Advent

Vu Wikipedia

Advent (och nach Adventszäit, vu lat. adventus – Ukommen) heescht déi Zäitspan, déi vum 4. Sonndeg virum 25. Dezember (also Chrëschtdag) bis zum Sonnenënnergank de 24. Dezember geet. D'Längt vum Advent ass also variabel, jee nodeem op wéi e Wochendag Chrëschtdag fält, mä en huet ëmmer 4 Sonndeger (déi sougenannt Adventssonndeger). E stellt am Chrëschtentum den Ufank vum Kierchejoer duer a gëllt als eng Virbereedungszäit op Chrëschtdag. Et gëtt sech also op d'Feiere vun der Gebuert vum Jesus virbereet awer och op säin eschatologescht Kommen um Enn vun der Zäit.

Advent fréier an haut[änneren | Quelltext änneren]

De Poopst Gregor I. huet d'Zuel vun den Adventssonndeger am 6. Joerhonnert op véier festgeluecht, virdru waren et der jee no Géigend véier bis sechs. Zu deem Zäitpunkt a bis zum 20. Joerhonnert (an der orthodoxer Kierch och nach haut) war den Advent, wéi d'Faaschtenzäit virun Ouschteren, eng Preparatiounszäit, wärend där gefaascht gouf. Chrëschtdag gouf da vum 25. Dezember bis de 6. Januar gefeiert.

An der haiteger Zäit ass et éischter sou wéi wann an der Gesellschaft Chrëschtdag géif wärend dem Advent (an deelweis souguer schonn virdrun) virgefeiert ginn (Chrëschtmäert a Chrëschtfeiere gi wärend dem Advent ofgehalen), wougéint spéitstens nom 26. Dezember déi meescht Spuere vu Chrëschtdag ganz séier verschwannen.

Bräich[änneren | Quelltext änneren]

En Adventskranz
  • En Adventskranz ass e Kranz op deem 4 Käerze stinn. Jiddwer Adventssonndeg gëtt eng Käerz méi ugefaangen.
  • En Adventskalenner ass en Ensembel vu 24 zouenen an numeréierten Unitéiten (Titercher, kleng Päck oder einfach kartons Dieren iwwer engem zweete Karton). All Dag tëscht dem 1. an dem 24. Dezember gëtt déi Unitéit mat der entspriechender Nummer opgemaach an et gesäit een dat wat hannedrunner verstoppt war, (Bild, Stéck Schokola, klenge Kado etc.).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Advent – Biller, Videoen oder Audiodateien