Europäesch Kommissioun

Vu Wikipedia
D'Berlaymonts-Gebai zu Bréissel, Sëtz vun der Europäescher Kommissioun

D'Europäesch Kommissioun, dacks kuerz EU-Kommissioun, ass d'Exekutivorgan ënner den Europäeschen Institutiounen.

Hir 4 Haaptfunktiounen[änneren | Quelltext änneren]

Se huet eng véierfach Roll: Fir d'éischt emol ass et si, déi europäesch Rechtsvirschrëften, (déi sougenannt Reglementer an Direktiven) ausschafft an dem Europäesche Parlament a Conseil virleet, datt déi sollen driwwer ofstëmmen. Dëst nennt een Initiativrecht. D'Europäesch Traitéë leeë fest, a wat fir Beräicher d'Kommissioun iwwerhaapt Virschléi maache kann: Dës si virun allem Transport, Industrie, Soziales, Landwirtschaft, Ëmwelt, Energie, Regionalentwecklung, Handel an Entwécklungshëllef. Dem Subsidiaritéitsprinzip no, kann d'Kommissioun nëmmen dann nei Initiative proposéieren, wann déi um Niveau vun der EU méi effizient sinn, wéi wa se géifen op nationalem, regionalem oder lokalem Plang organiséiert ginn.

Dann ass se dofir verantwortlech, datt déi sëllegen EU-Aktivitéiten ausgefouert ginn, a s'iwwerwaacht d'Gestioun vum EU-Budget. A verschiddene Beräicher, wéi z. B. der Konkurrenz, hunn d'Memberstaate si zu enger Zort Arbitter gemaach: si ka Strofe bei Karteller verhänken, Fusiounen oder staatlech Hëllefen un Entreprisë verbidden.

Schliisslech passt s'op, datt d'Europäesch Traitéen a Rechtsvirschrëften agehale ginn. Dat gëtt hir d'Méiglechkeet, eng Plainte géint e Memberstaat virum Europäesche Geriichtshaff ze maachen, wann dee sech net un déi Reegelen, déi e mat vereinbart huet, hält.

Och vertrëtt d'Kommissioun, virun allem am Beräich Handel an Zesummenaarbecht, op weltwäitem Plang d'EU an hir Memberstaaten, an handelt an hirem Numm international Accorden aus.

Zesummesetzung an Aarbechtsweis[änneren | Quelltext änneren]

D'fréiert Jean-Monnet-Gebai um Kierchbierg
Dat neit Jean-Monnet-2-Gebai am Bau (2023).

D'Europäesch Kommissioun besteet zanter dem Brexit aus 27 Memberen, 1 pro EU-Memberstaat. Dat nennt een heiansdo och de Collège vun der Kommissioun. Si hëlt hir Decisioune mat enger Majoritéit vun hire Memberen (et mussen der deemno op d'mannst 13 (vun 2007 un: 14) zoustëmmen).

Ënnerstëtzt an hirer Aarbecht ginn dës Fraen a Männer vun enger 35.000 Beamten an Employéen. Dat kléngt no vill, 't sinn der awer net méi wéi bei enger mëttelgrousser Stad. Déi meescht Mataarbechter schaffen zu Bréissel, eng 2.000 zu Lëtzebuerg. Hiren offizielle Sëtz huet si zu Bréissel am Berlaymont, engem X-fërmege Gebai um Rond-point Schuman. Do donieft sinn hir Administratiounen an enger 60 Gebaier uechtert Bréissel verdeelt. Zu Lëtzebuerg sinn et eng hallef Dose Gebaier, um Kierchbierg, op der Gare an op der Cloche d'or, wou d'Bureaue vun de Kommissiounsservicer ënnerbruecht sinn. Vun 2024 un (ursprénglech geplangt fir 2022) sollen déi gréisstendeels op enger eenzeger Plaz, am neie Jean-Monnet-2-Gebai um Kierchbierg zesummegeluecht ginn, dat aus engem Tuerm vun 23 Stäck an engem längelzege mat hirer siwe bestoe soll.[1],[2]

De Kommissiounspresident gëtt vun de Regierunge vun de Memberstaaten ausgesicht a muss vum Europäesche Parlament confirméiert ginn. Déi aner Kommissiounsmembere gi vun hirem Land, am Averständnes mam President, ernannt, a mussen och eng Majoritéit vun den Deputéierten iwwerzeege kënnen. D'Kommissioun gëtt op 5 Joer nominéiert, mä se kann duerch e Mësstrauensvote vum Parlament fréizäiteg heemgeschéckt ginn. De President fir säin Deel huet d'Recht, eenzel Memberen z'entloossen, wann hien et fir néideg fënnt.

D'Kommissioun ass onofhängeg vun de Regierunge vun de Memberstaaten an däerf eleng am Intressi vun der EU als Ganzes handelen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kommissäre vun der Europäescher Kommissioun – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Projet 'Jean Monnet 2' gouf virgestallt." rtl.lu, 28.10.2016, 09:00:53.
  2. "526,3 millions d'euros pour le Jean Monnet 2." paperjam.lu, 27 Octobre 2016 15:22.