Pol (Geographie)

Vu Wikipedia

Pol nennt een an der Geographie d'Schnëttpunkte vun der Rotatiounsachs vun engem Himmelskierper mat senger Uewerfläch. Op der Äerd sinn dat d'Schnëttpunkte vun der Äerdachs mat der Uewerfläch vun der Äerd. D'Nimm Nord- a Südpol gi sou festgeluecht, datt sech den Himmelskierper vum Nordpol a Richtung zu sengem Mëttelpunkt gesinn, géint den Auerzäresënn ëm seng Achs dréit.

Een Himmelskierper, deem seng Rotatiounsachs an engem grousse Wénkel zu der Ëmlafbunn ëm d'Sonn steet, huet méi eng kleng Sonnenastralung op de Polen. Dat ass de Fall bei der Äerd an de meeschte Planéite vum Sonnesystem. Do sinn d'Temperaturen och méi kleng wéi um Equator; bei gëeegenten atmosphäresche Bedingunge bilde sech ënner Ëmstänn Polkapen aus Stoffer déi kondenséieren, op der Äerd ass dat Waasseräis, um Mars ass et Kuelendioxidäis .

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]