Stiefesdag

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Christianity Symbol.png Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den hellege Stephanus

Stiefesdag heescht den Dag no Chrëschtdag, also de 26. Dezember. Den Numm kënnt vum hellege Stephanus ((fr) St Étienne), dem säi Martyrium (cf. Apg 7,58-60) op dësem Dag gefeiert gëtt.

Obschonn dësen Dag mam „zweete Chrëschtdag“ zesummefält, sinn d'Originne vun der Feierlechkeeten net déiselwecht. D'Traditioun vum zweete Chrëschtdag kënnt warscheinlech dovun, datt d'Chrëschtdeeg bis zum 20. Joerhonnert iwwer zwielef Deeg (Christmastides), vum 25. Dezember bis de 6. Januar gefeiert goufen.

Feierdag[änneren | Quelltext änneren]

Den 26. Dezember ass zanter 1892 e gesetzleche Feierdag zu Lëtzebuerg[1].

Den Dag no Chrëschtdag (26. Dezember), gëtt och gefeiert an ass ee Feierdag a folgenden europäesche Länner: Bulgarien, Dänemark, Däitschland, Éisträich, England, Estland, Finnland, Griicheland, Irland, Island, Italien, Kroatien, Lettland, Liechtenstein, Litauen, Holland, Norwegen, Polen, Rumänien, Schweden, an der Slowakei, Tschechien, Ungarn an an Zypern.

A Spuenien gëllt de Feierdag nëmmen a Katalounien an op de Balearen, a Frankräich nëmmen an de Departementer Bas-Rhin, Haut-Rhin a Moselle, an der Belsch an an der Schwäiz, nëmmen a verschiddenen Deeler. An den europäesche Länner ass et kee gesetzleche Feierdag.

Am Vereenegte Kinnekräich heescht de Feierdag (en) Boxing Day (vum Wuert "Box", enger Këscht, als Referenz dorop, datt d'Patronen hirem Personal fir Chrëschtdag e Cadeau offréiert hunn). An Holland, heescht d'Fest (nl)Tweede kerstag (Zweete Chrëschtdag), an Däitschland (de)Zweiter Weihnachtsfeiertag, an Italien (it) Santo Stefano, an Irland (gl) Lá Fhéile Stiofán o Lá an Dreoilín.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stiefesdag – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 16 février 1892 déclarant jours fériés légaux les lundis de Pâques et de Pentecôte et le lendemain de Noël op legilux.lu, gekuckt den 9. Januar 2019. D'Gesetz schwätz vun "lendemain de Noël", net vun St Étienne!