Landkaart

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Ausschnëtt aus enger topographescher Kaart

Eng Landkaart ass d'Duerstellung vun engem Stéck Terrain op enger flaacher Fläch. Dat ass net sou einfach, well een eng Kugel oder en Deel vun enger Kugel (d'Welt) net kann opdiebelen wei zum Beispill e Wierfel.

Déi verschidde Schrëtt fir zu enger brauchbarer Kaart ze komme sinn:

  1. Auswiele vun engem Projektiounsmodell, mat deem déi bescht Resultater z'erwaarde sinn.
  2. Projektioun vun deem Deel vum Terrain, deen een op der Kaart duerstelle wëll
  3. Ëmwandlung vun de geographesche Koordinaten (Längen- a Breedegraden) an e kartesescht Koordinatesystem (nom Schema x an y, wou x ëmmer horizontal (also West-Ost), an y ëmmer vertikal (also Nord-Süd) ass)
  4. Skaléierung vun der Kaart, dat heescht d'Kaart an ee brauchbare Moossstaf ëmwandelen a versichen, datt d'Verzerrungen déi duerch d'Projektiounsmethod entstane sinn sou kleng wéi méiglech ausfalen.

D'Duerstellung vum Stéck Terrain gëtt vereinfacht duerch d'Benotze vu konventionellen Zeechen an enger Legend. D'Duerstellung ass ëmmer am Moossstaf.

Et gëtt verschidden Zorte vu Kaarten, z. B. topographescher, physescher, politescher, asw.

D'Faarwen op enger Kaart hunn ëmmer eng speziell Bedeitung. Op enger topographescher Landkaart benotzt ee schwaarz fir vum Mënsch geschafe Formen (Stroossen, Gebaier, etc.), blo fir Gewässer (Baachen, Flëss, Séien, etc.), gréng fir Vegetatioun (Bëscher, Wisen, Plantatiounen, etc.), brong fir de Relief a violett fir de Quadrillage.

Fir besser mat der Kaart eens ze ginn hëlleft den amerikanesche GPS System, an an Zukunft den europäesche Galileo System, andeems dës Systemer de Benotzer verréit, wou s'op der Kaart sinn.

Commons: Landkaarten – Biller, Videoen oder Audiodateien