Päischten

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Päischten oder Péngschten (vu gr. πεντηκοστή (ἡμέρα) - "de 50. (Dag)") ass e wichtegt Fest am Chrëschtentum, dat 50 Deeg no Ouschteren, dohier den Numm, gefeiert gëtt. Et gëtt op deem Dag drun erënnert datt, no der Apostelgeschicht (Apg 2), 50 Deeg no der Operstéiung vum Jesus seng Jünger versammelt waren, a si du vum Hellege Geescht erfëllt goufen. Dat soll hinnen de Mutt ginn hu fir d'Evangelium an d'Welt ze droen.

De Päischtméindeg gëtt a verschiddene Länner als zweete Feierdag an Dag vun der fréierer Päischtoktav bäibehalen, zielt awer formell net méi fir d'Ouschterzäit.

Datum vu Päischten[änneren | Quelltext änneren]

Op wat fir en Datum Päischte fält, hänkt vun Ouschteren of. D'Chrëschtentum huet d'Verhältnes tëscht dëse Fester vum Juddentum iwwerholl, als Referenz un den Delai vu 50 Deeg tëscht de jiddesche Fester Pessach a Schawuot. Well awer an der kathoulescher Kierch Ouschteren an Päischte wéinst der Bedeitung vun der Operstéiung vu Jesus op e Sonndeg geluecht goufen, gëtt beim Ziele vun de fofzeg Deeg den Ouschtersonndeg als éischten Dag gezielt; tëscht Ouschteren a Päischte leien deemno nëmmen 49 Deeg. De Päischtsonndeg fält ëmmer an d'Zäit tëscht dem 10. Mee an dem 13. Juni.

Feierdag[änneren | Quelltext änneren]

De Päischtméindeg ass e gesetzleche Feierdag ë. a. an der Belsch, an Däitschland, Dänemark, Éisträich, Frankräich, Holland, Island, Lëtzebuerg, Liechtenstein, Norwegen, Ungarn, an a verschiddene Kantone vun der Schwäiz.

Zu Lëtzebuerg gëtt op Päischtdënschdeg d'Iechternacher Sprangpressessioun ofgehalen. Wann de Päischtdënschdeg net an d'Schoulvakanz (Päischtvakanz) fält, war et Usus, datt d'Schüler deen Dag fräi haten, fir kënne mat op Iechternach „sprangen“ ze goen. Dëse fräien Dag ass zanter 2019 ofgeschaaft. Mä all Schüler, dee bei der Sprangpressessioun matmaache wëll, sief et als Participant, Museker oder Zuschauer, kritt schoulfräi, wa seng Elteren den Enseignant oder de Régent am Virfeld heiriwwer informéiert hunn[1].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Päischten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Äntwert vum Educatiounsminister Claude Meisch op d'Parlamentaresch Fro 3268 vun den Deputéierten Léon Gloden, Françoise Hetto-Gaasch an Octavie Modert vum 5. Oktober 2017 zum Theema «Procession dansante d'Echternach», op der Websäit vun der Chamber chd.lu, fir d'lescht gekuckt den 8. Januar 2019