Op den Inhalt sprangen

Himmelspol

Vu Wikipedia

Als Himmelspole ginn d'Ennpunkte vun der Äerdachs duerch d'Himmelskugel bezeechent. Den Himmelsnordpol ass dee Punkt no beim Polarstär (α Ursae minoris) am Stärebild Ursa Minor (respektiv Klenge Bier oder Klenge Won), ëm dee sech visuell d'Himmelssphär a senger deeglecher Beweegung dréit; den Himmelssüdpol läit vis-à-vis.

Den Himmelspol ass – op laang Zäitspann gesinn – net stabil. Dëst gëtt als Polwanderung bezeechent.

Equatoriale Koordinatesystem

[änneren | Quelltext änneren]

Op der Himmelskugel, op där d'Astronomie d'equatorial Himmelskoordinaten, d'Rektaszensioun an d'Deklinatioun definéiert, leien d'Himmelspole genee iwwer dem geographeschen Nordpol (respektiv Südpol).

An den Himmelspole lafen d'Stonnekreesser zesummen. Och de Meridian vun enger Observatiounsplaz verleeft duerch d'Himmelspolen. Dem nërdlechen Himmelspol entsprécht eng Deklinatioun vu genee 90°, dem Südpol vu -90°.

Himmelskugel mat Himmelspol an -Equator, Ekliptik a Fréijoerspunkt
Ursa Minor mam Polarstär. Den Ekliptikpol läit 1 cm baussenzeg vum lénkse Bildrand

Duerch den Effet vun der Prezessioun wandert den Himmelspol am Laf vu 25.800 Joren (dem Zyklus vun der Prezessioun) ëm den Ekliptikpol (an der Mëtt vun de Biller). Dës Beweegung geschitt op engem Krees mat ongeféier 23° Polofstand, wat der " Ekliptikschréi" entsprécht. Viru ronn 5000 Joer war den Thuban (Haaptstär α Draco am Draco) de Polarstär, duerno de liichtschwaache Ketu (Dracheschwanz) oder Kappa Draconis a virun 3000 Joer de Stär Kochab am Ursa Minor. Haut ass et de Stär Alpha Ursae Minoris oder Polaris (Polarstär). No dem Joer 3000 läit den Himmelsnordpol am Stärebild Cepheus. A ronn 12.000 Joer gëtt d'Vega neie Polarstär (awer ronn 6 Grad vum richtegen Himmelsnordpol ewech) sinn.

De Wee vum Himmelsnordpol
Den helle Stär ënnen ass de Vega
De Wee vum Himmelssüdpol
Visuell Stärebeweegung ëm den Himmelspol (2 Stonnen Zäitraffer).

All Stäre beweege sech op hire visuellen deegleche Bunnen (Äerdrotatioun an 23:56:04 Stonnen) op enger Kreesbunn genee a Richtung vun engem Positiounswénkel vu 90°.

Fir d'Eechung vu Photometer huet ee réngs ëm de nërdlechen Himmelspol eng Grupp vu Fixstären definéiert, d'Polsequenz. Hir visuell Magnitude gouf genee gemooss an iwwerdeckt e Beräich vun der 4. bis zur 10. Gréissteklass.

De Positiounswénkel fir Richtungsangab tëscht Duebelstäre oder vu Beweegungsrichtunge bezitt sech op déi jeeweileg Richtung vum Stär zum nërdlechen Himmelspol.

Portal Astronomie

  • Walter Fendt: Die Himmelspole Zesummenhang tëscht Observatiounsplaz, Zenit an Himmelpol (Java)