Victor Ponta

Vu Wikipedia
Victor Ponta
Gebuer 20. September 1972
Bukarest
Nationalitéit Rumänien
Educatioun Universitéit vu Bukarest
Aktivitéit Politiker, Affekot, Procureur

De Victor Viorel Ponta, gebuer den 20. September 1972 zu Bukarest, ass e rumänesche Politiker. Hie war vun 2010 bis 2015 President vun der Sozialdemokratescher Partei (PSD) a war vu Mee 2012 bis de 4. November 2015 Premierminister.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Victor Ponta huet en Droitsdiplom vun der Universitéit Bukarest. 1995 gouf hie Procureur d'Etat an 1998 gouf hie Riichter an der Anti-Korruptiounssektioun vum Kassatiounsgeriicht. De Premierminister Adrian Năstase huet hien 2001 zum Chef vum Antikorruptiounsdepartement vun der Regierung ernannt. 2004 gouf hien am Năstase senger Regierung Delegéierte Minister fir international Finanzhëllef an d'Ëmsetze vum Europäesche Recht. 2004 an 2008 gouf hien an d'rumänescht Parlament gewielt.

2010 gouf de Ponta zum President vun der PSD gewielt. Hien huet doropshin eng Walallianz tëscht PSD, der Nationaler Liberaler Partei (PNL) an der Konservativer Partei (PC) op d'Bee gesat, mam Numm Sozial-Liberal Unioun (USL).

De 27. Abrëll 2012 gouf d'mëtt-riets Regierung vum Mihai Răzvan Ungureanu duerch e Mësstrauensvote gestierzt, an de Ponta gouf de 7. Mee Premierminster vun enger neier Regierung.

2012 koum et zu Uschëllegungen, datt de Ponta bei senger Dokteraarbecht, déi en 2003 ënner dem Nastase als Dokterpapp geschriwwen hat, e Plagiat gemaach hätt. Zanter senger Ernennung zum Premierminister läit hien a staarker Oppositioun zum President Traian Băsescu; hien huet ë. a. eng ganz Rëtsch Leit op héije Posten, déi dem Băsescu nostinn, ersat a probéiert, de Băsescu selwer duerch e Vote am Parlament an duerno e Referendum ofzesetzen. Wéinst ze niddreger Bedeelegung beim Referendum blouf deen awer a sengem Amt.

Bei de Parlamentswale vum 9. Dezember 2012 huet d'USL d'Majoritéit kritt, an de Victor Ponta gouf op en Neits zum Premierminister ernannt.

De 4. November 2015 ass hie mat senger Regierung zeréckgetrueden, dat no staarke Protester géint d'allgemeng Korruptioun am Land, déi et erméiglecht hat, datt bei de Sécherheetsbestëmmunge vun enger Discothéik "en A zougedréckt" gi war, an ë. a. dowéinst de Bilan bei engem Feier, Enn Oktober 2015, sou héich ausgefall war (op d'mannst 32 Leit waren dobäi ëm d'Liewe komm).

Säin Amt als Parteipresident hat hie schonn am Juli 2015 ofgeluecht, nodeems de Parquet eng Enquête géint hien a seng Partei wéinst Steierhannerzéiung a Geldwäsch opgemaach hat.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Victor Ponta – Biller, Videoen oder Audiodateien