtege Bedéngungen och den Uranus; bei engem Venustransit och d'Scheifche vun der Venus) a Faarfënnerscheeder bei helle Stären
  • en ettlech Stärekéip (och wann d'Eenzelstären onsiichtbar wieren) an Niwwelen (z. B. Plejaden, Orion-, Andromeda- an Dräiecksniwwel. Dee leschten ass mat 2,8 Millioune Liichtjoer de wäitsten Objet deen ee mat bloussem A gesäit
  • D'Mëllechstrooss (där hir Eenzelstären ënner der Visualitéitsgrenz bleiwen) an duerchschnëttlech e Koméit pro Joer
  • Dosende Stäreschnäizee pro Nuecht, obwuel si nëmmen d'Gréisst vu Stëbskären hunn
  • Fräiaeg Astrometrie: Wénkelschätzung op ongeféier 1° (z. B. Polarstär, geographesch Breet oder Richtung vun engem Schëffskurs)
  • Joreszäiten oder d'Längt vum Joer: an engem Mënschenalter op zirka 1 Stonn méiglech, am Laf vun e puer Joerhonnerte vun der Kulturgeschicht op wéineg Minutten
  • Ëmlafzäite vun de Planéiten: et war de Mayas gelongen z. B. fir d'Venus, de Mars an de Mound op 5–10 Minutte genee
  • Stärebedeckungen duerch de Mound op Zéngtelsekonnen – wat op 385.000 km Distanz nëmmen 100–300 m sinn.

Observatiounen an der Biologie[änneren | Quelltext änneren]

  • Erkenne vu renge Strukturen: z. B. bei de Fühler vun Insekte bis zu 0,01 mm
  • Gréissten- a Faarfënnerscheeder
  • Beweegungsmuster, Fluchverhalen
  • Feststelle vun der Vertikaler op 1–2°
  • Onbewosst Erkenne vu Beweegungen (Warn-Reflex)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Davidson, N.: Sky Phenomena: A Guide to Naked Eye Observation of the Heavens. FlorisBooks (208p, £14.99), Edinburgh, 1993, ISBN 0-86315-168-X
  • Gerstbach G.: Auge und Sehen – der lange Weg zu digitalem Erkennen. Sternenbote Heft 2000/8, p. 160–180, Wien, 2000.
  • Kahmen H. (Hsg.): Geodesy for Geotechnical and Structural Engineering. Proceedings, Eisenstadt, 1999.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]