Klaus Iohannis
Ausgesinn
| Klaus Iohannis | |
|---|---|
|
| |
| Funktioun | |
|
5. President vu Rumänien | |
| 21. Dezember 2014 - 12. Februar 2025 | |
| Virgänger | Traian Băsescu |
| Nofollger |
Ilie Bolojan (kommissaresch) Nicușor Dan |
| Partei |
Partidul Național Liberal, Onofhängeg |
| Biographie | |
| Gebuer |
13. Juni 1959 Sibiu |
| Alter | 67 Joer |
| Nationalitéit | Rumänien |
| Educatioun | Babeș-Bolyai-Universitéit Cluj |
| Aktivitéit | Enseignant, Politiker, Schoulinspekter, Staatsmann, Schrëftsteller |
| Gielercher | Verdienstkreuz 1. Klasse, Stär vu Rumänien, Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg, Officier vum Ordre de la Couronne, Karlspräis, Verdienstkreuz am Bande des Verdienstordens der Bundesrepublik Deutschland, Nassaueschen Hausuerde vum Gëllene Léiw, Wäissen Aadleruerden |
| Bestuet mat | Carmen Johannis (1989–) |
|
| |
De Klaus Werner Iohannis (op Däitsch Johannis geschriwwen), gebuer den 13. Juni 1959 zu Sibiu, ass e rumänesche Politiker. Hie war vun Dezember 2014 bis Februar 2025 President vu Rumänien.
De Klaus Iohannis kënnt aus der däitschsproocheger Minoritéit vu Rumänien a war vun 2000 bis 2014 Buergermeeschter vu senger Heemechtsstad Sibiu (Hermannstadt). Den 28. Juni 2014 gouf hie President vun der Nationalliberaler Partei (PNL) an huet fir d'Presidentschaftswale kandidéiert, déi en am zweeten Tour géint de Premierminister Victor Ponta gewonnen huet. Fënnef Joer drop gouf hien de 24. November 2019, am zweeten Tour, erëmgewielt.
Hien ass Physiker vu Formatioun an huet eng Zäitchen enseignéiert, ier e Schoulinspekter gouf.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Großes Silbernes Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich[1].
Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Pas cu pas Curtea Veche, Bukarest 2014, ISBN 978-606-588-756-5.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Klaus Iohannis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
