Op den Inhalt sprangen

Rumänien

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
România

Rumänesche Fändel

Rumänescht Wopen

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Rumänesch
Haaptstad: Bukarest
Staatsform: Republik
  President: Nicușor Dan
  Premierminister: Ilie Bolojan
Fläch: 238 391[1] km²
Bevëlkerung: 19.053.815 (2022)
  Bevëlkerungsdicht: 84/km²
Onofhängegkeet: 9. Mee 1877
Nationalfeierdag: 1. Dezember
Nationalhymn: Deşteaptă-te, române!
Lauschteren
Wärung: Leu (RON)
Zäitzon: UTC +2 (+3 am Summer)
Internet TLD: .ro
Internationalen
Telefonsprefix
:
+40

Rumänien (rumänesch: România) ass eng Republik am südëstlechen Europa, am Nordoste vun der Balkanhallefinsel. Rumänie grenzt am Norden un d'Ukrain, am Osten u Moldawien, am Südosten un d'Schwaarzt Mier, am Süden u Bulgarien, am Südwesten u Serbien an am Westen un Ungarn. D'Donau mécht am Süden eng natierlech Grenz mat Bulgarien a Serbien.

D'Haaptstad an anengems och déi gréisst Stad vum Land ass Bukarest.
Sibiu (dt. Hermannstadt), a Siwebiergen, wou zanter dem Mëttelalter och eng däitschsproocheg Minoritéit mat deelweis lëtzebuergesche Wuerzele lieft, war 2007 zesumme mat der Groussregioun Lëtzebuerg Kulturhaaptstad vun Europa.

Rumänien ass den 29. Mäerz 2004 der NATO bäigetrueden a gouf den 1. Januar 2007 Member vun der Europäescher Unioun. Den 1. Januar 2025 gouf Rumänie vollstännege Member vum Schengen-Raum, vum 31. Mäerz 2024 bis den 31. Dezember 2024 war et nëmmen am Schëffs- a Fluchverkéier.[2][3]

 Commons: Rumänien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. UNO 2004
  2. (lb) No 13 Joer Waardezäit: Rumänien a Bulgarien sinn offiziell Deel vum Schengen-Raum. www.rtl.lu. Gekuckt den 22.07.2025.
  3. (lb) Vum 31. Mäerz 2024 un: Bulgarien a Rumänien ginn zum Deel Member vum Schengenraum. www.rtl.lu. Gekuckt den 22.07.2025.