Richtung

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Mat der Richtung kann d'Positioun oder d'Wierkungs- oder Bewegungszil vun enger Plaz, engem Objet, engem Individuum beschriwwe ginn.

D'Richtung kann ofhängeg vun der aktueller Bewegung oder vum Standpunkt (z. B. Riets a lénks, uewen, ënnen, riichtaus), a Bezuch op en Objet oder enger anerer Plaz (z. B. a Richtung vum Bierg, a Richtung Lëtzebuerg) oder a Bezuch op d'Äerdachs (Norden, Osten, Süden, Westen) beschriwwe ginn.

An der Geometrie gëtt d'Richtung mat Hëllef vun engem norméierten Richtungsvektor ausgedréckt, an der Differentialrechnung gëtt si duerch d'Steigung (éischt Ofleedung) vun enger Funktioun uginn.

An der Geodesie versteet een ënner Richtung deen um Horizontalkrees ofgeliesene Wäert, nodeem een mat dem Zilteleskop vun engem Theodolit e Punkt uviséiert huet. En Horizontalwénkel berechent sech aus der Differenz vun zwou Richtungen (riets minus lénks Ofliesung), d. h. déi béid Richtungen formen d'Schenkelen vun engem Wénkel.

An der Tountechnik gëtt d'Richtungshéieren vu Phantomschallquellen op der Stereobasis tëscht de Lautspriecher an och beim natierlechen Héieren net mat Ortung mä mat Lokalisatioun bezeechent.

Zu der Richtungsmiessung sti verschidden Instrumenter zur Dispositioun.

Richtungsbezeechnungen an der Loft- a Schëfffaart[änneren | Quelltext änneren]

An der Loft- a Schëfffaart muss ëmmer kloer ënnerscheet ginn, ob sech eng Richtungsbezeechnung op déi aktuell Richtung vum Gefier bezitt (sougenannt Säitepeilung, relativ Richtung) oder absolut ass. Absolut Richtunge si Kompassrichtungen, déi vum geographeschen Norden ausginn. Well de Kompass net nom geographeschen, mä nom magnéiteschen Norde weist, muss d'Richtung virdru korrigéiert ginn, andeems een d'Deklinatioun wéi eventuell och eng Deviatioun aberechent. No dëser Rechnung gëtt z. B. de Skipper dem Rudergänger den Optrag, de Kurs Null-fënnef-Null ze fueren, wouduerch dësen dann sou fiert, datt dësen neie Kurs um Steierkompass ofgelies ka ginn. D'Schëff weist da mat senger Nues an déi gewënscht Richtung, gemooss nom geographeschen Norden.

Nieft dëser absoluter Richtungsbestëmmung mat Kompasskurs, gëtt et verschidde Méiglechkeeten, eng relativ Richtung unzeginn. Dat ass (z. B. mat enger Peilscheif oder dem Radar) déi a Grad gemoossen Ofweechung vun der Steierrichtung vum Schëff. Béides steet net ëmmer zur Disposition an ass an der Bedéngung och dacks ëmständlech. Déi grouss Genauegkeet vun enger Säitepeilung a Grad ass och dacks net noutwendeg, et geet duer, wann den Ausguck mellt Stéierung Backbord viraus oder Boje Querab, also nëmmen déi ongeféier Richtung zum Objet ugëtt. De Virdeel vun dësen Donneeën ass, datt si net mat enger absoluter Richtungsbestëmmung verwiesselt kënne ginn an dofir fatal Mëssverständnesser tëscht Ausguck a Steiermann oder Navigator a Steiermann iwwergaange ginn.

Als relativ Richtungsbestëmmung fanne folgend séimännesch Bezeechnungen Gebrauch: Viraus (virum Schëff), Achtern (hanner dem Schëff), u Backbord, u Steierbord, querab. Geleeëentlech gi Richtungen och mat de Positiounen op engem geduechtenen Zifferblad definéiert. Op 12 Auer bedeit da riicht virun, op 1 Auer dann riets/Steierbord viraus asw.

Medezin[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt: Lag- a Richtungsbezeechnungen

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]