Geographesch Längt

Vu Wikipedia
Längekreesser
Usiicht vun enger Kugel.
Den Equator (blo) deelt d'Kugel an zwou Hallschente a kräizt de Längtekrees (giel) ënner 90°. All duerchgezunne Linnen um Bild si Grousskreesser. Déi gestréchelt Linne sinn d'Breetekreesser.
Den historeschen Nullmeridian um Flamsteed House zu Greenwich (um Buedem an um Gebai markéiert)

D'geographesch Längt (och: „Längegrad“), λ, international mat long. (longitudo = lon., longitude = engl., frz. etc. „Längt“) ofgekierzt, beschreift eng vun de béide Koordinate vun enger Plaz op der Äerduewerfläch, an zwar seng Positioun ëstlech oder westlech vum Nullmeridian. Si gouf fréier als Längegrad bezeechent. Déi geographesch Längt ass e Wénkel, deen vum Nullmeridian aus (0°) bis 180° an ëstlecher an 180° a westlecher Richtung gemooss gëtt. De Scheetpunkt vun dësem Wénkel ass de Mëttelpunkt vun der geduechter Äerdkugel, d'Schenkele gi vum Mëttelpunkt aus duerch de Nullmeridian resp. de Meridian, op deem d'Plaz läit, deem seng geographesch Längt ugesot soll ginn. Amplaz vum Virzeechen (traditionell +Ost, −West) ass och E resp. W zoulässeg (d'Ofkierzung "O" gëtt wéinst der Verwiesselungsgefor ënnerlooss).

  • Plaze mat der selwechter Längt leien op engem Meridian. E Meridian verleeft vu Pol zu Pol an ass d'Hallschent vun engem Längtekrees. Op der Äerdkugel e Längtekrees e Grousskrees deen aus zwéi Meridiane besteet déi sech vis-à-vis leien.
  • Fir d'Bestëmmung vun engem Punkt op der Äerduewerfläch – zu derr Bezeechnung vu senger geographescher Lag – gëtt zousätzlech d'Angab vu senger geographescher Breet als zweet Koordinate gebraucht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Longitudes – Biller, Videoen oder Audiodateien