Osten

Vu Wikipedia
Eng Wandrous

Den Osten ass déi Himmelrichtung no där d'Äerd dréit. Et ass eng vun de véier Haapthimmelsrichtungen (Nord, Ost, Süd, West) a gëtt kulturhistoresch mam Sonnenopgank verbonnen.

Den Opgankspunkt vun der Sonn wäicht jee no Joreszäit däitlech vun der Ostrichtung of: Um Equator bis zu 23°, a Mëtteleuropa bis zu 45° -- e kann also tëscht Nordost a Südost leien.

Bezeechnungen an Urspronk vum Numm[änneren | Quelltext änneren]

T-O-Kaart, aus dem Isidor vu Sevilla senger Etymologiae, Éischtdrock Günther Zainer, 1472 – uewen ass do nach Oriens Osten, Norden lénks

Oste kënnt vum alhéichdt. ostan ‚ëstlech‘. Der Ausdrock „Osten“ (respektiv säin Adjektiv „ëstlech“) gëtt am Däitschen zanter dem 15. Joerhonnert gebraucht. Ufanks gouf d'Himmelsrichtung (dichteresch bis haut) och mat „géint Sonnenopgank“ bezeechent. D'Wuert ass als angelsächsesch eâst gläichaarteg mat griichesch eos an laténgesch aurora, déi béid souwuel Mueresrout wéi och Mueren als Gëttin personifizéiert bedeiten.

Interessant ass, datt déi fréi Landkaarten net genort, mä geost orientéiert waren (Osten). Déi Länner am Oste goufen ënner dem Begrëff Mueresland (Orient) zesummegefaasst – der Weltgéigend, an där visuell d'„Sonn opgeet“. Nach haut ginn dës Gebidder Noen Osten, Mëttleren Osten a Fären Osten genannt. Analog steet griich. Anatole oder Anatolia, Gëttin vum Sonnenopgank, och eng réimesch Hore, vergl. Anatolien fir d'‚Land am Osten‘.

An der nordescher Mythologie droen déi véier Zwergen Norðri, Suðri, Austri a Vestri de Kapp vum Ymir, aus deem d'Asen den Himmelsbou opgeriicht haten, Austri ass den Zwerg vum Osten – erhalen ass dat Wuert an Austrasien/Austrien, dem Ostfrankeräich, wéi och an Ostarrîchi/Austria, de Wierder fir Éisträich.

D'Assoziatioun vu Fréijoer mat Mueren an Osten ass wäit verbreet. Ob bei der Himmelsrichtung e wierklechen etymologeschen Zesummenhank mat Ouschteren, dem Fréijorsfest, besteet, ass net zweifelsfräi.

Als technesch Ofkierzung fir Oste gëtt an der Navigatioun a Kartographie meeschtens de grousse Buschtaf‚ E‘ gebraucht (engl. east, frans. est), fir eng Verwiesselung mat Null z'ënnerbannen.

Haapthimmels- a Koordinaterichtung[änneren | Quelltext änneren]

Osten ass eng vun de véier Haapthimmelsrichtungen an hat nieft allgemengen Zwecker besonnesch Bedeitung fir d'Geographie an d'Navigatioun. Op der Osthallschent vum Himmel klammen all Himmelskierper erop (analog falen s'op der Westhallschent). Den Osten déngt dacks och als Koordinaterichtung (an der Mathematik meeschtens als Absziss x, an der Geodesie als Ordinat y; a gëtt och als Ostwäert genannt).

Geometresch betruecht ass d'Himmelsrichtung „Ost“ oder „Osten“ (Ofkierzung O, engl. E) eng vun den zwou Wénkelhallschenten tëscht Nord (0 Grad) an Süd (180 Grad).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie