Ouschteren

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Ouschteren (aus dem Laténgeschen "pascha"; dem Hebräeschen "pessach") ass am Chrëschtentum dat wichtegst Fest am Joreslaf. Op Ouschtere gëtt un d'Operstéiung vu Jesus Christus erënnert. Well et e Fest ass, dat kee festen Datum huet, gëtt et traditionell um éischte Sonndeg nom éischte Vollmound am Fréijoer gefeiert. Den Datum gëtt zanter dem 6. Joerhonnert mat Hëllef vun engem Moundzyklus berechent, dee 1582 (fir d'Kathoulesch Kierch) am Kader vun der Gregorianescher Kalennerreform erneiert gouf, sou datt schonn laang am viraus den Ouschterdatum bekannt ass.

Bal all chrëschtlech Feierdeeg, déi kee festen Datum hunn, gi vun dem Ouschtersonndeg aus berechent. Sou feieren d'Chrëschten zum Beispill 39 Deeg no Ouschtersonndeg Christi Himmelfaart, 49 respektiv 50 Deeg duerno Péngschten a 60 Deeg no Ouschtersonndeg feiere verschidde Katholiken Erläichendag. Ouschtere läit also ëmmer tëscht dem 22. Mäerz an dem 25. Abrëll.Säit dem Konzil vu Nizäa am Joer 325 no Christus gëtt dëst Fest all Joer gefeiert.

Hierkonft[änneren | Quelltext änneren]

Nieft Chrëschtdag ass d'Ouschterfest ee vun deene bedeitendste Feierdeeg a ville Länner vun der Welt. Ouschtere feieren d'Chrëschten d'Operstéiung Jesu vu sengem Doud um Kräiz, sou wéi dëst Evenement am Neien Testament beschriwwe gëtt. Urchrëchtlechem Glawe no ass dëst um 3. Dag no sengem Stierwe geschitt, woubäi den Dag vu sengem Muerd als "Doudesdag" gëllt. Eng Schilderung vun der Operstéiung gëtt et net, allerdéngs gëtt et awer Berichter an Erscheinunge vun dem Operstanenen, säin eidelt Graf an d'Verkënnegung vun engem Engel.

Den Numm "Ouschteren" kënnt wahrscheinlech aus dem ale Germaneschen an huet eppes mat der Himmelsrichtung "Osten" ze dinn. D'Sonn déi am Osten opdeet gëllt am Chrëschtentum als Symbol vun der Operstéiung respektiv d'Zréckkomme vu Jesus Christus. De Gros vun den Ouschtertraditioune kommen aus heednesche Kulturen an hu e kelteschen oder e germaneschen Ursprong. De sougenannten "Ouschterhues" gëtt zum Schluss vum 17. Joerhonnert, am Joer 1682, fir d'éischt Kéier ernimmt. Et ass net ganz kloer, wat genee den Zesummenhank vum Ouschterhues mat Ouschteren ass, mä am Laf vun der Zäit hu sech den Ouschterhues a seng Ouschtereeër zum Symbol vun Ouschteren entwéckelt.

Commons: Easter – Biller, Videoen oder Audiodateien