Dacian Cioloș

Vu Wikipedia
Dacian Cioloș
Gebuer 27. Juli 1969
Nationalitéit Rumänien
Aktivitéit Ingenieur, Politiker, Agronom
Partei Onofhängeg

Den Dacian Cioloș [ˈt͡ʃjoloʃ], gebuer de 27. Juli 1969 zu Zalău, ass e rumäneschen Agraringenieur a Politiker (zanter 2018: PLUS).

2005 goung hien an de rumänesche Ministère fir Landwirtschaft, Bëscher a ländlech Entwécklung schaffen. Vun Oktober 2007 bis Dezember 2008 war hie Landwirtschaftsminister an der Regierung Tăriceanu II.

Vun 2010 bis 2014 war hien an der Europäescher Kommissioun ënnert dem José Manuel Barroso responsabel fir den Dossier Landwirtschaft a ländlech Entwécklung. De 17. November 2015 gouf hien, nom Récktrëtt vum Victor Ponta, vum rumänesche Parlament zum neie Ministerpresident vu Rumänien gewielt.[1] Am Januar 2017 gouf de Sorin Grindeanu säin Nofollger.

Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament 2019 gouf hien op der Lëscht vun der vun him nei gegrënnter Partei PLUS, där hire President hien ass, als Europadeputéierte gewielt. Zanter Juni 2019 ass hie President vun der Fraktioun Renew Europe am Europaparlament.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dacian Cioloş – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Neuer Regierungschef in Rumänien - Ex-EU-Kommissar Ciolos zum Ministerpräsidenten gewählt." spiegel.de, 17. November 2015.