Léiffrawëschdag

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Liturgescht Joer

Léiffrawëschdag, Maria Himmelfaart oder Mariä Himmelfaart (Assumptio Mariae op Latäin ass e kathoulesche Feierdag, deen de 15. August gefeiert gëtt.

Et ass e gesetzleche Feierdag zu Lëtzebuerg, a gëtt och nach Léiffrakrautdag, Krautwëschdag, Muttergottesdag oder an der Ëmgangssprooch Maria klamm op genannt. Gefeiert gëtt op dësem Dag, datt d'Maria, dem Jesus seng Mamm, an den Himmel opgeholl gouf.

Traditionell gëtt deen Dag zu Lëtzebuerg de Krautwësch geseent, e Bëndel vun zesummegebonne Kraider a Friichten, och einfach Wësch genannt. Vun dëser Traditioun staamt dann och den Numm Léiffrawëschdag fir Mariä Himmelfaart.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Leiffrawëschdag, respektiv Mariä Himmelfaart gëtt zënter dem Joer 582 gefeiert. Mariä Himmelfaart ass am 6. Joerhonnert als Fest vun der Entschlofe vu Maria (Dormitio, lat.: Entschlofen) bzw. dem Doud vu Maria gefeiert ginn. Enn 6. Jorhonnert huet den ostréimesche Keeser Mauritius d'Fest vum 18. Januar op de 15. August verluecht. Vum 7. bis zum 16. Joerhonnert ass um Fest vun der Assumptio Mariae de Poopst, begleet vum Senat an dem Vollek, an enger feierlecher Prëssessioun vun der Kierch San Giovanni in Laterano bis an d'Kierch Santa Maria Maggiore gaangen. Heibäi ass eng Litanei zu Éieren vun der Muttergottes gebiet ginn.

Am Frankräich erënnert déi feierlech Prëssessioun vun der Assomption de la Bienheureuse Vierge Marie un d’Weih aus dem Joer 1638 vum Kinnek Louis XIII., senger Famill a sengem Kinnekräich un d'Muttergottes.

Nodeems Maria 1678 zur Schutzpatréinerin vum Lëtzebuerger Land erwielt ginn ass, gouf d’Kraiderseenung mat der Muttergottesprëssesioun verbonnen. Haut gëtt déi traditionell Kraiderseenung awer nëmmen nach a wéinegen Deeler vu Lëtzebuerg duerchgefouert.

Am Joer 1950 gëtt déi läiflech Opnahm vu Maria an den Himmel duerch d’Verkënnegung vum Poopst Pius XII. zum Dogma[1].

D'Konstitution erkläert d'Dogma esou:

"Mir verkënnegen, erklären an definéieren et als ee vu Gott geoffenbaarte Glawenssaz, datt sënnefräi Gottesmamm, déi ëmmer reng Jongfra Maria, no der Vollendung vun hirem ierdesche Liewen mat Läif a Séil an déi himmlesch Herrlechkeet opgeholl gouf."

Liturgie[änneren | Quelltext änneren]

Mam Fest vu Mariä Himmelfaart fänken an der kathoulescher Kierch déi sougenannt Fraendrësseger“ un. Dat sinn 30 Deeg, also vum 15. August bis den 8. September, d'Fest vun der Gebuert vu Maria, wou d’Maria besonnesch geéiert gëtt. Während dëser Zäit gi Planzen, déi an dësem Zäitraum bléien, besonnesch Heelkräften zougesprach.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Léiffrawëschdag – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]